fbpx

Spueresich: Gespréich mam Max Weber

Am lëschte Joer ass vill geschitt a vill hannerfrot gi wat eis Ëmwelt ugeet. Vun der Télé kréie mir ëmmer nees schrecklech Biller vun Ëmweltzerstéierung gewisen: ob Bëscher déi brennen, ganz Inselen aus Plastik oder Bierger vun Dréck, déi a Länner wäit vun eis ewech wuessen. E jonkt Meedchen huet der Welt d’Aen, wéi Gënzescheeken, opgemaach. Mech huet et zu folgender Fro beweegt: Wéi gréng si mir zu Lëtzebuerg?

Beim Thema “Ëmweltschutz” gi mir perséinlech ganz vill verschidde Gedanken duerch de Kapp: Wéi schlëmm ass et? Kann ech, als eenzel Persoun, oder mir als Famill, eppes bewierken?  Wéi kann ech mech behuelen datt et der Ëmwelt besser geet?

D’Betriber ronderëm eis produzéieren, liwweren, verkafen… Wéi nohalteg schaffen si? Ech froe mech ob et kee Wee gëtt fir zesummen, Konsument a Betriber, eppes ze bewierken.

Op dës a vill weider Froen, probéieren ech an den nächste Méint eng Äntwert ze fannen. Haut starte mir a meng nei Serie, an där ech op Spueresich ginn a verschiddene lëtzebuergeschen Acteuren ob den Zant fillen.

Mäin Startpunkt, passend zu ROSPORT Life, d’Polemik ronderëm d’Plastiksfläschen (PET). De Max Weber, Direkter vun Sources Rosport, huet mech an hire Büroen empfaange wou mir iwwert Waasser an Ëmwelt geschwat hunn.

Rosport ass eng Traditiounsfirma hei zu Lëtzebuerg, an obwuel een op hirer Websäit eng Rei Informatioune fënnt, hunn ech awer mat enger Fro zu der Geschicht ugefaangen. Ech wollt wësse wéi alles viru méi wéi 60 Joer ugefaangen huet.

Direkt bei dësem Punkt ass ugaange mat spannenden Informatiounen. Sou huet de Max Weber erzielt datt Famill Bofferding (jo déi vum Béier) sech wollte besser opstellen a si hunn deemools, an de Mëtt 1950er, den enorm bekannten Hydrogeolog, Michel Lucius, gefrot fir eng gutt spruddeleg Waasserquell ze fannen.

Hien huet sech dunn ob d’Sich gemaach. Et gëtt sech verzielt datt hien zu Rosport, an engem Bistro de wichtegen Tipp kritt huet. Déi Al aus dem Duerf hunn dem Wëssenschaftler vun enger ongeheierer Plaz verzielt, wou et direkt bei den Däiwel geet. Do soll Waasser spruddelen. Am Wanter géif et net zoufréieren an heiansdo wär et Blutt am Waasser. Da wär d ‘Waasser rout.

Beim Här Lucius huet direkt Klick gemaach. Eng spruddeleg Quell mat vill Eisen. Wann dat Eisen aus der Quell oxidéiere da gëtt d’Waasser rout.

Kuerz drop gouf déi Quell dann och fonnt. Et huet nach e puer Joer gedauert bis all Autorisatiounen do waren an d’Fabrick gebaut war. Awer dunn ass et lass gaange mat eisem spruddelege Waasser.

Iwwert déi 60 Joer hunn Sources Rosport sech ëmmer nees erneiert a verbessert. E koumen emol Produite bäi, da sinn der ewech gefall. Sou wësse wuel déi mannst nach datt si an de 1960er och Limonad, de Rosor an de Roscit, gemaach hunn.

Haut ass et en Betrib mat 100% Lëtzebuerger Aktionären, dee vill ob Ëmwelt an Nohaltegkeet setzt. Iwwer béid dës Themen hunn mir am Büro vu Rosport ganz vill geschwat.

De Verantwortleche vu Sources Rosport läit eis Ëmwelt besonnesch um Häerz. Wei ech erkläert krut verzichten si deemno komplett dorop hiert d’Waasser ze exportéieren. Et gëtt ausschliisslech fir de lokale Maart produzéiert wouduerch alleguerten d’Weeër kuerz gehale ginn.

Desweidere schaffen si just mat lokale Fournisseuren, ma dat heescht net onbedéngt aus Lëtzebuerg. Wann hei am Land kee Fournisseur fonnt gëtt, kucken si den noosten ze fannen. Sou zum Beispill den Zouliwwerer fir Verpakungsfolie, Papier-Mettler aus Morbach, wat net wäit hannert der Grenz ass. Dëst ass zum Beispill och eng Firma déi probéiert esou ëmweltfrëndlech wéi méiglech Filmer hierzestellen. Si verzichten deelweis ob Plastik deen aus fossille Ressourcë kennt. Wat et genee mat hirem Produkt op sech huet, ginn ech mir an den nächste Méint genee ukucken.

