fbpx

DIY: Schrumpffolie

E wonnerschéinen Dag,

Ech hoffen et geet Iech all gutt.

Ouni laang ronderëm de waarme Bräi ze schwätzen, haut beschäftege mer eis mat Schrumpfplastik. Dëst ass ee Film, op deen ee moolt, d’Motiv dann erausschneit a waarm mëscht, fir datt et schrumpft a fest gëtt. Et kann een en an A4 Gréisst kafen, mee en ass mat 0,50-1€ pro Säit awer net onbedéngt bëlleg. Wien déi Suen net well ausginn – keng Panik!

Déi Schrumpffolie ass nämlech aus Polystyrene, recycléierbaren Nummer 6 Plastik, aus deem och divers Verpackunge gemaach ginn. Wann Dir d’Aen also e bëssen ophaalt, fann Dir bestëmmt e Jughurtsbecher oder Geméis Barquette mat der richteger Nummer drop. Denkt just un ären Tri, fir datt och nom Bastelen d’Recycléieren net vergiess oder vernoléissegt gëtt.

D’Folie gëtt et an zwou Zorten: kloer a wäiss-transparent.

Ofgesi vun der perséinlecher Preferenz gëtt et e puer wesentlech Ënnerscheeder. Zum Beispill, gräife Faarwen um wäiss-transparente Film vill besser. Op dem kloren kann een u sech just Tënt op Alkoholbasis benotzen, déi awer och schnell op der glater Uewerfläch hin an hier rutscht. Da muss een awer och wëssen, wat fir e Finish ee gär hätt. Déi liicht transparent wäiss Folie gëtt nämlech beim Schrumpfen opak. Soll Dir nëmmen Duerchsiichtegen oder Nummer 6 Plastik hunn, a wëllt awer z.B. mat Bläistëftsfaarwen drop molen an Dir hutt e bësse Sandpabeier enzwousch an engem Tirang leien, dann einfach liicht iwwert eng Säit vum Plastik schläifen, bis e ganz wäiss ass.

Benotzt op guer kee Fall en anere Plastik! Nëmmen den Nummer 6 schrumpft. Aner Plastiker schmëlzen, verbrennen an/oder gi gëfteg Gaser of. Fir är eege Sécherheet, déi vun de Leit an ärem Stot an deene, mat deenen Dir bastelt, w.e.g esou eppes guer net probéieren!

Nodeems mer dat da gekläert hunn, komme mer zur Saach.
Et kann ee Schlësselunhänger, Pins oder all méiglech Zorte Bijouen, aus dem Schrumpffilm maachen. D’Méiglechkeete sinn wierklech enorm. Ech maachen haut e klengen Unhänger fir un eng Ketten, aus zwou Blummen an e puer Blieder fir derbäi.

  • 1. Als alleréischt mole mer also Ëmrësser fir d’Bléien an d’Blieder. Wann ee se gär all an der selwechter Gréisst hätt, kann ee Béides op e Stéck Pabeier zeechnen an dat dann als Verglach benotzen an ënnert de Schrumpfplastik leeën. Soll Dir faarwege recycléierbare Plastik benotzen, kann et sinn datt dat net geet, well d’Material net transparent genuch ass.

Hei ass ze beuechten, datt d’Folie jee no Hiersteller op 40-60% vun hirer origineller Gréisst erof schrumpft. (Zum Recycléierplastik kann ech keng genau oder zouverlässeg Angabe ginn.)
Gesitt also vir, äert Bild ongeféier duebel esou grouss ze mole wéi Dir et duerno gär hätt.

  • 2. Da schneide mer eis Formen eraus. Hei oppassen, de Film ass relativ flexibel, kann awer trotzdeem räissen, dowéinst Saachen, wei diebelen oder ze enk Kéiere mat der Scheier huelen, vermeiden.

Fir dat Ganzt e bësse méi propper ze kréien oder wann e bësse méi intrigant Detailer an der Zeechnung sinn, kann e Skalpell extrem nëtzlech sinn.

