Haut féieren ech meng Spueresich, op där mir scho bei Sources Rosport, Valorlux an Hein Dechets waren, weider a ginn an den Norde vum Land. Méi genee op d’Kaalbermillen! 🙂
An mengem Artikel vun haut geet et net em d’PET Fläsch, mee haut geet et em d’Thema Waasser an Naturschutz. Zënter Joren ënnerstëtzt Sources Rosport nämlech, als wichtege Partner, dee grousse Projet vun natur & ëmwelt / Stëftung Hëllef fir d Natur.
Kaalbermillen
Zënter méi wéi 200 Joer steet d’Kaalber Millen direkt un der Our. Hei an der Mille gouf goufe Käre gemuel, méi spéit gouf se och als Seeërei genotzt. Holz aus der Géigend (aus Lëtzebuerg mee och aus Däitschland) gouf hei verschafft bis, duerch d’Industrialiséierung a méi modern Maschinnen, d’Millen zou gemaach huet. Nach e puer Joer war se bewunnt mee ass dunn awer lues a lues der Zäit zum Affer gefall.
Am Ufank vum néie Joerdausend gouf si als wichtegt Bauwierk klasséiert an dunn huet et just nach e puer Joer gedauert bis sech en néi Proprietär fonnt huet. D’Stëftung Hëllef fir d’Natur huet d’Mille kaaft an huet se mat vill Hëllef stéckerchersweis renovéiert an hir eng néi Missioun ginn. Si, Stëftung Hëllef fir d‘Natur, huet ugefaangen där ganz seelener Flosspärelmuschel ze hëllefen, déi an der Baach, déi laascht d’Mille fléisst, heemesch war an op der Lëscht vun de bedroten Déiere steet.
Flosspärelmuschel
Virun a puer honnert Joer war d’Flosspärelmuschel a ganz Europa verbreet. Hiren Numm huet si net vun ongeféier; heiansdo kann een eng Pärel an hier fannen. Duerch d’Kanalisatioun a Waasserverschmotzung gouf si awer ëmmer méi rar well fir ze iwwerliewe brauch si proppert Waasser. Aus dësem Grond gëllt si och als Indikator vun enger gudder Waasserqualitéit. Och haut ass si nach duerch ganz Europa ze fannen, si ass awer ganz seele ginn, an d’Zuele sinn drastesch méi kleng ginn.
Stëftung Hëllef fir d’Natur
All Land an Europa muss seng bedrote Flora a Fauna sou gutt wéi méiglech schützen. De Schutz vun der Flosspärelmuschel, vun där e puer Honnert an der Our bis nach 2015 iwwerlieft hunn, fält hei drënner. Antëscht ass et de Wëssenschaftler vun der Stëftung an Zesummenaarbecht mat diversen Acteure gelongen, néi Muschelen ze ziichten. D’Ziichtung ass ee ganz opwännegen a laangwierege Prozess, deen och haut nach net ofgeschloss ass a fir deen een nach vill muss fuerschen a léieren.
De Prozess ass antëscht awer schonn esou fortgeschratt, datt e puer Honnert néi Flosspärelmuschelen hei op der Kaalbermille geziicht konnte ginn. Moment sinn di Déiercher nach an engem geschützter Ëmfeld, ma si sollen iwwert déi nächst Joren erëm, an d’Our, ausgesat ginn.
Waasser-Erliefnis-Zentrum
Niewent der Zuucht vun de Flosspärelmuschelen, gëtt et awer och ee Waasser-Erliefnis-Zentrum op der Kaalbermillen.
Hei ginn Experte mat Gruppen (vun all Alter) bei d’Our a kucken sech alles am a ronderëm d’Waasser genee un. Wat wiisst um Rand an an der Baach? Wat schwëmmt oder krabbelt hei? D’Kanner oder déi Erwuesse fëschen a sichen Déieren a Planzen déi uschléissend an der Millen da genee ënnert d’ Lupp geholl ginn. Heifir gëtt et een extra equipéierte Sall. Gruppe vu jonke Schüler bis Universitäre oder och privat Gruppen (esouguer fir Kannergebuertsdeeg) si wëllkomm a kënnen sech gäre mëllen an en Rendezvous ausmaachen.
Wien heirun interesséiert fënnt méi Informatiounen op der Internetsäit vun der natur&emwelt.
Natura 2000 Sall
Mir sinn awer nach net fäerdeg mat eiser Visitt, well niewent der Zuuchtstatioun an dem Waasser-Erliefnis-Zentrum gëtt et och nach den Natura 2000 Sall.
Hei kritt een en Abléck an déi national Natura 2000 Schutzzonen a Projeten. D’Initiativ vun Natura 2000 am Ourdall gëtt hei besonnesch ervirgehuewe – d’Mille läit jo am Häerz vun dëser Regioun.
Wann Léit ob der Mille schaffen ass d’Dier ob an et kann e sech dës Ausstellung ukucke goen. Hei ass et och am Beschten sech am Viraus iwwer d’Ëffnungszäiten ze informéieren.
Ech hoffen ech konnt Iech de Waasserschutz, d’Kaalber Millen an déi verschidden Projeten méi no bréngen! Dir wäert erstaunt si wat alles an der Our lieft. Mir huet et op alle Fall ganz gutt gefall! 😊😊
Leave a Comment