fbpx

Fotogalerie: Fréijoersblummen

Bonjour Dir léif Lieser,

An deene leschte Woche waren déi offiziell Consignë jo ganz kloer: ‘Bleif doheem’ huet et geheescht. Dobäi, hate mir als Lëtzebuerger jo nach déi immens grouss Chance, fir däerfen eraus an d’ Natur ze goen. A Spuenien beispillsweis hunn d’Awunner missen an hirem klenge Studio bleiwen..an a Frankräich konnt ee just 100m wäit trëppele goen, wann een dann e Mupp hat, fir auszeféieren.

Esou ass et dann och gewiescht, dass ech all Dag eraus gaange sinn.

Op mengem Spadséierwee hunn ech déi schéinste Blumme begéint an hunn hir Evolutioun elo am Fréijoer aus der éischter Rei kënnen nokucken. Ufanks hunn ech den Ubléck vun de schéine Bléie vun den Uebstbeem genoss, duerno de Flieder an de Faarwen donkelmauve hellmauve a wäiss! Iwweral louch ee wonnerbare Geroch an der Loft…einfach nëmmen herrlech! Dat Ganzt mat quasi all Dag der Sonn um Rendez-vous. Wat fir eng Chance duecht ech mir an hunn dofir och oft déi Schéinheet fotographesch festgehal, fir se an Zukunft nach heinsdo kënnen ze bewonneren. Ech sinn och oft an de Bësch trëppele gaangen. Et huet een all Dag vill Leit gesinn, déi och mat de Kanner dohinn gaang sinn… Déi hunn jo net däerfen op eng Spillplaz, well déi mat engem roud-wäisse Bändchen ofgespaart waren. An dann ass een och ville Velosfuerer begéint.

Duerch meng Spadséiergäng krut ech och immens Loscht, Blummen op meng Terrasse ze stellen. Gutt, dass eise lokalenGäertner een Opruff lancéiert hat an et ugebueden huet, fir eng Commande per Telefon kënnen eranzeginn an si och esou ze bezuelen. Duerno konnt een d’Commande, zu enger festgeluechter Zäit, virun seng Entrée ofhuele goen. Och de Blummebuedem konnt een direkt matbestellen. Esou hunn ech meng bestallte Penséeen (Veilerecher), déi jidderee kennt an e puer Jardinièrë verdeelt an op eis Terrasse gesat. Ech war immens frou. E bëssche Gléck sous Forme vun e puer Blummen. Super.

Ech hoffen meng Andréck hunn Iech gefall! ☺️ Ech wënschen Iech weiderhin Courage, dass mir alles zesumme packen. An ech verspriechen Iech, nach weiderhin vill flott Fotoen ze posten.

P.S. Hunn och wärend dëser Zäit e puer flott a lëschteg Videoe realiséiert. Dir fannt se hei op mengem Youtube Kanal. 

Tags:
Sylvie

Sylvie

Mäin Numm ass Sylvie Collignon-Mathieu, ech si 56 Joer al a wunnen am Süde vum Land. Als Lëtzebuerger Artistin an Autorin vu Kannerbicher sinn ech u villem interesséiert. Zu mengen Hobbye gehéiert alles, wat mat Kreativitéit zesummenhänkt: Molerei, Bicher gestalten, Kachen, Sport & och d'Natur. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.