fbpx

Red Rock Mountainbike: Diddeleng-Rëmleng

Ech liewen am Red Rock, en Deel vum Minett, dee virun allem vun der Eisen-Industrie gepräägt gouf. Dës Géigend huet och haut nach vill ze bidden; virun allem eng ganz Réi un flotte Mountainbike-Weeër. De Christian huet Iech virun e puer Méint (an dësem Artikel) schonn ee vun dëse Weeër virgestallt: mat him goung et vum Escher Gaalgebierg, iwwert den Ellergronn, bis ob Schëffleng.

Ier ech Iech elo soe fir wéi ee Wee ech mech entscheet hunn, soen ech nach kuerz eppes zu de Faarwen an déi des Weeër opgedeelt sinn:  et ginn nämlech rout a schwaarz Weeër. Et ass änlech wéi bei de Ski-Pisten, rout steet fir schwéier a schwaarz fir nach méi schwéier. Oder méi optimistesch gesinn: rout bedeit net esou einfach a schwaarz schwéier. 😉 Um Internet-Site vum Office Régional du Tourisme redrock.lu fënnt een eng helle Wull u verschiddene Weeër (fir ze Fouss oder mam Mountainbike) an et kann een sech een éischten Androck maachen.

Ech huelen Iech haut elo digital mat ob de roude Wee, dee vun Diddeleng aus, iwwer Rëmeleng feiert. Dëse Wee fänkt praktesch viru menger Hausdier un: ech muss emol keng 5 Minutten an d’Pedallen drécken, fir un e Start ze kommen. Well jo net jidderee de Luxus kann hunn, esou no bei esou engem Wee ze wunnen, ass beim Start och e grousse Parking. Am ganze ginn et 3 verschidde Plazen, wou een säin Auto parke kann an dann ob de rouden Haard-Trail fuere kann.

Startplazen:

Dudelange: Parking Boulodrome – rue Reiteschkopp, L-3476 Dudelange
Tétange: Parking Schungfabrik – 14, rue Pierre Schiltz, L-3786 Tétange
Rumelange: Parking Terrain de football – rue du parc, L-3741 Rumelange

De Parking zu Diddeleng huet awer ee klenge Virdeel am Verglach zu deenen aneren; hei fënnt een nämlech nach eng Wäsch-Statioun fir säi Vëlo. An och wann nach e bëssche Loft am Pneu feelt oder de Bidon nach eidel ass, kann een sech hei hëllefen.

A lass geet et!

Den Ufank vum Parking bis an de Bësch geet iwwert  d‘Strooss, laanscht d‘Annexe vum Lycée Nic Biewer, do ass och nach e grousse Parking. A scho geet et ob de Bëschwee, wou och direkt dat ellenst Stéck op ee waart. Et geet, iwwert e schéine breede Wee, e puer Kilometer biergop. Naja, ech hunn net all ze vill Problemer, fir bis erop ob d‘Haard ze fueren. Mam eBike ass dat wierklech einfach. ☺️

Haard

D’Haard ass zënter 1994 en Naturschutzgebitt. Zesumme mat Hesselbierg an de Staebierg huet dëst Naturschutzgebitt eng Fläch vu 600ha, vun deenen de gréissten Deel zu Diddeleng gehéiert. Grouss Deeler heivunner ware Tagebau, wou d’Natur sech elo zeréck eruewert. D’Landschaft ass awer och vun de risege Fielswänn, sëllege Minière a Schlakentipper gepräägt.

No e puer Minutte biergop, verléisst een de schéine breede Wee an et geet nach emol e puer honnert Meter, iwwert eenschmuele Wee, knackeg biergop. Uewen ukomm, waart eng Bänk ob een, fir eventuell eng kleng Paus anzeleeën.

An direkt vun hei un, gëtt d’Méi belount! Et kann een de Vëlo elo einfach rulle loosse well tëschent de Beem geet de Wee elo liicht biergof. Wann ee gutt oppass, fënnt een e puer Bänke wou een d’Natur, de Bësch, eleng fir sech reservéiert huet. Lenks vum Wee, hannert dem Bauer senge Felder, läit scho Frankräich. Hei rulls du also direkt laanscht d‘Grenz.

