fbpx

Vakanz doheem : Stolzebuerg (Stolzemburg)

Mol ganz éierlech : Wei gutt kennt Dir Lëtzebuerg?  Wéini hutt Dir fir d’lëscht Tourismus am eegene Land gemaach? Duerch de COVID ass d’Vakanz doheem erëm méi an de Fokus geréckelt. Ob Facebook hunn sech vill Gruppe gegrënnt wou ënnerteneen Tipps zu schéine Platzen an Ausfluchziler hei am Land ausgetosch ginn. Um groussen Zoulaf an esou Gruppen an der Aktivitéit an de Gruppen erkennt een dat den Intresse um eegene Land erëm gewuess ass. An ganz éierlech Lëtzebuerg muss sech net verstoppen. Op enger klenger Fläch hunn mir immens vill ze bidden: vu wonnerschéinen Trëppelweeër, iwwer kleng léif Dierfer mat vill Geschicht bis zu fantastesche Muséeën. Och eng Vakanz zu Lëtzebuerg kritt ee gutt gefëllt, op fir eng Woch oder ee Weekend.

Ech wollt Iech an dëser klenger Serie schéi Platzen aus dem Ländche virstellen, wou en Camping an der Géigend ass, sou datt een och mol ee Weekend hei verbrénge kann. Also kommt mat a villäicht kritt Dir jo och Loscht mol erëm en Weekend Tourist am eegene Land ze sinn.

Als éischt Destinatioun proposéieren ech Iech Stolzebuerg.

Direkt hannert Veianen komme mer op eng roueg Landstrooss, déi idyllesch duerch ee gréngen Dall féiert. Lénks a riets si gréng Hiwwelen déi an de bloen Himmel wuessen an nieft eis fléisst d’Our gemittlech virun sech hin. Um Stroosserand gesäit een e puer Fëscher déi hiert Gléck versichen. D’Strooss féiert a liichte Kéiere bis op Stolzebuerg. E kléngt Duerf wat säi Charme net verluer huet. Schéi renovéiert al Haiser, aus deem fir dës Regioun typesche Steen. Am Duerfkär steet den imposanten Tuerm vun der aler Kierch an do driwwer op engem Hiwwel trount d’Buerg Stolzebuerg. D’Buerg gouf 1898 erëm am Landhausstil opgebaut nodeems se 1679 vu franséischen Truppen zerstéiert gi war. Ronderëm d’Buerg erkennt een nach Deeler vun der aler Rëngmauer an et kann een sech gutt virstelle wéi et zur Ritterzait hei gewiescht muss sinn. Leider ass d’Buerg haut a Privatbesëtz a kann net besicht ginn.

Dofir gëtt een awer direkt entschiedegt well de Koffermusée vu Stolzebuerg kann a soll ee besicht hunn. Iwwer 500 Joer laang gouf hei Koffererz ofgebaut. E Musée am Duerf informéiert iwwert déi schwéier a geféierlech Arabescht déi hei fréier vu Biergaarbechter gemaach gouf. Haut si vill vun de Stollen iwwerschwemmt mee en Deel kann nach besicht ginn. Eng Aventure fir Grouss a Kleng wann et mat Stiwwelen, Helm an Täscheluucht an de kale Stolle geet. Sollten d’Kanner elo nach net genuch hunn da leit am Duerf, direkt un der Our eng flott Spillplaz wou d’Kanner och déi lescht Energie lass ginn.

Mir verloossen elo Stolzebuerg a fueren ongeféier 1,5km weider bis mer op de Camping du Barrage kommen. De Camping leit direkt un der Our. An der Entrée kënnen d’Kanner op eng Spillplaz mat Trampolin goen, wärend d’Elteren d’Formalitéiten erleedegen. Et huet een de Choix op ee well en Caravane  lounen, en Appartement oder awer säin eegent Zelt op enger schéiner  Wiss direkt nieft der Our opstellen. Mäin Tipp : stellt Äert eegent Zelt op. Et gëtt näischt méi Schéines wei owes um Bord vum Floss ze sëtzen an den Apero an dono Owesiessen ze genéissen. En anere positiven Effekt ass dat Iech dat berouegend Plätsche vun der Our an de Schlof begleet.

Iwwerall um Ufer si Platze wou d’Kanner kennen an d’Our spille goen déi hei maximal 20-30cm déif ass. An esou sinn och séier néi Frënn fonnt an eventuell Sproochebarrièrë si bei Kanner séier mat Hänn a Féiss iwwerwonnen. Op Dir um Camping wëllt d’Angel ausgeheien, op der Terrasse e Patt drénken, en Tour mam Vëlo maachen, oder just relax beim Waasser sëtzen, dat ass eleng Är Entscheedung.

De Camping bitt propper Sanitären an op der Terrasse beim Accueil kritt ee kleng Snacken a Gedrénks. Natierlech kritt ee Moies och frësch Mëtschen a Bréidercher.

Nodeems den éischten Dag gutt gefëllt war wollt ech Iech nach e puer Iddie gi wat een dann den zweeten Dag sou maache kéint. Zu Stolzebuerg geet e flotten Autopedestre vun 8km fort. Laanscht d’Our leeft och de 65km laange Sentier de l’Our. Intressant ass hei dat de Sentier och deels dem Verlaf vum Jakobswee bis op Santiago de Compostela entsprécht.

Tëscht Stolzebuerg a Veianen leit och d’Société d’Electricité de l’Our. Dir kennt d’SEO besichtegen an Iech de Stolle vum Kraaftwierk erkläre loosse wéi d’Pompelspäicherwierk funktionéiert.

Ween elo nach net genuch huet deem kann ech just eng Visitt vu Veianen mam herrleche Schlass roden. Wosst Dir dat laut enger Lescht vum amerikanesche Sender CNN d’Veianer Schlass zu de schéinsten op der Welt zielt? Veianen gëtt an engem Otemzuch mat Neuschwanstein oder Edinburgh Castle genannt. An wëll mer eis jo genuch beweegt hunn schwätzt jo och näischt dergéint eis mat deem eenzege Lëtzebuerger Sessellift bis bei d’Schlass feieren ze loossen. An emol ganz ënnert eis: kommen do net och bei Iech Kandheetserënnerungen héich?

Photo via Visit Eislek

Ech mengen ech kéint elo nach 2 Säite voll schreiwe wat een zu Veianen nach alles maache kann: vun Trëppeltouren, iwwert de Kletterpark….. Mee ech well jo just Tipps ginn, d’Buch mat Erënnerungen an Aventurë fëllen dat sollt Dir selwer maachen.😊

Tags:
Christian S.

Christian S.

Ech sinn e Wanderer, Hiker, Frënd vun der Natur an aale Scout. "Nur wo du zu Fuß warst, bist du auch wirklech gewesen” - Goethe  Ech sinn Admin vun der Wanderen zu Lëtzebuerg - Walking in Luxembourg - Wandern in Luxemburg Facebook Säit, leeden d’Facebook Grupp Trekking - Hiking - WanderenLëtzebuerg an hunn och en Instagram Account mam Numm walking_luxembourg.

Blog Comments
Avatar

Schéine reportage ! Ech war emmer gär zu Stolzebuerg , ech hunn do 12 Joer laang visites guidées gemaach . Iwwregens och op der Source Rosport .

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.