Wien brauch net e gudde Moschter. Ob beim Wupp oder fir eng Moschterzooss…Mhmmm WĂ€inzoossiss mat Moschterzooss.đ
Ech maache mÀin Moschter ëmmer sëlwer well esou kann ech och de Goût ganz genau esou beaflosse wéi ech et gÀren hunn. Ech perséinlech hunn zB schaarfe Moschter gÀren, mee en dierf net esou schaarf sinn, datt en an der Nues brennt.
Et ass och ganz einfach Moschter selwer ze maachen, ech verroden dir elo wéi ech et ëmmer maachen:
Et brauch een:
- 250 gr MoschterkÀren
- 50 gr Zocker oder Hunneg
- 15 gr Salz
- 200 ml Waasser
- 150 ml WĂ€in-Esseg
- eventuell Gewierzer no Loscht a Laun

A wéi gëtt aus all dem elo e leckere Moschter?
Perfekt wĂ€r et wann een eng al Kaffismillen hĂ€tt, an dĂ€r een dâMoschterkĂ€re schĂ©i lues muele kĂ©int. Ech hu keng a muele mir dâMoschterkĂ€ren a menger Kichemaschinne. Ech stellen se ganz lues an a maachen oft eng kleng Paus. Esou ginn aus de KĂ€ren e Moschtermiel. Et ass immens wichteg, dass dobĂ€i alles schĂ©i lues leeft, fir datt dĂ«st Miel sech net erhĂ«tzt. Wann et nĂ€mlech ze waarm gĂ«tt, verflitt den Ueleg an de GoĂ»t.
An der TĂ«schenzĂ€it hunn ech d âWaasser an den Esseg kuerz opgekacht an awer och nees ofkille gelooss. DĂ«s FlĂ«ssegkeet soll manner wĂ©i 30°C hunn.
DâMoschtermiel, den Zocker, dâSalz an dee Recht vun de Gewierzer (fir dĂ©i Dir Iech entscheet hutt) mĂ«schen an da lues dâWaasser-Esseg Mixtur drop schĂ«dden a gutt rĂ©ieren.
A schonn ass de Moschter fÀerdeg, also bal. E muss nach a propper a steriliséiert Glieser mat Deckel gefëllt ginn an e bësschen zéien.
Steriliséiert Glieser: Ech huele meng al propper Gebëss-Gliesen an tauchen déi an hier Deckelen emol kuerz a kachend Waasser.
Ech hoffen ech hunn Iech Loscht ginn, och hausmaacher Moschter ze maachen!
Leave a Comment