fbpx

Iwwer Ernärung an Zocker

D’Ernärung spillt am Liewe vun engem Sportler eng ganz grouss Roll.

Där Meenung sinn ech och an dowéinst dréint sech mäin Artikel vun dësem Mount genau em dëst Thema.

Ier ech ufänken, well ech betounen, datt dat wat ech schreiwen, mäin Point de Vue ass an ech mech op meng Erfarungen a mäin Liewe baséieren. 🙂

Eng gutt Ernärung, suergt net nëmmen dofir, datt s du dech an dengem Kierper wuel fills, mee virun allem verréngert se d’Verletzungschancen an hëlleft natierlech dem Kierper och a Form ze bleiwen an ustrengend Aktivitéiten auszehalen.

Et ass awer ganz wichteg den Ënnerscheed ze maachen tëschent engem Regime fir ofzehuelen, an enger Sportlerregime! Eist Ziel, als Sportler, ass natierlech net zouzehuelen, mee virun allem eng gutt Balance ze fannen, wou eist Kierpergewiicht a virun allem eisen «Pourcentage en Masse graisse» net ze héich ass. De Kierper soll dobäi gläichzäiteg genuch Energie hunn, fir den Training an de Stress auszehalen.

Als Sportler iesse mir zimmlech vill, an eise Kierper brauch dat. Mir musse Proteinnen iessen, Kuelenhydrater an och Fleesch. (Natierlech kann een d’Fleesch duerch Fësch ersetze wann ee Vegetarier ass) Vun all deem solle mer awer nëmme begrenzte Quantitéiten zou eis huelen an natierlech mat vill Uebst a Geméis ergänzen. Vun béidem kann een ni ze vill iessen !

Wat a wéi vill ech idealerweis soll Iessen, kréien ech vun enger Nutriotionnistin erkläert. Mat hier hunn och di meescht vun eis Tester gemaach, fir ee méi perséinlechen Ernärungsplang ze kréien. Et brauch a verdréit nämlech net jiddwereen dat Selwescht.

Wat mech ugeet, weess ech zB, dass ech Schwieregkeeten hunn mat Mëllechprodukter. Ech verdroen déi net gutt a probéieren déi esou wäit wéi méiglech ze evitéieren. Ech weess och, dass ech eng Persoun sinn déi relativ séier zouhëlt, an dowéinst ass et bei mir ëmsou méi wichteg op eng gesond a balancéiert Ernärung Uecht ze ginn. Ech passen iwwerdeems och nach vill op, fir genuch ze drénken. Ech tendéieren dozou dëst net genuch ze maachen an doduerch d’Hëtzt manner gutt verdroen.

Dat ass awer hei am CREPS leider net ëmmer esou einfach, well d’Iessen net onbedéngt ugepasst ass. Ech hunn heiansdo den Androck, datt si dat kafen, wat am bëllegsten ass an am meeschte giess gëtt. Leider ass dat oft net dat bescht fir ee Sportler. Beim Kaffi Moies zum Beispill, bréngen ech meng eegen Huewerflacke mat, well si just Kellogg’s mat immens vill Zocker hunn. Déi iessen ech dann natierlech net mat Mëllech mee mat engem Jughurt, well ech dee besser verdroen a méi séier verdauen. Och bei deenen anere Moolzechten, kachen si leider exklusiv wäiss Nuddelen oder wäisse Räis. Hei probéieren ech et auszegläichen, an deem ech vill Geméis iessen.

Mir Tennisspiller hunn awer och alleguer Iesssaachen an eisem Zëmmer fir falls d’Iessen, wat mir am CREPS kréien, net genuch beihällt an mir no (oder wärend) dem Training Honger kréien.

ZOCKER

Ech wollt kuerz och nach op d’Thema Zocker agoen. Een Thema wat immens wichteg a menger, mee och an der Ernärung vu jidderengem ass.

Eise Kierper verlaangt verschidde Saache vun eis, dorënner och Zocker. De Probleem vum Zocker ass, dass en bei eisem Kierper eng Reaktioun vun enger Droge ausléisst. Esoubal mir Zocker zu eis huelen, spiere mir eng bestëmmte Befriddegung, a genau dat Gefill verhält sech eise Kierper. Aus dem Grond hunn mir ganz oft Loscht op Zocker an en zitt eis un.

De grousse Probleem dobäi ass, datt mir just eng begrenzten Unzuel un Reserve vun Zocker kennen zou eis huelen. Dat wat ze vill ass, wandelt sech a Fett em.

Wat di meeschte Leit net wëssen ass, datt net nëmmen a Séissegkeeten Zocker ass, mee a quasi allem wat mir Iessen. (Am Brout ass Zocker, an den Nuddelen ass Zocker, souguer am zockerfräie Müsli ass Zocker.)

Den Probleem ass, dass een dem Zocker net entkomme kann. Virum allem als Sportler net, well eise Kierper an eis Muskelen den Zocker brauchen.

Dofir ass et ganz wichteg den Ënnerscheed tëschent dem séieren an dem luesen Zocker ze kennen. Den Ënnerscheed ass nämlech dass de séieren Zocker (Séissegkeeten, wäiss Nuddelen, Orangëjus asw.) eis Reserve vill méi séier opfëllt, a mir also méi séier Fett produzéieren an deck ginn. De Probleem ass och, dass de séieren Zocker, eis Reserven zwar séier opfëllt, se sech awer séier opbrauchen, a mir ze séier erëm no Zocker verlaangen.

luesen Zocker

De Virdeel beim luesen Zocker ass, dass d’Reserven sech manner séier opfëllen, an een also ganz grouss Quantitéiten iesse muss, fir Fett ze produzéieren. Dat wat fir eis Sportler awer am wichtegsten ass, ass dass de luesen Zocker méi laang unhält, a mir also zum Beispill ee ganzen Training aushalen. Luesen Zocker fënnt een iwweregens ënnert anerem am Uebst, Geméis, Wellkarbrout, Wëllkarnuddelen, asw. Natierlech kann een dem séieren Zocker net ëmmer entkommen, da muss een säi bescht maache fir een Ausgläich ze schaffen. An dat mat Uebst a Geméis. Et gëtt ëmmer ee Wee, den Iwwerschoss vun Zocker ze vermeiden!

Ech hoffen ech konnt Iech Thema Ernärung beim Sportler e bësse méi no bréngen an dir konnt eventuell déi eng oder aner Info aus mengem Artikel mat huelen, déi Dir nach net kannt hutt.

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.