fbpx

1 Dag mat mir zu Reims am CREPS

Fir mäin Juni-Artikel hunn ech mer geduecht ech géing Iech an engem klenge Video e puer Abléck a mäin Alldag vu Méindes bis Freides hei am CREPS  (Centre de Ressources, d’Expertise et de Performance Sportive) zu Reims ginn. Ech huelen Iech ee ganzen Dag laang mat a weisen Iech wéi een normale Wochendag bei mir ausgesäit.

Och wann mir net all Dag em di selwecht Auerzäit Training hunn an och net all Dag bei de Kiné ginn, kritt dir awer eng éischt Iddi wéi mäin Alldag, um Wee zur professioneller Tennis Spillerin ausgesäit.Den Training gëtt iwweregens ëmmer e bëssen un eis Form ugepasst – dh mir hunn Deeg wou méi an anerer wou mol manner Training ass.

Virum Confinement hate mir Owes och nach Schoul, an ech misst am Dag méi leieren. Ech hunn mäin Programm fir dëst Joer awer fäerdeg a muss also net méi an d’Coursë goen.

Freides Owes kenne mer oft fir de Weekend heem goen an e bësse Paus maachen, mee et kënnt awer och scho mol fir, dass mir de Weekend hei bleiwen, well mir Samschdeg Moies nach Tennis spillen. Samschdeg Mëttes a Sonndes si mir awer ëmmer fräi, a wann ech fir de Weekend zu Reims bleiwen, da ginn ech mat deenen aneren aus dem Creps a Stad oder maachen aner Aktivitéiten. Momentan bleiwen ech all 2. Woch zu Reims, esou dass ech all 2. Samschdeg kann trainéieren.

Heiansdo kommen och meng Elteren oder Kolleege vu Lëtzebuerg mech heihinner besichen a mir verbréngen dann de Weekend zesummen.

Ech hoffen ech konnt Iech hëllefen, een Abléck a mäin Alldag ze kréien. Wann Dir Froen hutt, kënnt Dir se gären op der Facebook Säit vum Rosport Life stellen.

 

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.