fbpx

Léierwanderwee mat de Pimpampel

Iwwert d’Haard, den Hessels- an Steabierg

Virun e puer Wochen hunn ech Iech mam Mountainbike mat iwwert Haard (hei geet et zum Artikel) geholl, do si mir vun Diddeleng ob Rëmeleng an iwwer Téiteng erëm zeréck ob Diddeleng pedalléiert.

Elo geet et ze fouss iwwert déi 3 Koppen.

Et ginn eng ganz Réi vu wonnerschéine Wanderweeër, déi duerch dëst Naturschutzgebitt ginn. Ee vun dëse Weeër, ass de “Natur-Kultur-Lehrpfad Haard-Hesselsbierg-Staebierg”.

Et ass e Wee, deen sech aus engem bloen an engem rouden Tour zesummesetzt. Dobäi ass immens flott, dass een déi Schleefen eenzel maachen oder als e groussen Tour genéisse kann. Sou huet de bloen Tour “just” 5,8 km an de Roude kënnt ob 8,6 km. Wann een alles an enger Kéier wëll trëppelen, sinn et net, wei logescherweis ugeholl 14,4 km (de roude mam bloe Wee addéiert), mee “just” 11,2 km.

Wou geet et lass?

Ma dat ass eng gutt Fro, wëll et gëtt déi rout Schleef vum Wee, déi geet haaptsächlech iwwert Haart, an déi Blo, déi zum groussen Deel tëschent Rëmeleng an Téiteng verleeft. An da gëtt et e klengen Deel, wou déi zwou Schleefen sech treffen an sech een Deel vum Wee deelen.

Ugeholl, Dir wëllt just de bloen Deel trëppelen, dann ass et am beschten, et fänkt een zu Rëmeleng un. Eventuell kann een och zu Téiteng ufänken, do muss een dann awer e puer Meter méi, bis zum Ufankspunkt trëppelen.

Wien déi rout Schleef maache wëll, muss zu Diddeleng ufänken.

Am ganze ginn et 5 “offiziell” Plazen, wou et mat enger Informatiounstafel lass geet:

Zu Diddeleng:

  • Frankelach
  • Carrière Cloos
  • Tattebierg

Zu Rëmeleng:

  • Wuederten

Zu Téiteng:

  • Langertegrond

Am ganze gëtt ob 18 Panneaue laanscht de Wee Villes ronderëm dëst eenzegaartegt Naturschutzgebitt erkläert.

Ënnerwee, muss een de rouden oder bloe Päiperleken no goen, de Wee ass immens gutt gezeechent an et ass praktesch net méiglech, sech ze verlafen. Ob alle Fall huet, wéi mir de Wee entdeckt hunn, kee Schëld gefeelt.

Wat kritt Dir alles erkläert?

Um roude Parcours sinn 10 Panneauen an um Bloen nach emol 7, dat mëscht der awer nach net 18. Ee Panneau ass nämlech ob deem Deel, wou déi 2 Weeër sech kräizen.

Et geet ëm de Minett: wéi huet et viru Joerzéngte wärend dem Eisenäerzofbau hei ausgesinn? Wéi huet Natur sech nees breet gemaach? Et sinn eng ganz Réi erstaunlech Informatiounen, déi een hei fënnt. Zum Beispill gëtt um roude Wee vun Orchideeë geschwat, Orchideeë bei eis? Jo! Déi ginn et net nëmmen an den Tropen oder op der Fënsterbänk.

Wat erwaart Iech?

Ee spannenden, awer net ëmmer den einfachsten, Trëppelwee duerch all déi eenzel Deeler vum Naturschutzgebitt. Et geet duerch de Bësch, laanscht Steilwänn an iwwert Wisen. Dir gesitt vun allem an et gëtt Iech bestëmmt net langweileg.

Ganz flott sinn déi puer Méiglechkeeten, fir eng Paus ze maachen. Niewent enger Réi Bänken, luede besonnesch e puer Bänke mat engem Dësch ob eng Paus an. Hei kënnt Dir da matten an der Natur eng Stäerkung genéissen.

Ob alle Fall huet de Wee eis immens gefall a mir hunn och ganz vill Neies iwwert eise Minett geléiert.

A wann et Iech och sou gutt gefall huet, kënnt Dir dëst Naturreservat nach ob enger ganzer Réi weidere kuerzen a laange Weeër entdecken. 🙂

Méi Informatiounen fannt Dir op folgenden Säiten:

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.