fbpx

Bekannt Plazen: De Päiperleksgaart

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

De Päiperleksgaart ass eng flott Plaz fir d’Frënn vun der Natur an hir Schéinheeten. Zu Gréiwemaacher läit deen tropesche Gaart mat Honnerten exotesche Päiperleken op méi ewéi 600qm.

Mat enger konstanter Temperatur vun 28°C Grad a 70 bis 80% Loftfiichtegkeet ass de Gaart fir d’Päiperleken aus der ganzer Welt eng paradisesch kleng Insel um Bord vun der Musel.

De Päiperleksgaart gëtt et schonn iwwer 30 Joer an ass vum 1. Abrëll bis den 31. Oktober op fir d’Besicher.

Et ass eng zauberhaft Welt am Päiperleksgaart. Dobanne fléien Honnerte vun exotesche Päiperleke fräi ronderëm. Et ginn awer net nëmme Päiperleken ze kucken, am tropesche Klima liewen och Chamäleonen, Deckelsmouken, verschidde Vullenaarten an e Beievollek (hanner Glas). Et gëtt och e Museesbuttek an eng Brasserie mat Terrass.

De Päiperleksgaart ass en Atelier vun der Yolande Coop fir berufflech Inklusioun fir Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung. Siwe Mataarbechter mat Handicap schaffen hei.

All Joer komme bis zu 35.000 Leit de Päiperleksgaart besichen.

No all de Päiperleke kucken, kann een an der Brasserie eppes drénken oder iessen. All d’Brout an d’Patisserie kommen aus der Bäckerei KlouschterBrout vu Munneref.

Am Buttek kann een e klenge Souvenir oder e flotte Kaddo kafen. Natierlech fënnt een do och Produkter aus  „de SeefenAtelier“ vun der Yolande Coop vu Betzder.

All Fotoen via papillons.lu

Vocabulary

Päiperleksgaart = butterfly garden                                

Schéinheet = beauty

Honnerten = hundreds                                                  

Päiperlek = a butterfly

Loftfiichtegkeet = air humidity                                      

zauberhaft = enchanting                                            

Deckelsmouk = a turtle     

Vullenaart = bird species

Beievollek = bee colony                                                 

Atelier = workshop

berufflech Inklusioun = professional inclusion                 

Beanträchtegung = impairment

Seef = soap                                          

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.