fbpx

D’Landesmeeschterschaften am Tennis 2020 mam Marie Weckerle

  • Home
  • Luxembourg
  • D’Landesmeeschterschaften am Tennis 2020 mam Marie Weckerle

Vum 4. bis den 13. September stoungen dëse Summer erëm d’Lëtzebuerger Meeschterschaften un. Haut kucken ech mat Iech dorop zeréck.

Lëtzebuerger Landesmeeschterin bei den Damen ass een Titel deen ech di lescht 2 Joer gewonn hunn, an dëst Joer deemno ze verdeedegen hat.  Villäicht hutt der et an den News matkritt: et ass mir gelongen en een 3. Joer a Folleg ze gewannen.🙂

Wann ech zeréck kucken, hunn zwar eng gutt Leeschtung bruecht an am ganzen Tournoi kee Saz verluer, mee den Tournoi ass mir net esou einfach gefall, wéi een eventuell kéint mengen.

Firwat? Op den Tournoien hei am Land, hunn ech ëmmer ee gewëssen Drock, well ech duerch meng Resultater a menger Participatioun am Fed Cup, oft als Favoritin gëllen.

D’Landesmeeschterschaft am Summer ass an där Hisiicht nach e bësse méi schlëmm, well ech se eeben schonn e puer mol gewonnen hunn. Wann d’Leit mäin Numm also elo am Tablo gesinn, ginn der vill direkt dovun aus, dass ech den Tournoi nach eng Kéier gewanne muss. Virun allem och dëst Joer, well ech als eenzeg Spillerin aus dem Fed Cup Team matgespillt hunn.

Doduerch, datt d’Leit et net ëmmer just denke mee mir et och geleeëntlech soen, léist dat bei mir ee gewëssene Stress aus. Natierlech ass mir déi Favoritteroll selwer bewosst… et weess een dass een als Favorit gëllt an datt d’Victoire vun engem erwaart gëtt.

Als Sportler muss een awer probéieren dësen Drock esou gutt wéi méiglech auszeblenden an sech op d’Tennis Spill ze konzentréieren. Ech probéieren den Drock also a Motivatioun ëmzewandelen: Ech hunn den Tournoi schonn 2 mol gewonn, wisou sollt ech et net eng 3. Kéier maachen? Dëst spornt mech un.

D’Preparatioun fir d’Landesmeeschterschafte sinn dëst Joer allerdéngs net ideal verlaf. Ech hunn mech, wéi ëmmer, mat mengen Traineren op den Tournoi virbereeden, mee ech konnt net ze vill trainéiere well ech en Probleem mam Réck hat. Dës Verletzung um Réck huet mech och nach wärend dem Tournoi selwer geplot, mee doduerch, datt ech oft een Daach Paus tëscht menge Matcher hat, ass et gaangen an ech hat Zäit fir mech vum Kiné behandelen ze loossen.

Genau aus dësem Grond hunn ech dëst Joer och keen Dammendubbel gespillt, mee just den Dubbel Mixed mat mengem Partner dem Charles Berna. Och hei hunn ech gewonn. 🙂

 

Hei si meng genee Resultater, falls Dir dorunner interesséiert sidd!😊

  • Dënschdeg (08/09), mäin éischte Match gewonn géint d’Chiara Cicci: Score 6:1 6:0
  • Donneschdes, mäin zweeten Tour gewonn géint d’Claire Pepin 6:3 6:1
  • Freides Owes, d’Finall vum Dubbel (eis Géigner vun der Halleffinall sinn net ugetruede sinn, esou datt mir direkt an der Final waren), mir hunn am drëtte Saz géint den Jordi Massalle Ferrer an d’Victoria Pahlett gewonn:6:4 2:6 11:9

Ech war frou dass d’Finale vum Dubbel scho Freides war, fir dass ech mech de Recht vum Tournoi op d’Eenzel konnt konzentréieren.

  • Samschdes, Hallef Final, gewonn géint d’Erna Bradarevic 6:0 6:3  géint d’Erna Bradarevic

Ech hunn also bis heihi meng Matcher all zimmlech kloer gewonn an hunn mech esou wäit gutt gespiert. Esou kloer Resultater, ginn engem natierlech weidert Selbstvertraue fir d’Finall – eppes wat ech gebraucht hunn, well an der Finall hunn ech géint d’Lucie Rabiot, eeeen Meedchen a mengem Alter gespillt, dat och vill trainéiert. Deen Match war e bësse méi komplizéiert an ech misst kämpfen. Ech hunn et awer gepackt den Drock an de Stress hannert mer ze loossen, an d’Finall 7:6 6:4 ze gewannen.

Ech sinn immens frou mäin Titel verdeedegt ze hunn an erëm bewisen ze hunn, datt ech meng Platz bei de beschte Lëtzebuerger Tennisspillerinne verdéngt ze hunn.🙂

De Recht vu menger Zäit hunn ech dunn nach profitéiert an e bëssen Zäit mat menger Famill a Frënn verbruecht ier et fir mech dunn erëm zeréck op Reims gaangen ass fir ze trainéieren. Ech well jo nach vill aner Titele gewannen ! 😀

Wann Dir Froen hutt, schreift se gären an d’Kommentaren.

 

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.