fbpx

Koll an Aktioun Geocaching

Eigentlech fueren ech jo haaptsächlech mam Vëlo duerch de Bësch, Enn Mee hunn ech awer mol ons wonnerbar Bëscher fir 3 Deeg a ronn 200km mat onse wonnerbare Vëlospistë getosch, eng Schnitzeljuegd um Vëlo war de Grond! Wéi et dozou koum an ob ech de „Schatz“ konnt hiewe gitt Dir elo an mengem Artikel gewuer.

Wéi ass et dozou komm ?

Duerch Zoufall sinn ech Enn Mee op eng Annonce vu „Koll an Aktioun“ opmierksam ginn, „Koll’s Treasure Hunt“. Den Intro huet schon villverspriechend geklongen:

« Tired of being at home ? Already ridden all bike paths in the area? Are you looking for an adventure?“

… an dat huet mech zu 100% ugeschwat, eng Aventure um Vëlo, dat koum genau zum richtege Moment wärend dem Confinement.

Wat ass „Koll an Aktioun“:

„Koll an Aktioun“ ass e Festival dee scho säit 2014 all Joer iwwert de Päischtweekend ofgehale gëtt. Verglach zu aner Festivale, ass de Koll een Festival fir déi ganz Famill deen op 4 Piliers’en baséiert: Musek, Famill, Kultur & Iessen. D’Konzept iwwerzeegt an sou fannen all Joer eng ronn 3000 Läit de Wee op Uewermaartel op de Site vum Musée de l’Ardoise.

Foto vum Léa Giordano via Koll an Aktioun

Och 2020 wollt d’Kollibri asbl de Festival trotz der Pandemie ofhalen an huet sech dunn eng digital Alternativ op d’Been gestallt. Mat vill Enthusiasmus ass et an Zesummenaarbecht mam 100,7, ass Samschdes den 30. Mee (Päischtsamschdeg) de Koll an Aktioun on Air, live um Radio 100,7 an am Video Stream iwwert d’Bün gaangen. Et war der ganzer Ekipp wichteg, dass de Festival interaktiv bléift an esou ware vill Workshops an Aktivitéite (Yoga, Geocaching, Cocktail, Kebab, Bastelatelier,…) mat um Programm.

Wat ass Geocaching?

Geocaching ass iwwert di läscht Jore richteg populär ginn an d’Unzuel vun de „Muggles“ (Geocacher Begrëff fir Läit di näischt mat Geocaching um Hut hunn) ass staark erof gaangen.

Fir d’Muggles also kuerz erkläert: am Prinzip muss ee mat Hëllef vun engem GPS an enger Koordinaten eng „Dous“ fannen, dat kann heiansdo souguer iwwert puer Statioune goen, oft kënnt een doduercher op richteg flott Platzen déi ee soss verpasst hätt.

Treasurehunting-Time

An dëse Projet ass ganz vill Energie a Passioun gestach ginn, dat hunn ech schonn direkt bei der Auswiel vun deene ganze 4 Missiounen, déi ugebuede goufen, gemierkt:

2 mat engem Depart an der Staat „Alzette Valley“ a „Through the Forrest“, sou wéi de „Wild West“ (Colmar-Bierg) an de „Slate Trail“ (Réiden).

All Missioun hat e kléngen Descriptif (wéi Kannerfrëndlech den Tuer ass, wéi laang, wéi schwéier AN ob ee mam Zuch kéint zeréck kommen,…). Et war een interessante Konzept a méi wéi der éischter Koordinaten (déi een iwwert ee Link um Geoportail ugewise kritt huet) ass een och net gewuer ginn… Et war also alles zimmlech geheim a mysteriéis.

Meng éischt Missioun war de „Alzette Valley“, di éischt Koordinaten huet mech direkt an d‘Staat an de Gronn bei Iwwerreschter vun der Festung geschéckt… an et huet net laang gedauert do hat ech tatsächlech meng éischt ominéis Dous fonnt.

An dem Dëppche war e Stëft, e Logbuch wou een sech androe konnt AN e Passwuert, mat dem een dann iwwert en Internetsite di nächst Koordinaten um Geoportail konnt fräischalten.

Di zweet Koordinaten huet mech direkt iwwert PC15 op Bäreldeng geschéckt et war mir séier kloer dass dëst mi eng laang Aventure kéint ginn. Meng Erfarung als Geocacher huet sech awer bezuelt gemaach an ech konnt séier ouni Probleemer d’Dousen op den nächste Statiounen alleguer fannen. Meng éischt Aventure huet no ronn 15km beim Mierscher Park opgehalen.

D’Loscht war elo grouss fir di aner 3 Missiounen och ofzeschléissen.

Um Réckwee vu Miersch an d’Staat hunn ech dann nach di 2ten Missioun ugefaangen (Through the Forest), déi ech den 2ten Dag da gemittlech fäerdeg gemaach hunn. Hei goung et dann iwwert d’PC1 vun der Staat aus duerch de Bambësch, Stroossen, Bartreng, Mamer mat enger Final zu Klengbetten mat vue op „d’Mille vu Klengbetten“.

Den drëtten Dag war fir mech den Highlight vun dem perséinleche Challenge den ech mer gesat hat! Et stoungen di 2 läscht Missiounen um Programm. Ugefaangen huet et zu Colmar-Bierg, d’Missioun „Wild West“ huet mech séier iwwert d’PC12 op Biissen laanscht d’Neelfabrick op Useldeng bei d‘Buerg a schlussendlech op Näerden gefouert.

Vun Näerden war et och net méi wäit bis op Réiden, wou de Start vun der leschter Missioun war, dem „Slate Trail“ also ass et iwwert d’PC17 op Réiden, Kietscht an dann iwwert d’PC18 op d’Finalstatioun fir dës Missioun, wéi och fir dës Serie, gaangen. Di läscht Douse konnt ech op enger Picknick Platz mat Vue op d’Schiefermusée zu Maartel fannen, also genau do wou de Koll an Aktioun normalerweis stattfënnt.

Et war eng super Initiativ, déi voll a ganz menger „Vëlosophie“ entsprach huet, frësch Loft, Vëlo fueren an nei Platzen entdecken. Am ganze koume fir mech (mat extra Schlaufen inclus) am Kader vun dësem Challenge ronn 200km, op 3 Deeg verdeelt, um Compteur zesummen.

Ech hat d‘Chance mat puer Läit vu „Koll an Aktioun“ a Kontakt ze kommen, eng jonk an dynamesch Equipe, ech drécken hinnen d’Daumen dass et 2021 nees mam Festival live zu Maartel klappt! Mat bëssi Chance ginn et jo dann och erëm een neien Geocaching. 😊

Och ouni Geocaching sinn déi Lëtzebuerger Vëlosweer déi ech an dësem Kader entdecke konnt, een Tour wäert. Et begéint ee vill nei Saachen a léiert Dierfer kennen an deenen ee bestëmmt nach net war.

Iwwregens kann een de Stream vum Festival 2020 an den Archiven vun Radio 100,7 an vum Koll ofruffen.

 

 

Tags:
Christian C.

Christian C.

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.