„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
___________________________________
Normalerweis ass all zweete Sonndeg am Oktober zu Veianen den traditionelle „Veiner Nëssmoort“. Dëst Joer gouf e leider ofgesot.
Zanter 1970 ass all Joer zu Veianen de „Veiner Nëssmoort“. E Maart, dee sech am Laf vun de Joeren zu engem richtege Volleksfest entwéckelt huet.
Foto via visit-eislek.lu
D‘Wuelnëss mussen natierlech virdru „geschudd, gepeelt, geweesch a gedréchent“ ginn, éier se zu allerlee kulinaresche Produkter weiderverschafft ginn.
Vun „Nëssbrutt“ an „Nësskouch“ iwwer „Nësspati“, „Nossraclette“ oder „Nësszossiss“, iwwerall ass Noss dran. Donieft gëtt et d‘Noss och a flësseger Form ewéi Nossdrëpp, Nosslikör, Nosscrème, Nossbéier, Nosswäin oder esouguer Nossporto.
Foto via wort.lu
Et gëtt och vill musikalesch Animatioun. Organiséiert gëtt den Nossmaart vun der „Veiner Nëssmoort a.s.b.l.“, mat Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère an der Gemeng Veianen.
Deen éischten Nëssmaart war am Oktober 1935.
Eng kleng Informatioun: Laut enger Statistik aus dem Joer 1902 goufen et deemools zu Veianen 2551 Nëssbeem. 1901 hate se am Kanton Veianer en Ertrag vun 465 Zenner Nëss.
Vocabulary
en/den Nëssmoort = dialect for “Nëssmaart” = nut market
ofgesot (Verb = ofsoen) = cancelled
en/d’Volleksfest = a fair / a folk festival
eng/d’Wuelnoss = a walnut
geschudd = dialect for “geschott” = poured
gepeelt = dialect for “geschielt” = peeled, stripped
geweesch = dialect for “gewäsch” = washed
gedréchent = dried
allerlee = all kinds of…
weiderverschafft = processed
en/d‘Nossbrutt = dialect for „Nëssbrout“ = nut bread
en/den Nësskouch = dialect for “Nësskuch” = nut cake
en/den Nësspati = nut pastry
flësseg = liquid
eng/d’Nossdrëpp = nut brandy
eng/d’Ënnerstëtzung = the support
en/den Ertrag = crop, harvest
en/den Zenner = a centner, 50 kilos, a hundredweight (50,8 kg)
Leave a Comment