fbpx

DIY: Krazpabeier

E wonnerschéine gudde Moien, Mëtteg, Nomëtteg, Owend.

Wéini och ëmmer Dir dat hei liest, ech hoffen et geet Iech gutt. D’Wierder gëtt esou lues nees méi sonneg a domadder vläicht och d’Gemidder. Eppes Interessantes, dat ech virun e puer Wochen entdeckt hunn, ass de Krazpabeier, deen an der Lescht relativ populäre ginn ass.
Falls Dir net wësst, vu wat riets geet, et ass e faarwegt, Reebou-Style Bild, mat enger ofkrazbarer Schicht schwaarzer Faarf. Anstatt eppes opzemolen, krazt ee säi Bild of. Dank de Faarwen ënnendrënner, gëtt d’Bild konterbont. (Den Nodeel ass, datt duerno alles voller klenger schwaarzer Stecker ass, e bëssen esou, wéi wann ee mat engem Gummi radéiert.)

Mee elo gëtt et eréischt richteg interessant! Wat wier, wa mer dee Krazpabeier géinge selwer maachen? Dat ass net nëmmen e ganz interessanten DIY, mee schount dobäi och nach de Portmonnien. Vir datt Dir Iech net dermat musst ronderëm schloen, hunn ech mech also op de Wee gemaach, an den extrem dichte Bësch vum Internet duerchforst. Ech hunn och effektiv eppes fonnt.

Aus de verschiddene Saachen, déi ech begéint hunn, hunn ech mer zwou Methoden eraus gesicht, déi ech perséinlech am beschte fonnt hunn, d.h. déi am mannsten zäitopwänneg a am benotzerfrëndlechste sinn.

Mee genuch em de waarme Bräi geschwat! Elo geet et un de Speck!

Hei ass alles wat mer brauchen:

Vir t’éischt brauche mir natierlech mol Pabeier. Am beschten e bësse méi eppes Déckes, Waasserfaarwepabeier, also esou em déi 200 – 300gsm. Da Wuessfaarwen (wouvun ech leider nëmmen eng Gréng an eng Giel konnt opdreiwen), Spullmëttel, Acrylfaarf an natierlech e Pinsel, fir d’Faarf opzedroen. D’Waasserfaarf an de Gouache ware vir meng Versich, déi der geschwënn gesitt, mee Spoiler, et geet net esou gutt aus, wéi gemengt.

Da mole mer ee Muster oder einfach wëll Faarwen duerchernee mat de Wuessfaarwen. Ech hat leider nëmmen zwee verschidden Téin, dowéinst ass d’Bild lo net ganz sou konterbont.

Wat méi Faarwen, wat besser. Maacht e richtege Reebou draus!

Da mësche mer eis Acrylfaarf mat enger Drëps Spullmëttel (méint ass bal duerchsichteg, dowéinst gesäit een et schlecht. Ech hunn och vill ze vill geholl, wat meng Faarf zimlech leefeg a manner deckend gemaach huet. Et sollt wierklech just eng Drëps sinn, esou e geschaten 1:10 Volume vu Faarf a Spüli.)

Den nächste Schrëtt ass relativ selwer-erklärend: vermëscht d’Faarf an d’Spullmëttel bis et eng homogen Flëssegkeet ass.

Da gëtt déi schwaarz Faarf op d’Wuessfaarf opgedroen. An hei komme mer elo zu menge Versich, mat deenen ech mech geplot hunn, fir datt Dir et net musst maachen:

Fänke mer mat der Waasserfaarf un. Op der Säit, wou ech dës Method fonnt hunn, huet et geheescht, et soll een esou mann wéi méiglech Waasser a vill Faarf huelen. Hunn ech gemaach. D’Ergebnis war … Uh…  Kuckt selwer op der Foto lenks.

Guer näischt huet iergendwou gehalen! Ok, e bëssen eppes hei an do… Op alle Fall net genuch!

Voilà, wat eng Katastrophe dat war. Dowéinst hunn ech du spontan an den Tirang nieft mer gegraff an en Dëppche Gouache eraus gekroomt an dat onverdënnt drop geknuppt. Gesäit direkt scho méi effikass aus.

Ech hunn och nach e weidere Versuch mat puerer Acrylfaarf gewot an de Misär mat der Waasserfaarf ignoréieren a vergiesse mer einfach direkt.

Elo komme mer dann endlech zum eigentlechen a spaassegen Deel: d’Krazen.

Fänke mer mat der Gouache un.

