fbpx

Pëschelchen ouni Bitzen

E wonnerschéinen, gudden Dag. Wann Dir, ewéi ech, alles iwwer 20°C vill ze vill waarm fannt, är Deeg am Moment gréissten Deels dobanne verbréngt, an eng Beschäftegung sicht; an idealer Weis eng néi Schachtel (well och wa keen et well héieren, geschwënn geet och d’Schoul nees un) oder kleng Posch braucht, dann hunn ech hei genau dat Richtegt!

“Mee, ech kann net bitzen..!”

Kee Problem, ech bréngen et och nëmmen esou just fäerdeg e Lach an engem Kleedungsstéck ze flecken, ouni mech selwer mat drun ze bitzen. Em esou méi begeeschtert war ech, wéi ech Stoff/Textil Pech entdeckt hunn. Zwar war ech ufanks skeptesch op dat hält, mee ech ka bestätegen, datt et mindestens esou sécher ass, wéi eng gebutten Nout.

Éier elo ee sech denkt, “Dat ka mäi Super Glue awer och!”.
Jein. Esou frou ech mat deem Wonnermëttel sinn, heifir ass et net dat Richtegt.
1. ass dee Pech net flexibel a gëtt mat der Zäit bréckeleg duerch d’Beweegung am Stoff, an 2. kann ee Sekonne Pech net mat wäschen, well en sech am waarme Waasser opléist.
Nodeems dat alles gesot ass, pake mer d’Saachen also aus an dann huele mer de Projet an Ugrëff!

Wat mer brauchen:

  • Stoff, am beschten een, dee keng Fiedem zitt. Ech hunn hei e Stéck aus enger Polyester Decken aus dem groussen, giele Miwwelhaus. Fir eng 14cm Tirette, brauch een ongeféier 18cm Stoff an der Breet, wann d’Schachtel net méi laang wei d’Tirette soll sinn. D’Längt hänkt dovun of, wéi déif Dir är Pëschelche gär hätt, d’Gesamtlängt muss just duebel esou laang sinn, wéi d’Endprodukt.
  • Eng Tirette, fir eng Schachtel 14-16cm laang
  • Eng Schéier. Ech hunn als Kand ëmmer all méiglech verschidde Schéiere fir déi falsch Zwecker (Materialien) mëssbraucht, mee hei mecht et effektiv en Ënnerscheed, an eng Stoff-Schéier schneit hei besser ewéi 20 Puer vun deene meeschte Modeller fir Pabeier.
  • An dann natierlech de Pech. Mäin hei ass vun der Mark, déi no deem nuetsaktive Vull benannt ass.

1. Fir unzefänken, siche mer d’Mëtt vun eisem Stoff. Do leeë mer dann d’Tirette der Breet no drop. Da verdeele mer eesäiteg eng generéis Portioun Pech iwwert déi ganz Längt vum Bord vun der Tirette.

Dee Sträife Pech kann een e bësse verdeelen, fir datt en net grad esou als Wurscht do setzt.

2. Dann diebele mer d’Enn vum Stoff op der Säit, wou mer de Pech op d’Tirette gemaach hunn, no bannen. Wéi vill, hänkt vun der Breet vum Bord of.

Da peche mer et fest. Am beschte leet een d’Stoffer do openeen, wou se sollen zesummenhalen an dann e schwéiere Géigestand, wéi e Buch, drop a léisst dat Ganzt mindestens eng Stonn dréchnen. Bis de Pech gedréchent ass, hält zumindest dësen hei iwwerhaapt näischt zesummen. Duerno ass en bommefest.

3. Da maache mer dat Selwecht op der anerer Säit.

A voilà, domat ass de gréissten Deel u sech scho gepackt.

Da maache mer d’Tirette op, dréinen dat Ganzt op lenks, a maachen nees zou.

4. Elo peche mer uewen an ënnen de Bord vun der Tirette, deen iwwer steet, zesummen. Wann Dir är Schachtel méi grouss maacht, wéi Tirette laang ass, einfach och dee Stoff op déi selwecht Aart a Weis zesumme pechen. Heifir de Pech iwwert déi ganz Breet schmieren an der Längt no beim Metall ophalen.

Fir datt et hält, am beschte béid Enner mat enger Klamer oder Änlechem zesummen halen.

