fbpx

Éischten Tournoi no 6 Méint

Endlech war et erëm esou wäit!

Meng éischt Rees säit 6 Méint fir Tournoien ze spillen.

Natierlech kenne mir am Moment nach keng international Tournoie spillen, also spille mir aktuell elo mol Tournoien op nationalem Niveau, an zwar am Süden vu Frankräich, bei Toulon. Dat sinn erwuessen Tournoie wou den Niveau am Laf vum Tournoi ëmmer méi héich gëtt. Mat mengem Klassement kommen ech éischter zum Schluss vum Tournoi un d’Spillen. Op esou Tournoie spillt een oft tëschend 2-4 Matcher, mir spillen 3 Tournoien hannert eneen, an der selwechter Géigend. Eis Tournée wäert also ongeféier 10 Deeg daueren.

No der Tournoi ginn ech dann Heem a kréien ee verlängerte Weekend fräi fir mech ze erhuelen ier et erëm mam Training lass geet.

Eng Woch virun eiser Tournée, op déi mer zu 4 Meedercher an 2 Trainer mam Zuch fueren, hunn mir eis erëm all zu Reims am CREPS getraff an eis virbereet. Mir haten nämlech all eng kleng Vakanz vun enger Woch.

Mir hunn eis all gefreet, well esou laang ouni Tournoi, dat si mir net gewinnt! Hei war et elo d’Aarbecht vun eisen Traineren, eis Freed an Erwaardungen e bëssen ze bremse well oft ass et nämlech ze erwaarden, datt di éischt offiziell Tournoien esou enger laanger Zäit ouni, net esou gutt lafen, wéi déi virun der Quarantänn. Engersäits, well mir jo alleguer d’Gewunnecht vum Stress a vum Drock verluer hunn, an anerersäits, well och eisen Tennisniveau villäicht nach net erëm ganz do ass…

Mir hunn eis zu Reims gutt op d’Tournoie virbereet an dëst an 2 Domänen:  kierperlech mat vill Training a Fitness an awer och mental, mat vill Gespréicher mat eisen Traineren.

No dëser Woch Preparatioun, war et dunn endlech esou wäit: mir hunn den Zuch geholl an hunn eis op de Wee gemaach.

Wéi gesot, fänken déi Tournoie beim schlechtste Klassement un, wou mir ukomm sinn, war den éischten Tournoi zu Saint-Cyr-sur-Mer also schonn am gaangen.

Mir si scho 4 Deeg, éier ech mäin éischte Match hat ukomm, well eent vun de Meedercher aus der Struktur scho méi frei gespillt huet. Dat war awer gutt, esou konnt ech mech un de Wand an un de Belag un den Terraine gewinnen. Mat der Hetzt hate mir net esou Schwieregkeeten, well et wärend der Preparatioun zu Reims méi waarm war, wéi elo hei am Süden.

Ech hunn also 4 Deeg laang weidertrainéiert, mee ouni mech ze vill midd ze maache fir d’Matcher. Nodeem ech e puer Deeg laang de Süden a Rou genoss hunn, war et dann un mir. Ech hat 2 Matcher pro Dag, an di si gutt verlaf.

No 2-3 Deeg si mir dann op Six-Fours-Les-Plages gefuer, well do war den nächsten Tournoi. Ech hat tëschend mengem éischten Tournoi a mengem zweeten, nëmmen een Dag Paus. De System war awer de selwechte wéi beim Éischten. Tëscht dem 2. an 3. Tournoi, hate mir dann awer e puer Deeg Paus, wou mir vum Süden a vum Mier profitéiere konnten. Natierlech ass et da scho erëm lass gaange mat der Virbereedung fir eise leschten Tournoi, mee e bëssen Oflenkung deet ëmmer gutt.🙂

Trainéiert hunn mir oft virun dem Ufank vum Matcher also géint 8h, well d’Terrainen dono all besat waren. Heiansdo hunn mir awer och nach no dem Matcher, géint 20h, trainéiert. Et waren also immens laang Deeg… Tëscht den Trainingen hunn mir d’Matcher vu Bekannte gekuckt, bësse geschlof an hunn eis masséiere gelooss fir eis ze erhuelen.

No bal 5 Deeg Training huet dann eise leschten Tournoi, zu Cyreste, ugefaangen. Wärend dësem Tournoi hunn mir net an engem Hotel geschlof, mee bei enger Famill, déi d’Zëmmere vun hirem Haus wärend dem Tournoi un d’Spiller verlount huet. Dat war immens praktesch, well mir méi Platz haten a selwer kache konnten. Mir huet dat awer virun allem gefall, well ech et flott fonnt hunn, mat anere Spiller ze iessen an den Dag ze verbréngen. Et war méi geselleg wéi di ganzen Zäit an engem Hotel Zëmmer ze sinn…🙂

Mir waren de Samschdeg mam leschten Tournoi fäerdeg a sinn dann den Dag drop mam Zuch erëm Heem gefuer. Ech si vu Marseille aus direkt op Lëtzebuerg gefuer, fir e bësse Paus ze maachen.

Et war wéi erwaart net meng beschten Tournée, mee fir eng Reprise war et net schlecht.

Elo geet et awer scho gläich erëm zréck op Reims fir ze trainéieren, well den nächsten Tournoi steet virun der Dier; als éischt nach ee franséischen Tournoi zu Cattenom an da spillen ech d’Lëtzebuerger Landesmeeschterschaft. Ech freeë mech, dass alles lues a lues erëm un d’Rulle kënnt!😊

Tags:
Claude M.

Claude M.

Former blogger at Imaginetheswallows.com and Masters graduate in Multilingual Communication, Claude turned her passion for Social Media into her full time job and is now working as freelance Social Media Manager and Content Creator, helping companies build their online presence. In her free time she loves to cook, discover new recipes and create her own. Also she loves to read, travel and watch series. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.