fbpx

Rezept: Semi-naked Cake mat Friichten

Dëse Kuch ass net nëmme summerlech, mee léist sech och wonnerbar a mat wéineg Opwand zu engem Gebuertsdagskuch ëmfonctionéieren.

Fir de Biscuitsdeeg brauch een:

  • 6 Eeër
  • 150 gr Zocker
  • 1 Prise Salz
  • ½ TL Vanillsextrakt (oder en aneren Aroma)
  • 100 gr Miel
  • 50 gr Speisestärke

 

Zoubereedung:

D’Eeër (am beschte sollen se Zëmmertemperatur hunn) mam Zocker, Salz a Vanill mat der Kichemaschinn oder mam Mixer wärend 15 bis 20 Minutte cremeg schloen.

Dono de Recht Zutaten siften a matenee vermëschen.

Dat ganzt da lues, no an no ënnert déi cremeg Eeër-Zocker-Mëschung hiewen. Zum Schluss alles op 2 Forme vun 18 bis 20 cm verdeelen. Falls een nëmmen eng Form huet, kann een se och einfach no enee maachen.

Tipp: am beschten de Rand vun der Form net afetten, fir dat den Deeg besser opgoe kann. Op de Buedem vun der Form kann een als Alternativ zum Fett, och einfach Bakpabeier leeën.

Bakzäit: ca 20 Minutten (bei 2 Forme vun 18 bis 20cm)

Baktemperatur: 200°C “Ober- und Unterhitze” (de Kuch an den ënneschten Drëttel setzen an eréischt, wann de Schäffchen Temperatur erreecht huet)

Fir d’Crème brauch een:

  • 90 gr Zocker
  • 6 Packunge Sahnesteif
  • Vanill (oder en aneren Aroma)
  • 600 ml Ram
  • 300 gr Mascarpone
  • 200 gr Frischkäse

 

Zoubereedung:

Sahnesteif, Zocker an de Vanillsaroma matenee vermëschen.

D’Mascarpone réieren an e gudde Schotz vun der Ram dobäi schëdden. Dono de Recht Ram, ënnert stännegem réieren, dobäi schëdden.

D’Mëschung steif schloen an dann de Mix aus Sahnesteif, Zocker an Aroma lues dra schëdden. Dono dann nach de Frischkäse kuerz ënnerréieren.

Tipp: am beschte léist d’Crème sech verschaffe wann d’Ram an de Mascarpone kal sinn.

D’Crème sollt direkt fest sinn. Sollt dat net de Fall sinn, da kann een se kuerz an de Frigo stellen, respektiv nach a bësse Sahnesteif dobäi mëschen.

D’Crème geet duer fir ee Kuch vun 20cm, 3 mol gutt ze fëllen a fir Crème ronderëm de Kuch ze maachen.

Fir den Effekt vum Semi-naked Cake ze kréien, soll een de Kuch baussen eng kéier mat enger dënner Schicht Crème andecken, an se dann nees zum Deel erofhuelen.

Tipp: Am beschte léist sech d’Crème mat engem Spritzbeutel opdroen. Falls ee keen huet, kann een als Alternativ och e grousst Messer huelen.

Nodeems de Kuch komplett ofgekillt ass, musse béid Kuchen an zwee gedeelt ginn.

Tipp: relativ gutt geet dat och mat engem Zwier, respektiv mat engem laange Messer.

Op all Schicht Kuch kennt dono eng gutt Schicht Crème wou een dann nach Uebst, wéi z.B. Molbier, Hammbier, Schwaarzbier oder Äerdbier kann dran drécken.

Et geet natierlech och mat aner Zorten Uebst, se mussen nom wäschen, just gutt ofgedréchent ginn.

De Kuch uewen drop dann nach mat Friichten dekoréieren. Als Alternativ kann een eben och e Gebuertsdagskuch draus maachen.

De Schockela (wéi op der Foto hei ënnen) kann een och ganz einfach selwer maachen. Fir d’Zuele kann een z.B. eng Schabloun mat der richteger Gréisst vum Computer printen an déi op enger Ënnerlag befestegen. Dono Bakpabeier driwwer maachen a befestegen, fir dat ganzt net verrutscht.

Kuvertür Schokela am Bain-marie schmëlzen, an de Spritzbeutel fëllen an iwwert der Schabloun d’Zuele mat Schockela ausfëllen.

Dono dat ganzt an de Frigo stellen domat et komplett fest ka ginn.

Tipp: D’Ënnerlag (z.B. e Brietchen) kann ee schonn am Viraus an de Frigo leeën, dann ass et dono méi einfach fir seng gewënschte Formen ze maachen.

Et kann een och nach aner Formen als Schabloun huelen oder einfach ganz kreativ sinn.

Gudden Appetit.
Tags:
Tanja

Tanja

Ech sinn d’Tanja a wunnen am Süde vun eisem klenge Ländchen. Ech reese fir mäin Liewe gär a schonn als klengt Kand war ech zimmlech reesbegeeschtert a war ëmmer frou wann et geheescht huet dass mir an d’Vakanz fueren. Mee virun allem déi lescht Joren huet sech deen Drang d’Welt ze entdecken nach méi staark ausgebreet. Am léifste verreesen ech mam Rucksak, a buchen net méi wei de Vol an déi éischt Nuecht am Hotel. Genau déi Aart ze verreese bedeit awer och sech extrem vill am viraus ze Informéieren, gutt Kenntnisser iwwert dat Land ze hunn an ze wësse wat ee sur place erwaart, vu dass ee kee "rundum Package" huet wou een sech em näischt këmmere muss. Ofgesi vum Reese ginn ech och nach ganz gär trëppelen, respektiv wanderen, virun allem och bei eis an der Géigend, well een net ëmmer weit muss fort goe fir flott Platzen ze entdecken. 2017 hunn ech fir déi éischte kéier bei den 20km vun der Marche internationale de Diekirch deel geholl a probéiere säit deem all Joer deel ze huelen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.