fbpx

Bekannt Lëtzebuerger: Josy Barthel

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

De Joseph „Josy“ Barthel ass de 24. Abrëll 1927 zu Mamer gebuer an de 7. Juli 1992 zu Lëtzebuerg gestuerwen. Hie war e Lëtzebuerger Liichtathleet, Olympiagewënner, Cheemiker a Politiker.

 

Bild via Wopa News

De Josy Barthel ass de Jong vum Eisebunner Nicolas Barthel a senger Fra, der Anna Urbing.

Deen éischte groussen Erfolleg als Sportler huet hie mat der Goldmedail am 800-Meter-Laf bei de Militärweltmeeschterschaften 1947 zu Berlin gefeiert. Bei den nächste Militärweltmeeschterschaften zu Bréissel huet hien den 800-Meter-Laf an de 1500-Meter-Laf gewonnen.

Bei de XIV. Olympesche Spiller 1948 zu London koum hien am 1500-Meter-Laf zwar bis an d‘Finall, awer nëmmen op déi 9. Plaz. Duerno huet hien d‘Studenteweltmeeschterschaften 1949 iwwer 1500 Meter an 1951 iwwer 800 Meter a 1500 Meter gewonnen.

Bei de XV. Olympesche Spiller 1952 zu Helsinki huet hien de 1500-Meter-Laf an 3:45,2 Min. virum US-Amerikaner Bob McMillen (Sëlwer) an dem Däitsche Werner Lueg (Bronze) gewonnen. Dës Zäit war deemools olympesche Rekord. Deen zweeten a bis ewell leschte lëtzebuergesche Goldmedailegewënner krut seng Medail vum deemolegenIerfgroussherzog Jean iwwerreecht.

De Josy Barthel huet och un de XVI. Olympesche Spiller 1956 zu Melbourne deelgeholl, konnt awer keng Medail gewannen. Duerno huet hie mat senger sportlecher Karriär opgehalen. Vun 1946 bis 1956 war hien och eelefmol hanneree lëtzebuergesche Meeschter.

Bild via Luxemburger Wort

Berufflech huet hien 1951 ugefaangen, als Diplomcheemiker am Staatslaboratoire ze schaffen, an no senger Victoire zu Helsinki huet hien op der Harvard Universitéit dat deemools nach neit Fach Ëmweltschutz studéiert.

De Josy Barthel huet sech den 2. Oktober 1952 mam Fernande Senninger vu Bartreng bestuet, an d’Koppel krut zwee Meedercher, d’Lilibeth an d’Danielle.

De Josy Barthel war (nom Joseph Alzin 1920) deen zweete Lëtzebuerger, deen eng olympesch Medaill gewonnen huet. 1962 gouf hie President vum Lëtzebuerger Liichtathletik-Verband (FLA, Fédération Luxembourgeoise d’Athlétisme) a vun 1973 bis 1977 war hie President vum Lëtzebuergeschen Olympesche Komitee. Hie war och Member an der lëtzebuergescher Regierung: 1977 bis 1979 Minister fir Verkéier, Energie, Tourismus an Ëmwelt, 1979 bis 1984 Minister fir Ëmwelt, Verkéier, Energie, Informatik a Kommunikatioun. Him zu Éiere gouf den nationale Stadion zu Stroossen, Heemstadion vun der lëtzebuergescher Fussball-Nationalmannschaft, ëmbenannt a Josy-Barthel-Stadion. Deen neie Lycée zu Mamer ouf 2003 och no him benannt.

Vocabulary

Liichtathleet = athlete                                      

Cheemiker = a chemist

Eisebunner = railwayman                                  

deemoleg = at that time

iwwerreecht = handed over                              

deelgeholl = took part

hannereneen = consecutively                            

berufflech = professional

Ëmweltschutz = environment protection            

zu Éieren = in honour of

Heemstadion = home stadium                          

ëmbenannt = renamed

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.