fbpx

Noumer: Vakanz doheem – och am Hierscht

Dëse Summer stoung jo komplett ënnert dem Motto: Vakanz doheem.

An sou hu vill Leit entdeckt (oder erëm nei entdeckt), wat eist klengt Land esou ze bidden huet. Gefillt hunn awer zwou Platzen dominéiert: de Stauséi an de Mëllerdall. Wien probéiert huet, op engem Samschden eng Parkplaz op enge vun dësen zwou Platzen ze fannen, dee weess vu wat ech schwätzen. Ech hu mech entscheet, Iech haut an de Mëllerdall matzehuelen an Iech eng Plaz ze weisen, wou Dir och elo am Hierscht nach ee super Weekend verbréngen an dobäi de schéine Mëllerdall genéisse kënnt.

Loosst Iech mathuelen op des besonnesch Plaz, déi vläicht e bësse manner bekannt ass, wéi de Schéissendëmpel, mee dofir awer net manner flott a sécher méi roueg geleeën. Kommt mat op meng kleng Rees an de Mëllerdall a vläicht kritt Dir jo nach Loscht, den Indian Summer mat senge leschte Sonnestralen zu Noumer ze genéissen (op deen ech ongedëllegt waarden an hoffen, datt en nach kënnt.)

© Pierre Haas, via nommern.lu

D’Rees geet also op Nommern, op lëtzebuergesch Noumer. Noumer läit zimmlech zentral an der Mëtt vum Land an ass domat vun iwwerall gutt ze erreechen. Wann een op Noumer fiert an déi lescht Stad oder gréissert Duerf bis hannert sech gelooss huet, kënnt een op eng kleng Landstrooss. Duerch gréng Felder, wonnerschéi kleng Dierfer a grouss Bëscher féiert de Wee an dat klengt Duerf. Noumer ass e bësse wéi eng Zäitrees, en Duerf ouni Trafic, déi al Bauerenhaiser si schéi renovéiert, Blumme bléie virun den Haiser an dat alles an enger intakter Natur. Datt et hei schéin ass, woussten iwwregens schonns d’Kelten, déi virun iwwer 2.000 Joer hei gesidelt hunn.

Interessant mécht Noumer awer, dat hei en 5 Stäre Camping ass, den Europacamping Nommerlayen. Vläicht frot Dir Iech elo, wat dann en 5 Stärencamping vun engem normale Camping ënnerscheet. Dat ass ganz einfach erkläert, an zwar ass dat d’Offer. Um Eurocamping (deen bis den 1. November op ass) kënnt Dir an d’Schwemm goen, Mountainbikes ausléinen, an de Wellness goen, Bowling spillen, Spillplaze besichen an och gutt Iesse goen. An dat alles op enger Plaz, well all dat gëtt um Camping selwer ugebueden. Och bei der Schlofplaz gëtt bal jidderee fündeg: vun der Zeltplaz iwwert en Mobilhome bis zu engem Cottage, ass fir all Gusto eppes derbäi.

Den absolutten Highlight ass awer weeder de Camping, nach dat schéint Duerf, mee d’Geheimnis, wisou ech Iech mat op dës Plaz geholl hunn, fänkt direkt hannert dem Camping un: et ass den Autopedestre Nommern 1.

De Wee feiert eis duerch d’Noumerlayen, déi zum Mëllerdall gehéieren. Op enger Längt vu 5,3 km feiert de Wee eis laanscht imposant Fielsformatiounen, mir kloteren duerch Fielsspalten a ginn iwwer Brécken, déi iwwer Schluchte féieren. Stonnelaang kéint een iwwer dës Naturschéinheet staunen. Uewen op de Koppe kënne mer op d’Fielse kloteren an een grandiose Panorama iwwer dës wonnerschéi Géigend vun eisem Ländche genéissen.

Eng schéi Saach ass, datt an dësem Deel vum Mëllerdall e bësse manner Leit ënnerwee sinn an een d’Rou wierklech genéisse kann. Natierlech kommt Dir vun Noumer aus och op all déi aner Wanderweeër vum Mëllerdall.

Ween no der Wanderung nach net genuch Sport hat, kann sech ee Mountainbike léinen an sou d’Natur nach weider mam Vëlo erkundigen. Fir déi ganz Sportlech ënnert Iech: duerch d’Nopeschduerf Cruchten féiert den nationale Vëloswee, vu wou aus ee bis an d’Eislek oder och bis an d’Stad fuere kann.

Ween et awer méi roueg wëll ugoe loossen an dobäi senge Féiss nom Trëppeltour eppes Guddes wëll doen, fir deen hunn ech nach eppes méi Spezielles. De Buerfouswee zu Miedernach. Einfach d’Schong ausdoen an op 7 verschidde Statiounen ëmmer erëm eppes Neies un de Féiss spieren. Definitiv ee Spaass fir Grouss a Kleng.

Och un déi méi Kleng ass geduecht ginn. An der Nopeschgemeng zu Bech, ass en Kannerwanderwee vu 5,5 km, wou ee bei 12 verschidde Statioune spilleresch eppes bäileiere kann. Vun Joresréng bei de Beem, iwwer d’Entstehung vun engem Echo bis iwwer ‚wei hunn eis Urgrousselteren d’Wäsch gewäsch?’ gëtt een hei Villes gewuer.

Owes kann een déi vill Erliefnisser am Restaurant um Camping ausklénge loossen. Et kann een awer och einfach am Duerf am urege Café nach e Patt drénken. Ech mengen Dir misst elo genuch gelies hunn, fir en ganze Weekend ze fëllen. An ech si mer sécher, wann elo d’Blieder un de Beem sech rout a giel fierwen an den Indian Summer eis nach e puer schéi sonneg Deeg bréngt, kann een des an der flotter Landschaft vun Noumer richteg gutt genéissen.

 

Hei fannt Dir nach puer hëllefräich Internetsäiten fir äre Weekend am Mëllerdall:

Nommerlayen

Nommern

Barfusswanderweg

Kinderwanderweg

Tags:
Christian S.

Christian S.

Ech sinn e Wanderer, Hiker, Frënd vun der Natur an aale Scout. "Nur wo du zu Fuß warst, bist du auch wirklech gewesen” - Goethe  Ech sinn Admin vun der Wanderen zu Lëtzebuerg - Walking in Luxembourg - Wandern in Luxemburg Facebook Säit, leeden d’Facebook Grupp Trekking - Hiking - WanderenLëtzebuerg an hunn och en Instagram Account mam Numm walking_luxembourg.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.