Um Rand vun Diddeleng, net wäit vun der Autobunn, läit de Park Le’h. De Park gëtt et scho säit wäit iwwer 100 Joer. Fir ganz genee ze sinn, kommen d’Leit säit 1910 vun Diddeleng an Aneschtswou hei an de Park, fir sech e bësschen ze erhuelen. Mat de Jore gouf ëmmer nees un dem attraktive Park geschafft an elo am Joer 2020, koum et zum leschten Update: engem Buerféisswee.

Ob engem hallwe Kilometer kann elo jidereen iwwert déi 19 Statiounen trëppelen. Direkt hannert dem Kiosk, steet elo en risegt Regal, wou een seng Schong ofstelle kann, an da geet et direkt mat dem Beschte lass: Enger Bidde voller Bulli! 😀
Aus engem Bamstamm gouf eng Aart Kanu oder Bidde geschloen an déi ass bis un de Rand mat frëschem Bulli gefëllt. Hei watschelt een duerch an dat natierlech och mat engem ganz bestëmmte Sënn. Duerch de Bulli sinn d’Féiss nämlech e bësselche geschützt an et kann direkt iwwert de mëlle Bëschbuedem bei den éischten Atelier goen. Et handelt sech heibäi em eng kleng Holzbréck, wou een driwwer leeft. An da kennt all puer Dose Meter en néien Atelier, et ass wierklech vun allem dobäi! Et trëppelt een iwwert kal Steng, iwwert déi verschiddenste Materialien aus dem Bësch an et geet esouguer eemol iwwer Dännenzapen – an erstaunlech, déi si ganz mëll.
No den Atelieren, geet et laanscht déi grouss Bëschspillplaz zeréck an iert een dann nees a seng Schong klëmmt, kann een seng Féiss wäschen.
Ob alle Fall ass et e rise Spaass an en richtegt Erliefnis fir Grouss a Kleng.
De Park Le’h bitt awer nach vill méi! Nieft dem néie Buerféisswee, gëtt et och nach de Kannerwanderwee, op dem de Joshi, e Spiecht, all Kanner aluet mat him trëppelen ze goen. Ob insgesamt 11 Statioune geet et duerch de Bësch.
Wat erwaart eis ënnerwee? Et geet lass mat engem mega grousse Memory, bei dem meeschtens déi Kléng gewannen. Méi spéit kann ee sech mat den Déieren am Wäitsprong moossen. Kanns du esou, wäit wéi en Hues sprangen? A sou geet et weider, mat lauter weideren, spannende Statiounen.
Wien d’Nues dann nach ëmmer net voll huet, kann entweder ob enger vun de Spillplazen an der Le’h seng Energie lass ginn, oder am Kloterbësch, an dem et eng ganz Partie Weeër tëschent de Beem gëtt. Et ass definitiv fir jiddereen eppes dobäi. Soubal een trëppele kann, kann een sech ob de klenge Wee trauen an d’Mamm oder de Papp kënnen hei niewendru mat goen. Et ginn awer och Parcourse ganz uewen an de Beem. Wien do erop wëll, léist sech vun de Léit ob der Plaz alles genee erklären. Et däerf een sech och just dann, wann een alles erkläert krut an d’Secherheetsgeschier ugedoen huet, op de Wee maachen.
An der Le’h, do ass fir jiddereen eppes dobäi! Kommt laanscht a verbréngt e puer flott Stonnen an dësem Park. 🙂
Méi Informatiounen zum Kloterpark, fënnt een um offiziellen Site vum Park.
Leave a Comment