fbpx

Endlech erëm: Tennis spillen 

Meng Trainer zu Reims sinn säit dem Ufank vun dem Coronavirus am Gaang Léisungen ze sichen, fir dass ech an och déi aner Tennisspillerinnen erëm kennen normal trainéieren. Den 11. Mee, war et dunn (endlech erëm) esou wäit: Mir kruten d’Erlabnis erëm Bäll ze schloen wéi zu Lëtzebuerg an an Frankräich offiziell erlaabt gouf erëm Tennis ze spillen.

Meng éischt Prioritéit war natierlech op Reims ze goen, mee mäin Club zu Lëtzebuerg, den Tennis Spora an natierlech och déi lëtzebuergesch Tennisfederatioun hunn mir hier Terrainen zur Verfügung gestallt.

Ech konnt dunn Méindes, den 11. Mee, erëm déi éischte Kéiert iwwert Grenz op Reims fueren fir do ze trainéieren. Mir waren dorops virbereet fir op der Grenz ze erklären wouhi mer fueren, mee mir goufen net kontrolléiert esou, dass mir ouni weider Problemer hunn kënnen duerchfueren.

An mengem Artikel vun haut erzielen ech Iech wéi mäin Alldag zanter dem 11. Mee ausgesäit an ech hunn mer geduecht ech deelen mäin Artikel an verschidden Beräicher op! 🙂

Medezineschen Encadrement:

Deen Méindeg selwer hunn mir nach net trainéiert. Mir haten als éischt eng Reunioun mat den Trainer di eis erkläert hunn, wéi di nächst Woche géifen oflafen. Dono hat all Meedchen, a Begleedung vu sengem Trainer, ee Rendez-vous mat eisem Sportsdokter. Mat him si mer all Klengegkeet duerchgaangen di wärend deenen 2 Méint virgefall ass. Dono huet hien och nach kontrolléiert op mir kapabel sinn erëm Sport ze maachen.

Fir weider kënne sécher ze sinn, dass mir gesond sinn, huele mir all Moien eise Bols an eis Temperatur a schécken him d’Resultater. Ech hunn och eng Echographie vum Häerz gemaach, fir sécher ze goen, dass de Virus keng laangfristeg Schued ugeriicht huet. (An mengem leschten Artikel hunn ech Iech jo erzielt, dass ech de COVID19 hat.) Eisen Dokter kennt och reegelméisseg eisen Training kucken, fir ze kucke wéi eise Kierper reagéiert wann en am Asaz ass. Vun medezinescher Säit aus, si mir also top encadréiert.

Hotel:

Zu Reims schlofen ech säitdeem an engem Hotel bis d’Internat erëm opgeet (aktuell fir den 2. Juni geplangt). Den Hotel krut eng extra Erlabnis op ze sinn a mir mussen eis och hei u bestëmmte Reegelen halen. De Kaffi kréie mir Moies an d‘Zëmmer bruecht a fir di aner Moolzechte bestelle mir oder mir ginn akafen. Mir hunn all Eenzelzëmmer an déi och just mir ran dierfen. Well och keng Botzfra an eisen Zëmmer erlaabt ass, musse mir reegelméisseg d’Zëmmere wiesselen. Am Hotel si mir also och gutt opgehuewen.

Training:

Och am Ëmgang mat eisen Trainer gëllt et Reegelen anzehalen. Wann mir bei eisen Trainer op manner wéi 2 Meter Distanz sinn, musse mir Masken undoen a reegelméisseg eis Hänn desinfizéieren.

Um Terrainen dierfe mir als Spillerinne keng Bäll upaken, dat duerfe just eis Trainer. Fir de Service, huet all Meedchen 8 Bäll a sengem Tenniskuerf, déi och erëm just dat Meedchen dierf upaken.

Wat den Tennis ugeet, hunn mir lues a lues erëm ugefaangen. Um Ufank hunn mir net méi wéi 1h30 gespillt an hate just een Training den Dag. Lues a lues hunn mir ugefaangen erëm zwee Trainingen den Dag ze maachen, do war dann och erëm Fitness dobäi.

An den éischten Trainingen hunn mir näischt Ustrengendes gemaach, mee sinn all déi einfach Saachen duerchgaangen, fir lues a lues erëm ran ze kommen. Mir trainéiere momentan all Dag e bësse méi, ouni un eis Grenzen ze goen. Mir loossen eis Zäit progressiv an der Intensitéit erëm méi héich ze goen, well mir souwisou fréistens am August erëm Matcher spillen.

Hei gesitt Dir och wéi ech bei mengem Dokter war, well ech mäin Fouss e bëssen wéi hunn an net voll trainéieren konnt. Gottseidank sot hien awer, dass et näischt Schlëmmes ass an ech geschwënn rëm normal trainéieren kann.

Schoul:

Wat d’Schoul ugeet, sinn ech ganz fäerdeg mat mengem Joer, a ka mech elo also 100% op den Tennis konzentréieren.

Natierlech ass alles eng ganz nei Situatioun, déi fir jiddereen Ufanks ongewinnt war. Ech sinn allerdéngs frou erëm kënnen ze trainéieren, an wat méi Zäit vergeet, wat een sech méi un déi nei Reegele gewinnt. 🙂

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.