fbpx

Basteluleedung: 3D Stoff-Gespenst

Moien an e wonnerbaren Dag jidderengem deen dat hei grad liest.

D’Schoul huet grad erëm ugefaangen, nach si mer September, mee den Hierscht steet och scho virun der Dier (oder ass vläicht och schonn dermat an d’Haus gefall wann dier dësen Artikel liest). Éier mer eis ëmsinn hunn, si mer da geschwënn Oktober, an am Oktober hu mer net nëmme Pappendag, mee och Halloween.

Okay, jo, gëtt elo hei net esou grouss gefeiert, an dëst Joer jo wuel souwisou net, mee dat heescht net datt een net trotzdeem e bësse Spaass mat grujeleger Deko kann hunn, oder engem Horrorfilm a Wirschtercher déi ausgesinn ewéi bluddeg Fanger.
D’läscht Joer hate mer a mengem alleréischte Rosportlife Artikel eng Uleedung wéi een e Gespenst ka molen. Dëst Joer maache mer dat an der 2.0 Versioun: am 3D. 👻

Wéi soll dat goen? Ma u sech ganz einfach.
Mir brauchen eng Fläsch, e Stéck Stoff dat grouss genuch ass vir déi ganz Fläsch ze bedecken an nach e bësse flaach um Buedem ze leien, zwee Grillspiisser (Iesstäbecher oder Änleches ginn och), e Pinsel, e Ball oder Loftballon a Textilverhärter.

D’Magie vun dem ganze läit u sech ganz an dem Produit. Wann en ausgehäert ass, suergt en nämlech dofir datt eist Stéck Stoff jee no Quantitéit bis steenhaart gëtt, a seng Form behält. Wéi vill der dovu braucht kennt net nëmmen drop u wéi grouss äert Gespenst soll ginn, mee och wéi deck äre Stoff ass. En decke Vlies ewéi mäin hei saugt natierlech vill méi op wéi en dënne Kotteng. Wann der eppes ganz Dënnes, praktesch Transparentes fannt, zaubert der direkt nach e flotten Effekt mat an äre Projet, wëll den Textilverhärter dréchent och duerchsichteg.
Fänke mer also un.

  1. Als éischt schneide mer eis Fläsch op déi richteg Gréisst. Och vir et ze vereinfachen de Ball uewen dru fest ze maachen, hunn ech den Hals erof geschnidden.
  2. Da maache mer zwee kleng Lächer mat engem Cutter, enger Scheier oder engem spatze Knäipchen. Eent op all Säit. Dodra stieche mer dann eis Spiisser, oder Stäbecher, déi mer awer och ënner Ëmstänn e bësse musse kierzen.
  1. Dann huele mer eise Ball (Gréisst hänkt vum Duerchmiesser vun der Fläsch of) oder Loftballon (dee mer entspriechend grouss opblosen) a befestegen en un der Fläsch. Ech hu mat e bësse Scotch nogehollef nodeems ech gemierkt hunn datt ech dat esou net ganz an d’Fläsch gestëppelt kréich. Wann dier och e Ball oder der gläiche benotzt, wéckelt en am beschten an e Stéck Plastiksfilm, oder esou e Silikondeckel vir sécher ze goen datt de Stoff gutt dervun erofgeet wann e gedréchent ass. Beim Loftballon sollt dat kee Problem sinn, mee wann der op Nummer sécher wëllt goen, virun allem wann der en duerchsiichtegen Textil huelt, kenn der e mat e bëssen Ueleg oder Vaselinne areiwen.

