„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
Den Henri vun Nassau ass de 16. Abrëll 1955 um Schlass Betzder zu Betzder gebuer. Hien ass zanter dem 7. Oktober 2000 Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau.
Den Henri ass den eelste Jong vun der groussherzoglecher Koppel Jean a Joséphine Charlotte. Hien huet véier Geschwëster: d‘Prinzessin Marie Astrid, de Prënz Jean vun Nassau, d‘Prinzessin Margaretha vu Liechtenstein an de Prënz Guillaume vun Nassau.
Foto via Instagram @Courgranducal
Hien ass zu Lëtzebuerg an a Frankräich an d’Schoul gaangen. Am Joer 1973 krut hien den Titel Ierfgroussherzog. Bis den Oktober 1980 huet den Henri op der Universitéit Genf Politikwëssenschafte studéiert. Wärend sengem Studium huet hien och seng Fra, d‘Maria Teresa Mestre kennegeléiert, déi hien de 14. Februar 1981 bestuet huet. Zesummen hu si fënnef Kanner, de Guillaume, de Felix, de Louis an de Sebastian, esou wéi eng Duechter, d’Alexandra.
Fir seng militäresch Ausbildung war hien op der Kinneklecher Akademie vu Sandhurst an England.
Hie schwätzt Franséisch, Englesch, Däitsch a Lëtzebuergesch.
Laut der amerikanescher Wirtschaftszäitschrëft Forbes gëtt d’Privatverméige vum Groussherzog am Joer 2006 op 4,6 Milliarden Euro geschätzt. Déi belsch Zeitung Het Laatste Nieuws huet am September 2007 eng Lëscht vun de räichste Monarchen an Europa verëffentlecht, op där de Groussherzog Henri mat engem Verméige vun 1,2 Milliarden Euro „nëmmen“ op der véierter Plaz ënner den europäesche Monarche läit.
De 7. Oktober 2000 ass den Henri Groussherzog vu Lëtzebuerg ginn. Zanterhier wunnt hien op Schlass Bierg zu Colmer-Bierg.
De Groussherzog huet also fënnef Kanner an elo och fënnef Enkelkanner.
Foto via BestImage
Vocabulary
Politikwëssenschaften = political science
Privatverméigen = private means
verëffentlechen = publish
Verméigen = fortune, wealth
zanterhier = since then
Enkelkanner = grandchildren
Leave a Comment