T’selwecht wéi virdrun, dat Ganzt op der anerer Säit widderhuelen.

5. Wann alles dréchen ass, fuere mer weider, andeems mer d’Säiten zoumaachen. Éier mer zum Tüb gräifen, maache mer d’Tirette awer erëm op! Wann een dat vergësst, ass een duerno e bësse geplot fir se vun der falscher Säit opzekréien. Net datt dat mir geschitt wier… 😉

6. De nächste Schrëtt ass ganz simpel. De Pech op der Säit, der Längt no erop oder erof op de Stoff ginn, dann uewen an ënnen bis an d’Ecker, an dann déi iewescht Couche Stoff einfach erëm driwwer leeën.

Eng Säit, dann déi aner an dann eventuell erëm e Buch drop. Mee opgepasst, wann ee mam Pech iwwerdreift, kéint et sinn, datt deen duerch de Stoff zitt an dann äert Gewiicht mat un d’Schachtel bënnt. Sollt dat geschéien, kann ee sech engem Skalpell oder soss engem schaarfe Messer hëllefen. Allerdéngs muss d’Pëschelchen dobäi wuel e puer Buuschte loossen, an huet och “Narben”, wéi haart Stecker Pech, déi net super schéin ausgesinn an och net méi ewech ginn.

7. Dann dréine mer eis Schachtel erëm op riets. Elo wär Dir warscheinlech feststellen, datt d’Tirette bannen e bëssen ofsteet oder sech ënner Ëmstänn esou guer ganz no baussen dréint.

Och aus praktesche Grënn, wéi zum Beispill datt een ëmmer dodrun hänke bléift, wann een eppes well eraus huelen, ass et favorabel, och hei d’Tirette un de Stoff fest ze pechen.

Heifir op enger, vun den zwou Säiten, eng generéis, mee net ze deck Couche Pech drop schmieren. Oppassen, datt ee bis ganz ënnen a ganz uewen an d’Fal era reecht. Dann dat Ganzt no bannen, also den Tirette Stoff op dee vun der Schachtel dréinen, riicht zéien a fest undrécken. Eventuell eppes drop leeën, fir datt et esou leie bleift, bis et dréchen ass; dat bannen an d’Schachtel, net uewen drop, fir ze vermeiden, datt eppes verrutscht oder zesumme pecht, wat net zesumme gehéiert. Hei am beschte lenks a riets noenee maachen.

8. An dat war et dann och schonn!

All konventionell Stëfter passen der Breet no dran. Ween op extra Nummer sécher well goen oder och e Bläistëft well dra maachen, muss awer iwwer déi 18cm eraus goen, dat mat entweder enger méi laanger Tirette an/oder einfach engem méi laange Stéck Stoff. Perséinlech géing ech zu der zweeter Method gräifen, dat awer aus reng optesche Grënn.

9. Da kann een seng kleng Posch natierlech nach dekoréieren.

Ech hunn e klengen Dinosaurier draus gemaach. Esou bal ech meng schwaarz Stoff-Faarf fannen, molen ech em vläicht nach e schwaarze Stréch fir de Mond iwwert d’Zänn.

D’Pëschelchen ass och villsäiteg. Nieft menge Schlësselen (wou och mäin Autosschlëssel nach mat drun hänkt, deen een hei net gesäit) passen och mäin (ech ginn zou – klengen) Portmonni a mäin ongeféier 15cm x 7,5cm Handy dran. Vu datt een se ouni Problem mat an d’Wäschmaschinn ka werfen, kann een se och als Schmink Täsch benotzen, oder fir Kanner “Utensilien” oder Snacks dermat beieneen ze halen an ze transportéieren.

A si mer éierlech, bei dësen Néit…

…Mierkt kee Mënsch datt mer beim “Bitzen” e bësse gefuddelt hunn.

An domat si mer um Enn ukomm. Dir gesitt, et ass wierklech einfach, wann och e bëssen zäitopwänneg, well de Pech all Kéier muss dréchnen. Ech mengen ech maachen der nach e puer, déi ech dann och e bësse méi “erwuessen” dekoréieren. 😉

Vill Spaass beim nobastelen, bis am nächsten Artikel, a bis dohin, bléift all gesond a kreativ! 

 

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.