fbpx

Buchpresentatioun: Eng Hackergeschicht

Haut stellen ech Iech d’Buch ‚Eng Hackergeschicht‘ vum Nico Brettner fir. Nico Brettner, deen Numm kënnt Iech bekannt fir? Dat ka gutt sin! Hien schreift, esou wéi ech och, reegelméisseg Artikele fir de Rosport Life!

Den Nico ass, säit en een Teenager war, immens um Thema Computer interesséiert. An der Geschicht déi ech Iech haut kuerz virstelle geet et dës Kéier em Cyber-Kriminalitéit, Hacking a Mobbing. Themen déi ganz aktuell sinn! Vir deem ganzen awer och eng Touche Emotioun ze ginn, kënnt Thema Léift mat eran. Et ass d’Geschicht vum Ramon a Renée, zwee jonken Leit déi sech kenneléieren an zesummen Zäit vum Premièresexamen erliewen. De Ramon freet d’Renée em Hëllef fir un d’Examensfroen ze kommen. Esou dauchen déi 2 an d’Hackerwelt eran an decken e puer Saachen um Wee op. Op de Ramon d’Froe kritt, wéi d’Léift an der Geschicht spillt an op et een Happy End gëtt, dat verroden ech Iech elo hei nach net.

Fir mech ass et ee Buch wat gutt illustréiert wat am Internet alles méiglech ass. Dat ass vill vun eis Erwuessenen eventuell guer net ëmmer esou bewosst.

Ech hunn d’Chance och genotzt fir dem Nico e puer Froen ze stellen:

Wéi bass du zu engem Buchprojet iwwert den Thema Hacker komm?  

Computer-Sécherheet ass en Thema dat mech nach ëmmer interesséiert huet. Ech hat fréi d’Chance an dem Beräich ze schaffen. An elo hellt se mech ëmmer nees an. Et ass a bleift e spannend Thema.

Wars du selwer och Hacker an denger Jugend? 😉

De Begrëff Hacker huet bei ville Leit eng negativ Bedeitung. U sech ass en Hacker a Bastler & Tüfftler. An dat sinn ech definitiv! 🙂 

Wéi laang hues du un der Iddi getüftelt iers du ugefaangen hues mat schreiwen?

Ganz laang! Ech weess net méi wéi oft ech ëmmer nees vu vir ugefaangen hunn. Et war eng schwéier Gebuert.

Wat méchs du berufflech / wat faszinéiert dech dorun?

Ech sinn Informatiker. Informatiker ass fir mech ee “kënschtleresche” Beruff. Et muss een zwar vill Wësse matbréngen an trotzdeem ass och vill Fantasie gefrot. Ech gesinn den Informatiker iergendwou tëschent engem Ingenieur an engem Artist, awer oft méi no beim Artist. An et ass dat wat mech dobäi begeeschtert: d’Muecht vun der Fantasie.

Sinn sech déi jonk Leit de Geforen déi Internet/Cyberkriminalitéit mat sech brénge kann an dengen Ae bewosst?

Leider gesinn ech datt jonker ëmmer manner gutt mat der Technik ëmginn. Si benotzen se vill méi, wéi déi “Aal” awer se hunn net vill Background-Wëssen. Mir “Aaler” hunn alles misste léieren. Mäin éischte Computer konnt net vill. An et war alles blo… Mir hunn nach geléiert wéi de Computer opgebaut war an hunn oft och selwer e bësse programméiert. Leider feelt dat vill Jonken. Ech menge mir mussen hinnen och d’Chance ginn de Computer vu banne kennen ze léieren. Et hëlleft.

Wat kenne mir do als Elteren ënnerstëtzend maachen? Sinn déi Erwuesse vir dech genuch opgekläert?

Erkläert de Kanner wéi e Computer funktionéiert! Programméiert zesummen eppes Klenges. Et ass net schwéier an et bréngt ganz vill fir d’Versteesdemech.

Wat ass fir dech de wichtegsten Message hannert der Geschicht?

Et ass net komplizéiert, dir fannt ëmmer e Wee. 

Fir wéi eng Altersgrupp ass däi Buch?

Fir Jugendlecher an där Aler déi jonk bliwwe sinn.

 War dëst däin éischten Buchprojet? 

Nee, dat war “Wie spillt mat?”. E Kannerbuch mat Lidder (déi ech kenne) an einfache Spiller. Ech hunn dat deemools geschriwwe a gemoolt, fir en schéint Buch mat flotte Lidder fir mäi Meedchen ze hunn.

Hues du schonns en nächste Projet am Kapp?

Dat ass e grousse Problem. Ech hunn esouvill Iddie, datt ech e puer Sous-traitants bräicht. Éierlech, elo am Moment: Ech weess et net.

Verrot eis och nach wou een däi Buch ze kafe kritt.

Shame on me! Ech hunn beim Publizéieren e Feeler gemaach, dowéinst just bei Amazon. Ech verspriechen, déi nächste Kéier maachen ech et besser.

Wann Dir elo Loscht hutt dem Nico säi Buch ze entdecken, da kuckt emol op der Facebook Säit vum Rosport Life eran; mir verspillen 2 Exemplairen! 😃

 

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.