  • 3. Als nächst mole mer eis Blummen a Blieder da faarweg, ech huelen dofir Alkoholmarker.
    (Beispiller fir Alkoholmarker si Copics oder Edding. Et gëtt awer och vill méi bëlleg no-name oder manner bekannte Marke Stëfter, déi fir esou Zwecker absolut mathale kënnen. Ech hunn de gréissten Deel vu mengen, aus engem Genre Discounter fir manner wéi 35 Cent d’Stéck.)

Natierlech kann een dat och virum Erausschneide maachen, ech maachen et einfach aus Gewunnecht ëmmer als Lescht. Fir d’Blieder kënn Dir och giel an hellblo Téin mat drënner mëschen, et muss ee just drun denken, dat vu datt de Plastik sech zesummenzitt, d’Faarwen duerno méi intensiv ginn, wéi se elo ausgesinn.

  • 4. Da maache mer mat engem Locher ee Lach an d’Mëtt vun all Bléi an eent an all Blat. Ech hu mer virdru Strécher gezunn, fir d’Mëtt besser ze treffen.
  • 5. An da geet et och schonn un de Speck! Wann Dir de Plastik am Bakuewe schrumpft, wiermt deen elo bei Uewer- an Ënnnerhëtzt op 150°C. An der Tëschenzäit fale mer e Kichenduch esou deck op, wéi méiglech a verdeelen eis Blieder op Bakpabeier op engem Bakblech. Eng vun de Blumme leeë mer separat op en zweet Stéck Bakpabeier, déi Aner leeë mer op d’Säit. Wann Dir eng Waarmloftpistoul benotzt, einfach dei Etapp mam Bakuewen ignoréieren.

D’Duch sollt deck genuch sinn, datt wann een drop dréckt, et e bëssen ageet.

  • 6a. Bakuewen: Wann de Bakuewen d’Temperatur erreecht huet, fänke mer mat de Blieder un. Stellt de Blech eran a waart, datt de Plastik schrumpft (+/- 2-3 Minutten). Keng Angscht, wann en sech zesummerullt, dat ass normal. Wann e sech da lues erëm ausernee rullt, huelt d’Blieder mam Bakpabeier vum Blech a leet se op d’Säit, fir datt se kennen ofkillen. Ënner Ëmstänn muss Dir eng Kéier mat eppes Flaachem drop drécken, fir datt se ganz platt ginn. Dat muss een direkt maachen, éier een d’Stecker eraushëlt, esou bal se kal ginn, ginn se nämlech steenhaart.
    Dat Ganzt widderhuele mer da mat enger vun de Blummen. Wann déi sech entrullt huet, a mer den Uewen opmaachen, huele mer se schnell mam Pabéier op d’Handduch an drécke mat engem ofgerënnte Géigestand, wei engem Bläistëft oder dem ieweschten Enn vun engem Pinsel, an d’Mëtt. D’Handduch gëtt no, d’Mëtt vun eiser Blumm diebelt sech no ënnen an d’Bléieblieder sech no uewen. Wa mer d’Blumm bei d’Blieder geluecht hunn, fir se komplett ofkillen ze loossen, widderhuele mer dat Ganzt mat der zweeter Bléi.
  • 6b. Waarmloftpistoul: Mat der Waarmloftpistoul geet dat Ganzt eng Grëtz méi schnell. Stellt äert Gerät op 200°C an (déi meescht kleng Waarmloftpistoule ginn 200-300°C waarm, oder hu Béides zur Optioun. Wann Dir eng méi grouss a sophistiquéiert hutt, bléift w.e.g bei 200°C a gitt op kee Fall iwwer 300°C. De Polystyrene gëtt ab ca 370°C gëfteg Gasen of. 150-200°C sinn dovu wäit ewech, mee wann ee bis op 300-350°C hëtzt, ass d’Waarmloftfpistoul gär och emol e puer Grad méi waarm, an/oder jee no Hiersteller de Plastik e bësse méi sensibel. Dat si Risiken, déi ech perséinlech léiwer evitéieren.
    Wann d’Bléi geschrumpft ass, drécke mer och hei erëm d’Mëtt erof. Hei net ze laang waarden, well wéi gesot, e gëtt schnell kal an haart.

Loosst d’Bléi um Stëft oder Pinsel hänken, bis se ganz ofgekillt ass.

D’Endresultat sollt dann eppes sinn, wéi op der Foto an der Mëtt.