Dësen Deel vum Wee, ass mat deene schéinsten. Et geet einfach hin an hier, e bëssen erop mee meeschtens erof, queesch duerch de Bësch. Leider ass deen Deel awer och schnell nees eriwwer an et wäert een elo ee breede Wee kräize fir da Vis-à-vis nees an de Bësch anzedauchen. Elo geet et weider, ëmmer biergof bis ob Rëmeleng. Voilà, elo si mir schonn an der südlechster Stad vum Land ukomm.

Elo, wéi ass et anescht ze erwaarden, nodeem immens laange biergof, geet et nees… biergop! Et  brauch een awer net ze fäerten well et ass net immens wäit a just de Schluss vun dësem Deel geet  géi erop. Dat ass ze packen! 🙂

Dann erwaart dech déi éischt, e bëssche méi knechlesch Plaz. Et geet, mat e puer enke Kéieren, knackeg biergof. Direkt duerno kanns du dech erblosen, well et kennt en Deel iwwert breet Weeër an e klengt Stéck Strooss.

Klengen Tipp: De Wee ass immens gutt ausgeschëldert. Et gi just e puer Plaze wou een d‘Schëld, déi éischte Kéier kéint iwwersinn. An genau esou eng ass hei zu Rëmeleng. Nom Parking beim Fussballterrain, muss een um decke Steen ob der Strooss kucken, d’Schëld ass nämlech um Steen an e bëssche bewuess a matgeholl. (Du kanns och hei um Parking starten, et ass e vun den offiziellen Départen)

Du rulls, ouni Schlechtes ze denken iwwert déi glat Strooss an um Enn (et ass eng Sakgaass) erwaart dech erëm e Bierg! Éierlech gesot, ech hunn et nach ni fäerdeg bruecht, de ganze Bierg eropzekommen. Esouguer mam Moto am Moutainbike, hunn ech nach all Kéiers de Vëlo eropgedréckt. Ënne vum Bierg, beim leschten Haus, steet d’Madamm, eng léif Boma, oft virun der Dier a fleegt hire Virgäertchen. Et ass och Si, déi eis berouegt huet. Si hätt der an de Joren net vill gesinn, déi do erop komm wären, et kéint een se ob enger Hand ofzielen. Also, sidd net  frustréiert, wann et déi éischte Kéier net klappt.

Duerno geet et tëschent héije Fielsen, Héijebenen an e puer Koppen iwwert wonnerschéi Weeër, zum Deel och duerch de Bësch.

Hei ass eppes absolut wichteg! Halt Är Aen op a bleift heiansdo stoe fir d‘Vue an d‘Natur ze genéissen. Wann Dir Iech entscheet hutt, vun Téiteng aus ze starten, da wäers du hei ob de Parcours fueren.

Am Bësch fiert een een Ament laanscht ee wäisst Haus, dat ob Stelze steet, Schinnen an enger Réi Buggië. Viru Joerzéngte war dat eng Brems- a Rangéierstatioun fir d‘Buggië, mat deenen d’Eisenäerz beweegt gouf. De ganz flotte Wanderwee vum bloe Pimpampel, geet dann och hei laanscht.

Elo fiert een iwwert e puer flott Erausfuerderunge fir d’Mountainbike, zeréck a Richtung Diddeleng, wou een sech nach emol ob enger Passage, iwwert e schéine breede Wee erhuele kann, ier et iwwert Wisen an da bierg erof geet, wou ee flotten, ganz techneschen Deel waart.

Duerno wiesselen sech da schnell a kniwweleg Deeler of. Et geet duerch de Bësch iwwer wonnerschéi Weeër, eng Schléif iwwert d’Haard, ier et dann eng laang Passage biergof, bis bei den Ausgangspunkt geet.

Mee och hei ass et ëmmer nees derwäert fir emol stoen ze bleiwen an d’Vue ze genéissen.

Ech hoffe mäin digitalen Tour huet Iech gefall an ech konnt Iech Loscht ginn, een Deel vu menger Heemecht, mam Mountainbike ze entdecken! 🙂
Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.