fbpx

Den Déifferdenger Märchewee

Déi wou mech kennen, wëssen datt et eng ganz Réi Saache ginn, déi mech begeeschtere kënnen. Déi wou mech ganz gutt kennen, wëssen, datt Märecher op alle Fall dozou gehéieren.😊 An esou hat ee Facebookpost mech kal erwëscht: Et goung ëm den Déifferdenger Märchewee, deen ech bis dato net kannt hunn.

Direkt hunn ech missten erausfannen, wou a wat genau dat dann ass.

Also, direkt hannert der Gemeng, um Enn, um Wupp vun der “rue Metzkimmert” (jo, unenee geschriwwen) fänkt de Märchewee un. Uewen um Rollesbierg ass e klenge Parking an déi Déifferdenger Vëlosschoul.

Um Ufank vum Wee, goufe mir direkt ganz léif vun enger aler Mimmche begréisst. Et geet direkt lass ob dee knapp 2 Kilometer laange Rondwee, dee voll mat de bekanntste Figuren aus der Märchewelt ass.

Esou begéinen eis um Wee d’Rapunzel, de Rumpelstilzchen, de Pinocchio a nach vill aner Figuren. Just eng vun all de Kreaturen, déi um Märchewee laueren, ass net aus de Bicher vun de Gebridder Grimm. Dobäi handelt et sech em de roude Léif, hie staamt nämlech aus de Fieder vum Mireille Weiten de Waha, enger Déifferdenger Schrëftstellerin. Mat dësem Märche huet d’Mireille 2006 esouguer de Kanner- a Jugendlitteraturpräis “Fisschen” gewonnen. An de roude Léif kenne bestëmmt vill Kanner, wëll säi Schlass, dat steet zu Beetebuerg am Park.🙂

Alleguer déi Figure stinn net nëmmen einfach am Bësch ronderëm, nee, si lueden d ’Kanner an, mat hinnen ze spillen. Zum Beispill d’Rapunzel, hatt schmäisst seng laang Hoer erof, sou ka jidderee seng Kraaft moossen a probéiere bei hatt erop ze kloteren. Oder de Pinocchio, dem kann een un der Nues zéien. An da kann een natierlech och nach eng Gruppefoto mat de siwen Zwerge maachen. Gitt eemol selwer kucken, wat ee mat deenen alleguer ustelle kann, et lount sech!

Awer net genuch domat, de Fieschter vun Déifferdeng, den Här Christian Berg, deen dës Iddi hat, huet och nach an der Géigend vun all Märchen eppes verstoppt. Am Bësch fënnt een nämlech nach all Kéiers en eenheemescht Déier, dat ee mat engem Fernrouer siche kann. Den Fieschter huet eis nach eppes verroden: et kënnt an den nächste Joren nach dat eent oder anert Märchen dobäi… Mir si gespaant.

Iwwerall si Bänken, déi ob eng Paus alueden. An zum Schluss waart nach eng flott Spillplaz an natierlech erëm d’Vëlosschoul, déi an 2 Deeler agedeelt ass. Et huet een engt Stroosselabyrinth, wou lauter Weeër mat Schëlder ob ee waarden; Virfaarten, Stoppschëlder, Rond-point, a villes méi. An bei der Spillplaz ass dann nach een holperesche Geschécklechkeetsparcours, fir déi ganz couragéiert Vëlosfuerer.

Ob alle Fall ass et der Wäert, fir dee wonnerschéine Wee mat senge Märecher ze entdecken.

Typ fir déi Grouss: Vergiesst net e deckt Grimmsmärchebuch anzepaken, ënnerwee musst Dir bestëmmt all déi Geschichte virliesen. 😉

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.