fbpx

Rezept: Apel Rum mam neie Rosport mat

Mäin zweet Rezept dat ech mam neien Rosport mat Grapefruit – dem neien Goût aus der Rosport mat Gamme – ass een Apel-Rum Cocktail.

Dëse bekannte Cocktail gëtt duerch de Rosport mat Grapefruit zum idealen erfrëschende Summercocktail!

Dëse méi intensiven a séisse Cocktail drénkt sech gären als Absacker op engem waarme Summerowend um Balcon oder der Terrasse. Duerch den Äppeljus ass de Cocktail relativ séiss, mee duerch de Rosport Mat gëtt en sprëtzeg, frësch a manner séiss, well de Rosport mat Grapefruit selwer guer keen Zocker mat sech bréngt.

Fir 1 Drink:

  • 1 EL brongen Zocker / Alternative: 1 EL Zockersirop
  • Puer Peffermënzblieder (6-8)
  • 150ml “Rosport mat: Grapefruit”
  • 200ml Äppeljus, naturtrüb
  • Optional: 3cl (brongen) Rum
  1. Den Zocker zesumme mat de Peffermënzblieder an e grousst (a stabilt) Glas ginn a gutt zerdrécken, bis dass den Zocker sech opgeléist huet an een de Peffermënz riche kann.
  2. Äiswierfel oder Crushed Ice, Rum (optional) a “Rosport mat” derbäi ginn.
  3. Puer Peffermënzblieder als Deko a fäerdeg ass de Cocktail.

Egal wéi eng Auerzäit, mat der Rosport mat Gamme (Zitroun, Limette, Menthe a säit 3 Wochen elo Grapefruit) ass et dëse Summer weiderhin ganz einfach sech gesond ze erfrëschen an dat eent oder anert Cocktail Rezept auszetesten! Vill Spaass dobäi! 😃

Tags:
Christian C.

Christian C.

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.