Och bei de Fläsche passt Sources Rosport enorm ob den Impakt ob Natur op. Esou probéiere si esouvill wéi méiglech an engem zouene Kreeslaf ze schaffen. Bei de Glasfläsche kenne mir de Prinzip scho laang. An och do huet den Här Max Welter mech iwwerrascht. An dat a méi Hisiichten:

  • Och PET-Fläsche sinn an engem Circuit. An engem ganz klenge Circuit.
  • Hiert Glas ass net wäit ënnerwee, vum Client zréck bei Rouspert.
  • Sources Rosport kann de Moment net präzis soe wat eis Ëmwelt manner belaascht: Glas oder PET.

Mee elo mol der Rei no! Fänke mir mam Glas un:

D’Glasfäsche vun de Sources Rosport brauche wéi all Fläsch vill Energie bei der Produktioun. Dat ass emol schonn doduerch datt ganz héich Temperature gebraucht gi fir Glas hierzestellen.  Avantage géigeniwwer der PET Fläsch: eng Glasfläsch kann 30-40 mol erëm benotzt ginn. Wéi dat ofleeft, hat ech gemengt ze wëssen. Awer dat funktionéiert net genee esou wéi ech mir dat virgestallt hunn. Mir ginn d‘Fläsch am Buttek zeréck a mir kréien dofir e puer Su zeréck. Da geet déi Fläsch bei, an eisem Fall, Rosport zeréck, a si wäschen se a fëllen se. Dat ass jo einfach. A bei deene kuerze Weeër (Rappel: Rosport exportéiert net) ass dëst och net enorm belaaschtend fir eis Ëmwelt.

Elo maacht emol dat selwecht Gedankenexperiment mat engem Waasser aus dem Ausland… Do kommen direkt e puer honnert, wann net iwwert dausend Kilometer dobäi. An déi Fläsche ginn oft dann nach an engem Zentrallager gesammelt ier se nees zeréckgeschéckt ginn. Soe mir emol, déi Fläsch gëtt eng 500 Kilometer vun hei gefëllt a gëtt bei Bréissel gesammelt, da fiert eleng déi Fläsch an hirem Fläscheliewen (40x (Liewenzyklus) 2x (Aller, Retour), 500 km + 200 km) ëm 50.000km.

Bei der PET-Fläsch gesäit et ganz anescht aus. Déi verbraucht manner Energie bei der Produktioun an se gëtt zu Lëtzebuerg, iwwert Valorlux, recycléiert. Iwwerdeems ginn aus ale Fläschen neier gemaach. Wou? Och zu Lëtzebuerg. D’Firma Plastipak vu Bascharage produzéiert nei Fläschen aus de gesammelten Offäll. Fir Rosport PET Fläsche gëtt vill recycléierte Plastik an en Deel Bio-Plastik benotzt. Et ginn also net nëmmen Rohstoffer gebraucht fir dës Fläschen ze maachen. Bio PET gëtt aus de Reschter vum Rouerzocker hiergestallt. Wéi déi Fläsche gemaach ginn a wou de Plastik dofir hierkënnt, ginn ech mir an den nächste Wochen ob Bascharage ukucken an ech schreiwen Iech ee weideren Artikel.

Déi wichteg Reflexer fir eis Natur si bei Sources Rosport net nei. Sou sinn ech gewuer ginn, dass si a villen Domaine probéiere CO2 ze spueren an dat zënter laangem. Sou hunn si och 2005 den Design vun de Fläsche verbessert a spueren esou méi wéi e sechstel Material bei de PET-Fläschen an.

Ech kann also soen, dass Sources Rosport komplett lokal schaffen a ganz besonnesch ob gutt fonktionéierend Circulaire Prozesser oppassen. Soubal ee probéiert lokal ze bleiwen, belaascht een d’Ëmwelt manner. An all Initiativ fir Rohstoffer ze spueren an ze recycléieren ass e weidere Gewënn fir eis Natur.

Eng weider Fro déi ech hat, hat mam Waasser selwer ze dinn. Ech hunn de Max Weber gefrot op si keng Angscht hunn, duerch déi dreschen a waarm Summeren an der lescht, dass hinnen d’Waasser ausgeet. Mee och hei konnt hie mech berouegen. D Waasser gëtt duerch déi verschidden Aerdschichte gefiltert an et brauch mindestens 60 Joer bis et an der Quell lant. Si huelen iwwerdeem net esouvill eraus, datt et eng Gefor géif ginn a sinn domadder op der sécherer Säit.

Ech si scho gespaant an deenen nächste Méint bei déi verschidde Partner vu Sources Rosport kucken ze goen an hinnen op den Zant ze fillen a Punkto Ëmweltbilanz.

Mäin nächste Rendez-Vous féiert mech bei Valorlux. Wat geschitt mat de Fläschen déi mir an déi blo Tut schmäissen?

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.