 

  1. Ech hunn du gemierkt datt mäi Stoff ze laang ass, a léiwer ewéi e Stéck erof ze schneiden dat da potenzielle ze kuerz ass vir nach eppes Richteges dermat unzefänken, hunn ech meng Fläsch op en anere Behälter drop gestallt.Dëse Behälter sollt de selwechten Duerchmiesser hu wéi är Fläsch, a virun allem sollt déi, oder Béides, net iwwer den Diameter vum Ball erausgoen, vir ze verhënneren datt de Stoff dodru peche bleift.
  1. Da verdeele mer eisen Textilverhärter um Stoff. Wéi ee sech sécher denke kann, ass mäi Pinsel hei schnell ze kleng ginn. De Stoff sollt net drëpsen, mee richteg gutt duerchtränkt sinn. Da leeë mer en iwwer eis Konstruktioun, an zéien a zibblë mer e bëssen un alle Säiten bis alles esou do läit wou mer et gär hätten.

Wéi Dir gesitt formen d’Spiisser zwee an d’Luucht gehuewen Ärem. Dir kënnt är natierlech och no vir reechen, oder ganz ewech loossen. (Oder nëmmen ee maachen.)

  1. Textilverhärter gëtt eis e gudde Moment bis en dréchen ass, trotzdeem sollt een net ze laang waarden. Elo ass also déi perfekt d’Zäit vir nach e puer Detailer an de Stoff an d’Falen ze formen.
  1. Da stelle mer dat Ganzt op d’Säit wou et fäerdeg kann dréchnen, am beschten enzwousch wou kee Risiko besteet datt et ëmkippt, oder wou Saache kéinten drop falen (wéi Stepps oder Hoer) déi ongewollt mat an eisem Konschtwierk veréiwegt ginn. Dat kann elo e bëssen daueren. Ech loosse meng Saachen am léifsten einfach iwwer Nuecht stoen (an esou guer dat kann an de Fale wou keng Loft drukënnt ënner Ëmstänn net duergoen.)
  2. Wann dann alles dréchen ass, huele mer eist Gespenst vu sengem Gerüst erof. Wann der genuch Stoff ënne erëm dru gelooss hutt, oder et zumindest eng gläichméisseg a stabil Basis huet, kenn der et z.B. enzwousch histellen.
    Eng aner Optioun ass e Krop drun ze maachen an et opzehänken.

Esou oder esou, kenn dier äre klenge Geescht nach mat engem Gesicht an/oder Accessoiren dekoréieren.

Wëll ech kee richteg transparente Stoff fonnt hunn esou wéi ech mer dat virgestallt hunn, hunn ech vir extra e klengt Lach gelooss vir datt ee gesäit datt näischt ënnen drënner steet vir de Stoff festzehalen.

Eng aner Optioun vir dat ganzt e bësse “opzepeppen”, ass fluoreszent Faarf. Loosst ärer Fantasie a méi oder manner grujelegen Iddie fräie Laf.

Dat wa et scho vir mir vir dëse Mount. Wéi der gesitt, kann ee mat just e puer einfache Géigestänn richteg flott Saache kreéieren. Mäi Gespenst fält ganz offensichtlech an den Niedlech-Spektrum, mee et kann een och eng ganz aner Richtung aschloen an eppes wonnerbar Grujeleges maachen. Eng Iddi wier zum Beispill eng Gestalt mat Kaputz. Esou laang der genuch Textilverhärter an eng entspriechend Konstruktioun vir drënner hutt, ass praktesch alles méiglech.
(An dier wäert dees Verhärter warscheinlech ganz schéi vill méi brauche wéi der mengt… Ech si Mëtt-Projet an den Auto gespronge vir ëss nach sichen ze goen. Natierlech wa en direkt an zwee Geschäfter ausverkaaft. Well dat ëmmer esou ass wann een eppes wierklech brauch.)

Theoretesch kann een dat Ganzt och mat engem anere flëssege Pech maachen. Wann der äre Geescht am Haus behaalt, ass et souguer egal wann en net waasserfest ass. Allerdéngs sollt een absolut e Pech huelen dee kloer seet datt en an enger Bastelaarbecht och als Iwwerzuch oder Lack benotzt ka ginn, soss kann et sinn datt de Pech mat der Zäit brécheg gëtt, oder direkt esou dréchent.

Vill Spaass beim Ausprobéieren, bis déi nächste Kéier a bleift gesond a kreativ.😊

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.