fbpx

Spueresich bei Hein Déchets

Nom interessante Gespréich mam Direkter vu Sources Rosport, dem Här Max Weber, an mam Här Claude Turping vun der Valorlux, hunn ech mech ob de Wee op d’Musel gemaach fir ee weidere Partner vu Sources Rosport kennen ze léieren: Hein Déchets.

Hein Déchets gehéiert zum Hein Group, enger Firma där d’Ëmwelt um Häerz läit. Ugefaangen huet alles 1931 mat Sand a Steng déi d’Firma Hein aus de Musel gefëscht huet. Wéi all gudde Betrib ass des Firma gewuess a mat de Joren huet se och aner Aktivitéiten ugefaangen. Nodeems d’Musel Kanaliséiert ginn ass, hunn si ronderëm am Musel-Dall de Sand ofgebaut. Eng eegen Transportfirma koum dobäi an dunn 1990, gouf Hein Déchets gegrënnt.

Viru méi wéi 30 Joer, gouf nach net esouvill recycléiert an et waren éischter déi grouss Betriber déi hei Potential gesinn hunn. Sou huet Hein de Firme Container zur Verfügung gestallt an se an hirem Striewe beim Recycléieren ënnerstëtzt.

Bal e Joerzéngt méi spéit, koum 1999 d’Valorlux an huet mat Hein Déchets de Partner fonnt fir de Recycling a Lëtzebuerg flächendeckend ze organiséieren. Vun do un sortéieren si de ganzen Inhalt vun de Bloen a gréngen Tuten.

Si haten deemools zwar schonn eng Sortéieranlag, awer déi war den Ufuerderung duerch den Inhalt vun de bloen Tuten net gewuess. Sou gouf schonn am Joer 2000 eng éischt Anlag gebaut fir kënnen alles aus de bloe Säck ze sortéieren. Dës éischt Léisung war nach relativ einfach an schonn e puer Joer drop ass déi Anlag verbessert ginn a nees e puer Joer drop erweidert ginn a sou weider,…. Bis dann 2018 déi komplett néi, modern Sortéieranlag gebaut gouf. Dës ass elo ausgeluecht, datt si eisen Offall mindestens fir déi nächst 15 Joer bewältege kann.

Elo kënnt all blo Tut hei ob der Musel bei der Firma Hein Déchets un. Si hunn eng riseg Lagerhal wou de ganze wäertvollen Offall gelagert ka ginn, bis e sortéiert gëtt. Et ass immens wichteg grouss Halen ze hunn fir déi sellwechten Tuten esou ze virum Wieder ze schützen. Awer och mussen si genuch Plaz hunn fir emol déi Tute kennen tëschen ze lageren. Et ka jo ëmmer eppes un der héichmoderner Hightech-Sortéieranlag e Problem optauchen. Mee si si fir alles gerüst.

An da ginn déi Tuten iergendwann duerch de Sortéierprozess. Um Enn mussen all déi verschidden Inhalter dem Material no sortéiert sinn. An dat esou propper wéi méiglech. Dat heescht et soll sou mann wéi méiglech falsch sortéiert sinn. Da gëtt alles gutt verpaakt a geet ob d’Rees bei de Verwäerten, eng Firma déi dëse “Offall” verschafft.

Ech hu mech gefrot, wéi vill där Tuten si dann esou sortéieren. An bei der Äntwert ob dës Fro war ech just paff.

Si verschaffen an engem Joer 11.000 Tonnen (a Kilo maachen dat 6 Nullen: 11.000.000kg.) Dat sinn enorm 200 Tonne pro Woch.

Mee wéi vill PET Fläsche ginn dann esou nees erëm verwäert? Natierlech huet nach keen all déi Fläsche gezielt, mee et kann een ouni Problem berechne wéi vill PET Fläschen hei landen. An déi Zuel ass och impressionant. Also mir war de Mond opstoe bliwwen: Et sinn iwwer 200 Millioune PET Fläschen pro Joer. All eenzel Fläsch lant duerch dës Aarbecht vu Hein Déchets zesumme mat Valorlux an all hire Partner net an der Dreckskëscht oder an der Natur. Mee gëtt nees verschafft. Aus de PET Fläsche ginn esou nees Fläschen. Mee dozou, méi ob der Plaz… méi spéit am Joer.

An engem ausgeklügelte Prozess mat ginn déi eenzel Inhalter aus den Tute getrennt. Hei spillt immens vill Physik a Wëssenschaft zesummen.

Just un engem klenge Beispill… Eis PET-Fläsch gëtt ob eng Geschwindegkeet vu 6 m/s beschleunegt. 6 m/s héiert sech net esou schnell un, mee dat sinn iwwer 21 km/h. Mee firwat muss eng Fläsch esou schnell sinn? Dat huet en Grond. Et ass net fir datt se méi schnell duerch d ‘Anlag ass. Mee wëll se da besser um Enn vum Band flitt.Um Band gëtt se vun enger Kamera erfaasst. Dann ass dat Band iergendwann zu Enn an eis Fläsch flitt iwwert de Rand, an enger ballistescher Kurf, eraus. An hei gëtt entscheeden op se vun enger Loftkanoun um Enn vum Band mat engem Loftstouss vun 8 Bar ugeschoss gëtt oder net. Mat dem Loftstouss gëtt entscheet wéi hire Wee beim sortéiere weidergeet. Duerch déi Kamera wou se gefilmt hat, konnte Computere berechne wéini wéi en Loftstouss eis Fläsch wouhinner beweegt.

Einfach phänomenal, wat fir eng Techniken hei agesat ginn, fir den Prozess vum Sortéieren ze bewältegen.

An all Nomëtteg gëtt hier Anlag gebotzt an et gëtt Maintenance gemaach. Fir datt si laang ouni Problemer weider sortéiere kann.

Am ganze sinn eng 20 Leit hei beschäftegt, si zesumme passen ob datt alles ouni Problemer leeft.

Ech wollt awer och wëssen, wéi déi perfekt Fläsch fir si ausgesäit?! Déi Äntwert war kloer. Si, bei Hein Déchets, hunn se am léifsten: eidel, platt gedréckt, mat Stopp drop.

Doduerch dat de Stopp drop ass, bléift déi platt gedréckte Fläsch Platt. Wëll se platt ass, ass se net méi ronn. Logesch! An doduerch ass et méi einfach se um Band ze beschleunegen, se rullt net fort.

Bestëmmt huet den een oder aneren sech nach eng Fro gestallt iwwert dee Stopp ob der Fläsch. Genee dat sinn 2 verschidde Konschtstoffer. Mee am nächste Schrëtt, bei enger anere Firma, ginn déi Fläsche mat an ouni Stopp geschreddert a gewäscht. A beim Wäsche ginn déi 2 verschidde Plastiker getrennt. De Stopp schwëmmt uewen an de Rescht vun der Fläsch geet ënner, doduerch sinn se scho getrennt a propper.

Wann alles sortéiert ass, gëtt et oftransportéiert an da weider verwäert. Duerch déi Kooperatioun kënnen enorm vill  wäertvoll Rohstoffer erëm verwäert ginn.

 

Méi spéit am Joer ginn ech mir ukucken, wéi aus deene gesammelte Fläschen nees néi Fläschen entstinn. Awer dat ass fir nom Summer. Déi nächst Kéiere ginn ech mech iwwert eist Waasser schlau maachen.

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.