fbpx

E spruddelegen Marmorkuch

Ech hunn net schlecht gestaunt wou ech ob e Rezept gesinn hunn wou e Kuch gemaach gouf, ouni Botter a Mëllech, mee mat Spruddelwaasser. Soll dat klappen? An nach méi wichteg: Schmaacht esou e Kuch?

Ech hunn e probéiert. A direkt viraus: Ech hunn nach ni e sou e säftege, leckere Kuch gebak.

Mee elo mol der Réi no. Wat kënt dann alles an de Kuch?

  • 125 ml Rosport Classic
  • 125 ml Sonneblummenueleg
  • 5 Eeër
  • 250 gr. Miel
  • 200 gr. Zocker
  • 1 Päckche Vanillzocker
  • 1 Päckche Bakpolver
  • 4 Zoppeläffel Kakao (Polver)

Wéi geet et lo weider?

Ech schloen emol fir, du méchs de Bakuewen un, fir datt dee gutt waarm ass. Schalt en op 180°C bei Ëmloft.

An da fänks du mam Deeg un. Du schëtts den Zocker an den Ueleg an eng grouss Schossel. Mam Mixer ginn déi Zwee elo emol gutt gemëscht.

Da kennt een Ee nom aneren dobäi. Do tëschent alle Kéiers gutt mixen.

An elo kennt et dat wichtegst: 125 Milliliter gudde Rosport Classic.

Nach de Bakpolver mam Miel do bäiginn an nach emol réieren.

Elo huel ongeféier d’Hallschent vum Deeg a verdeel deen an enger Sprangform.

Enner déi aner Hallschent vum Deeg mëschs du nach de Kakao. Soubal dat geschitt ass gëtt dësen Deel vum Deeg och an d’Sprangform geschott.

Schnell an den Uewe mat dem Ganzen. De Kuch brauch 45-50 Minutten am Uewen (Ëmloft, 180°C).

Nodeems de Kuch gebak ass, hëls du en aus der Form a léis en nach ofkillen. Ech streeë virum Zerwéiere meeschtens nach Pudderzocker drop. Mmmhhh…

Looss der et schmaachen!

De Kuch ass ganz einfach ze maachen a schmaacht mega gutt! Dat läit bestëmmt um gudde Rosport Classic.

Ueleg

Beim bake musst du onbedéngt en Ueleg huele mat engem neutrale Goût. Do ginn et der just zwee. Sonneblummenueleg sou wéi hei am Rezept oder Rapsueleg. Ech perséinlech hunn de Kuch net mat Rapsueleg probéiert ze maachen, et sollt awer ouni Problem klappen.

Huel fir dëse Kuch ob kee Fall Olivenueleg! Dee gëtt och oft fir ze bake benotzt awer an dësem séissen Deeg, géif den Olive-Goût iwwerhand huelen.

Kalorien

A Punkto Kalorien huet de Kuch mam Spruddelwaasser Nues fir. Oder besser gesot en huet manner Kalorien.

De traditionelle Marmorkuch, sou wéi meng Mamm e scho gemaach huet, huet pro Stéck 564 kcal. Dat ass eng jett. Ech war richteg erschreckt wou ech dat gerechent hunn.

Eis spruddelege Kuch kënt dogéint just ob 362 kcal. Dat ass méi wéi 1/3 manner Kalorien. Hallejuja! Dat ass super: De spruddelege Marmorkuch mam Rosport Classic kann ee mat engem bessere Gewësse genéissen.

 

Fazit

E super gudde Kuch mat manner Kalorien…

Gudden Appetit!

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.