fbpx

Spueresich: Gespréich mam Claude Turping – Valorlux

  • Home
  • Featured
  • Spueresich: Gespréich mam Claude Turping – Valorlux

Nom interessante Gespréich mam Direkter vu Sources Rosport, dem Här Max Weber, hunn ech mech ob de Wee gemaach hier Partner kennen ze léieren. Alleguer probéieren si un engem Strang fir eis Ëmwelt ze zéien. Sou war ech elo bei der Valorlux an hunn hirem Direkter, dem Här Claude Turping, all meng Froe kënne stellen.

Mir kennen si warscheinlech, haaptsächlech duerch déi blo oder gréng Tuten, déi mir heiansdo virun Dier leeën. Mee wien sinn si?

Ech war erstaunt! Et gëtt d’Valorlux schonn zënter 25 Joer. Deemools hunn si mat 23 Member ugefaangen. Gegrënnt goufen si wëll eng europäesch Direktiv verlaangt huet, dat an all Land recycléiert gëtt. Haut zielen si bal 1100 Memberen.

Dës Membere setzen sech aus 3 grousse Gruppen zesummen: Produzenten, Importateuren an Distributeuren. Sources Rosport zielt hei zur Grupp vun de Produzenten.

Valorlux huet e puer grouss Aufgaben: Si sammelen net nëmmen eisen Offall fir en ze recycléieren, mee si schaffen och dofir dat manner Offall entsteet. Sou hunn si e puer Produkter, déi mir alleguer kennen. Si verkafen Eco-Tuten an de Superbag. Ech mengen d’Eco-Tut kennt jiddereen. De Superbag, gëtt et nach net esou laang. Dobäi handelt et sech em déi kleng Tute mat der riseger Etikett (déi iwwregens do ass fir d’Präisetiketten drop ze pechen), fir d’Uebst am Buttek anzepaken. Wéi schonn d’Eco-Tut gëtt och de Superbag, gratis ëmgetosch wann e futti ass.

Eng Fro déi mech interesséiert: Wat geschitt mat de PET-Fläschen?

Alles wat Valorlux sammelt kennt als éischt ob Kleng-Bechmacher bei Hein-Déchets. Do gëtt et eng modern Sortéieranlag wou alles getrennt an sortéiert gëtt. Da geet de Wee vun de PET-Fläsche weider a Frankräich an d’Bourgogne, no bei d’Stad Beaune, wou si nach weider propper gemaach ginn a wou Plastik-Bullen doraus gemaach ginn. Déi Bulle kommen zeréck ob Lëtzebuerg a ginn dann hei am Land nees zu Fläschen. Si probéieren datt aus Fläschen nees Fläsche ginn. Méi spéit an dëser Serie gi mir eis ukucke wéi, se zu Bascharage, des nei Fläsche maachen.

Do war awer nach eng Fro déi ech direkt u Valorlux hat: Meng PET Fläsche muss ech déi spullen a soll de Stopp drop oder net?

Déi Äntwert krut ech prompt. Mir brauchen d‘Saachen net ze spullen. Den däitschen Ausdrock “restentleert” beschreift et gutt. Et dierfen nach Reschter dra sinn.

„Restentleerte Verpackungen sind Verpackungen, deren Inhalt bestimmungsgemäß ausgeschöpft worden ist. “

An dann de Stopp. Do muss ech mir wärend eisem Gespréich agestoen: Ech hunn alles falsch gemaach.

Wann een de Stopp well droplossen – wat een ouni Probleem ka maachen – da soll een awer d’Fläsch virdru kleng zesummen drécken ier een de Stopp nees drop mëscht. Nëmme just dann, bléift d’PET Fläsch kleng. Et kann een d’Stëpp awer och separat sammelen. Dh et geheit een déi eidel Fläschen ouni de Stopp an d’Valorlux Tut. Déi separat gesammelt Stëpp kann een dann zum Beispill fir ASA ob ville Plazen ofginn. ASA ass d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn a mat all gesammeltem Stopp kann een engem Hond hëllefen seng laang Ausbildung zum Assistenzhond ze finanzéieren. Valorlux ënnerstëtzt dës Aktioun nämlech esou. Um Internet-Site vun der ASA fannt dir Plazen am ganze Land wou dir d’Stëpp kennt ofginn.

All Fläsch déi net kleng ass an de Stopp nach drop ass, verbrauch onnéideg vill Plaz, vue dass si am Camion net futti geet. Dat heescht eng Fläsch vun 1,5 Liter verbraucht och déi Plaz. An dat ass jo da gréissten Deels “just” Loft.

Eppes wat ech mir op alle Fall fir Zukunft mierke wäert!

Mëttlerweil ginn iwwer 67% vun eisem Dreck zu Lëtzebuerg, iwwert d’ Valorlux, recycléiert. Am Moment leeft och eng ganz grouss Étude am Land fir méi Verpakungen ze recycléieren. Dann dierfe mir alleguerte méi Materialien an eis Tut geheien sou datt Lëtzebuerg bestëmmt geschwënn un déi 70 oder méi Prozent kënt.

Wat dir genee an Äer Valorlux-Tut geheien dierft, fannt Dir HEI.

Am Gespréich ass mir kloer ginn, dass d’Leit bei Valorlux mat vill Iwwerzeegung eng groussaarteg Aarbecht maachen. An wa mir all eisen Deel bäidroen an eisen Offall doheem richteg sortéieren, dann hëlleft dat ob alle Fall eisem grousse Raumschëff; eisem Planéit, der Äerd.

Iwwregens: Hei gesidd Dir an Videoen wat mat de PET Fläsche geschitt. Klickt hei fir déi Lëtzebuergesch Versioun an hei fir déi Franséisch.

** All d’Fotoen goufen vun Valorlux zur Verfügung gestallt** © Valorlux 

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.