Dat huet u sech ganz gutt funktionéiert, woubäi ech muss soen, datt et ee bemierkbaren Ënnerscheed mëscht, op ee mat engem spatzen oder stompegen Enn kraazt. Dat ass mer an deem Ausmooss net beim Acryl opgefall.

Du koum d’Acrylfaarf drun an ech muss soen, perséinlech fannen ech, ass dat schonn en anstännegt Resultat.

Och déi puer Acrylfaarf kann sech gesi loossen, allerdéngs ass mer opgefall, datt sech hei schnell ongewollt Stecker mat léisen. Déi schwaarz Deeler an d’Käpp vun de Buschtawen hunn ech z.B. misse bal all festdrécken, fir datt se net mat ofginn. Ech huelen dowéinst un, datt d’Spullmëttel hei eng chemesch Reaktioun ausléist, déi dofir suergt, datt d’Faarf sech net méi wéi ee groussen Ensembel verhält. Mee dat ass just eng wëll Spekulatioun.

Vir dem Sënn vum Spullmëttel weider op de Grond ze goen, a vir e bësse méi e sophistiquéierten Ënnergrond, wéi meng zwou Wuessfaarwen ze hunn, duecht ech mer, ech probéieren dat Ganzt op blénkegem (also beschichtstem), waasserofwéisendem Photopabeier. Dréit d’Spullmëttel derzou bäi datt d’Faarf erëm ofkrazbar ass?

Ech hu mer also mäi Reebou erausgedréckt.
An ech duecht mer, wa schonn, da schonn.
An eh… Jo. Bon. Et ass definitiv de Wues an d’Wuessfaarwen déi dofir suergen, datt d’Faarf erëm ofgeet.

Doraus kënne mer da wuel schléissen, datt d’Spullmëttel effektiv eppes mat der Konsistenz vun der Faarf ze dinn huet.

Mee esou schnell gi mer hei net op.

En néie Reebou erausgedréckt an eng al Käerz erausgesicht (déi ech eng Kéier geschenkt krut a geschate 35 Mol scho wollt ewech werfen), an dat ganzt Blat mat enger anstänneger Schicht Wuess ageriwwen. Dobäi net ze schei sinn a gär duebel driwwer fueren.

Dann d’Acrylfaarf gemëscht mat Spullmëttel (dës Kéier wierklech nëmmen eng Drëps) driwwer geschmiert, bis och de leschte Wutz Faarf ganz ënner dem Schwaarze verstoppt ass.

A voilà, mäin Ergebnis. Dës Method funktionéiert also och a beinhalt nëmmen 2 Schrëtt (per Hand, 3 wann een d’Bild erausdrécke mat dobäi zielt) an ass warscheinlech nach eng Grëtz méi schnell, wann een eemol e Reebou erstellt oder sech een um Internet sicht an dann ëmmer dee Selwechte benotzt.

Wéi Dir gesitt, sinn hei an do nach Stecker Schwaarz ze gesi, wou ech gekrazt hunn. Wann een de Wuess nach e bësse méi genau a méi deck opdréit, wéi ech dat gemaach hunn, kënnt dat warscheinlech net méi vir.

An domat si mer um Enn ukomm. Den Trend vun de Krazbiller ass eng ganz Weil u mir virbäi gezunn. Säitdeem ech et eng Kéier probéiert hunn, muss ech soen, et ass schonn interessant. Et kann een näischt skizzéieren, e Stréch dee gezunn ass, ass gezunn. Och schattéieren an detailléieren ass méi schwéier a réckelt, zumindest fir mech, komplett an den Hannergrond. Vläicht ass et genau dat, wat dat Ganzt esou relaxéierent mëscht. Et ass simplistesch a komplex, just an dem Aspekt, datt een sech muss sécher sinn, op een déi Linn dann och elo wierklech wëll genau dohinner setzen.

Hu Dir et scho probéiert oder géing Dir vläicht gär? Sinn är Kanner eventuell Fan? Da kéint dat hei hinnen och gefalen, fir net nëmmen d’Bild mee och de Krazpabeier ganz selwer ze maachen. Wann Dir mat Kanner schafft, denkt just w.e.g drun, datt Acrylfaarf absolut net méi aus Stoffer eraus- oder vu porösen Uewerflächen ofgeet, an och vun allem Anerem, dat net mat eppes wéi Wuess oder Fett iwwerzunn ass, nëmmen esou laang ofwäschbar ass bis et gedréchent ass.

Dat ass et vu mir, vill Spaass bei den Eegeversich a bis am nächsten Artikel! 🙂
Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.