Op der Foto ganz rechts gesi Dir am Verglach, wei grouss jeeweils d’Blumm an d’Blat virum a wéi kleng se nom Schrumpfe sinn.

  • 7. Da leeë mer alles beieneen, wat mer brauche fir den Unhänger zesummenzesetzen. Amplaz vum Basteldrot, kënn Dir och Fuedem huelen oder Headpins, déi extrem praktesch sinn, wann der mat ronne Pärele schafft. Ech hu fonnt, datt de Kofferdrot optesch gutt derbäi passt. Wéi Dir gesitt, hunn ech mer ausserdeem eng méi grouss Blumm an zwee grouss Blieder gemaach, fir e bëssen Ofwiesslung dran ze hunn.

Wann Dir esou eppes doheem hutt, oder dat Ganzt e bësse méi “chic” wëllt ausgesi loossen, wéi z.B. just mat enger Schnouer, kënn Dir och zu gëllenen oder sëlwerege Reng gräifen, fir verschidde Saache mateneen ze verbannen.

Da fädele mer alles op. D’Pärel kënnt als Pollen an d’Mëtt vun der Blumm. Ech hunn hei eng kleng blo an déi grouss orange-rosa gemaach, an déi mof separat gehalen.

Op der Foto an der Mëtt, gesitt Dir de fäerdegen Unhänger. Déi dräi Stecker hänken op dräi verschiddene Längten an d’Blieder, déi bei de Blumme mat derbäi sinn, si mat jee zwee sëlwerege Reng, déi esou kleng sinn datt d’Blieder net ze wäit no ënnen hänken awer grouss genuch, fir datt se separat beweegt kënne ginn, um Drot festgemaach (den Drot e puer mol ronderëm gedréit, fir datt de Rank mat dran “geflecht” gëtt).

An esou gesäit et aus, wann en un enger Kette gedroe gëtt (rechts Foto).

Perséinlech, fannen ech, dat kann sech gesi loossen, virun allem fir en éischte Versuch. (Dir gesitt also, et brauch een elo net extra vill Übung, oder extensiv Bastel Erfarung, fir dat hinzekréien.)

Mat Schrumpfplastik kann een onheemlech vill flott Saache maachen. Ech hunn zum Beispill och nach Pins gemaach.

Faarweg gemoolt hunn ech se mat Alkoholmarker, dat an engem méi “stréifege”, manner uniforme Stil. Loosst Iech just gesot sinn, datt Bic op der Folie net Alkoholtënt-fest ass. Déi Erfarung hunn ech wärend dem Molen dierfe maachen.

Festgemaach gëtt d’Nol vum Pin dann op der Récksäit mat enger Drëps Super Glue. (Woubäi ech mer och dës Kéier nëmmen zwee Fanger zesummegepecht hunn…)

A voilà, einfach un d’Jackett, d’Posch, de Rucksak, d’Box, etc pinnen.

Eng aner Optioun sinn z.B. Schlësselunhänger. (De Champignon hunn ech weder gezeechent nach faarweg gemoolt mee esou erausgedréckt. Déi fënnef Aner si ganz vu mir.) Hei kann een uewen extra e klenge Genre Reef virgesinn, fir d’Lach dran ze stanzen.

An dat waren déi lescht Fotoen an dëser laanger Serie. Ech hat den Unhänger mëttlerweil schonn un an d’Leit, déi gefrot hunn, ware ganz erstaunt ze héieren, datt dee selwer gemaach ass, wat ech als grousst Luef huelen. (Fir fair ze sinn, de Mindestofstand, dee mer am Moment nach mussen anhalen, kéint do eng Roll gespillt hunn ;-))

Esou oder esou sinn ech perséinlech wierklech zefridde mam Resultat.

Sollt en Iech och gefalen an Dir decidéiert en nozebastelen, wënschen ech Iech vill Spaass an Erfolleg derbäi. Bis am nächsten Artikel! 

P.S.: Em een Hoer hätt ech vergiess ze erwänen, datt een och op Schrumpffolie printe kann. Dat geet awer net mat all Imprimante. Menge Versich no, ass et och egal wéi gutt (also och wéi deier) se ass, oder op se eng Funktioun fir decke Pabeier huet, wann se net well, da well se de Plastik net.

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.