fbpx

Fotosafari duerch d’Stad Lëtzebuerg

Ufanks Mee am Confinement hunn ech decidéiert eng Fotosafari duerch d’Uewerstad ze maachen, well ech mer duecht – esou mat ganz eidele Plazen a Stroossen – wäert dat een historesche Moment ginn. Dës Safari deelen ech haut mat Iech!🙂

Mäin Startpunkt war de Glacis, well ech do am Parkhaus geparkt hunn. Vun hei aus, sinn ech bei dat aalt Postgebai gaangen, (Foto mat der bloer Statue) ier ech d’Passerelle fir Foussgänger a Vëlosfuerer ënnert der Neier Bréck ugeziilt hunn. Aus der Passerell, vis-à-vis vum Casino, konnt ech d’Spuerkeess gutt mat menger Kamera erwëschen. Wieder sinn ech laanscht d’Gëlle Fra bei d’Kathedral gaangen.

Vun der Kathedral aus, sinn ech dunn Place Clairefontaine eropgaangen a krut Statue vun der Grande-Duchesse just ouni Sockel geknipst, well do huet zu deem Moment eng Famill gepicknickt, an si sinn net gereckelt… 😀 Et ware bal déi eenzeg Mënschen, déi ech gesinn hunn. Hei koum mir ee komescht Gefill op well ëmmer erëm si vum Tuerm vun der Kathedral aus, Lidder komm, déi mech un dee Moment vun der Aweiung vun dëser Statue erënnert hunn. Ech ka mech erënneren, wéi ech immens ergraff war, wéi deemools eng Trompette uewen aus enger vun de Fënstere gespillt huet, an d’Stëmm vun der Grande-Duchesse am 2. Weltkrich aus dem Radio un d’Vollek geschwat huet.

Ech hunn mäin Tour awer dunn weidergefouert, ech wollt nach vill entdecken! Vum Staatsministère an de Musée erop bei De Palais a laascht d’Chamber bei de Bock. Ech sinn och d‘Rue de la Loge erofgaange fir de spueneschen Tiermchen net ze verpassen, wou de Roude Léiw drop ass mat der Schrëft « Mir wëlle bleiwe wat mer sinn ».  Weider duerch de Breedewee vu wou aus et mech zeréck bis bei d’Méchelskierch, déi erstaunlecherweis op war, gezunn huet.

Duerno sinn ech weider bis bei den Huelen Zant getrëppelt a si vis-à-vis op den Aussiichtspunkt gaangen, deen iwwert de Kasematte läit a vu wou een eng super Vue op de Gronn huet. Grad an deem Moment flitt eng Int viru meng Kamera. Ech sinn e Stéck zréckgaange – erëm bei d’Méchelskierch, mee des Kéier hunn ech mech op d’Corniche virdru gestallt. D’Vue hei ass einfach immens!! Et gesäit een ënnert anerem d‘Abtei Neumünster, d’Kierch St Jean, Wenceslas Mauer oder t’Rumm an déi flott Bréck ‚Beim Béinchen am Paffendall‘ genannt (Si gesäit e bëssen aus wéi 2 Aen an eng Nues). Dëst ass eng vu menge Liblingsplazen, vu wou aus, ech deemnächst eng Kéier erof an de Gronn ginn a mech op d’Spuere vun der Melusina ginn. Ech kucken, dass ech och da mäin Fotoapparat am Gepäck hunn an Iech all déi wonnerschéin, eventuell méi onbekannte Platzen, virstelle kann. Mäin Tour hunn ech schlussendlech op der Plëss beim Cercle opgehalen.

Ech kann Iech een Tour duerch eis schéi Stad nëmmen uroden. Am Alldag huet een sou oft keng Zäit d’Schéinheet vun der Stad ze wierdegen, et ass ëmsou méi wichteg heiansdo Tourist bei sech doheem ze spillen an alles mat aneren Aen an ouni Stress op sech wierken ze loossen. 🙂

 

Ech hoffe mäin Tour a virun allem meng Fotoe gefalen Iech a ginn Iech Loscht op eng kleng Visitt an der Stad Lëtzebuerg.

Tags:
Viviane

Viviane

Schonn als jonkt Meedche sinn ech gäre gereest, konnt mir dee Kandheetsdram awer eréischt spéider verwierklechen. Ech hat an hunn op menge Reese vill schéi Momenter a weisen déi zënter 3 Joer op mengem Facebook “Viviane’s Logbooklet”. 2007 sinn ech an d'Triathlonszeen komm a sinn zanter 3 Joer weltwäit bei de grousse Coursen dobäi. Aus engem Jux eraus fotograféieren ech zanter 2 Joer Triathleten, Fotoen déi ech och op mäin Blog setzen. Meng Iddi war fir de Leit ze weise wéi et an der Welt ass a wat alles duerch d'Reesen entstoe kann. Ech hat eng grouss a sympathesch Resonanz, déi mir vill Freed gemaach huet, sou dass ech héchstwahrscheinlech domat nach eng Zäit weiderfueren. Ech sinn heimat dann och ëmmer mat jonke Läit vun allen Natiounen zesummen a léiere vill bei. An menger Pensioun ass dat absolut richteg an och eng Erausfuerderung, déi ech genéissen. Et hält mech jonk ëmmer a Beweegung ze sinn an Neies kennen ze léieren. Mäin Dram ass et, 2020 zu Tokyo op der Olympiad dierfe Fotoen ze maachen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.