Et gi vill verschidde Forme vun dësem deftege Kuch mat Gromper a Fleesch. Meeschtens kenne mir allerdéngs den Hachis Parmentier, deen ech perséinlech och immens gären hunn. Mee elo, sou kuerz virum Wanter, fänkt natierlech d’Saison vun den Träipen un. A genau déi, kann een och an engem leckere Parmentier verschaffen.
Haut deelen ech mäi Rezept mat Iech!🙂

Wat mir brauchen:
- 3-4 Träipen
- 1 Kilo Gromperen
- 2-3 Äppel
- 2-3 Iessläffelen Zocker
- E gudde Schnatt Botter
- Eng kleng Taass Mëllech
- 1 Ee
- Salz a Muskat

Virbereedung
Am einfachsten ass et wann mir eis alles eenzel a Rou virbereeden.
Püree
Fir de Püree, mieleg kachend Grompere schielen an am Salzwaasser kachen. Duerno püréieren oder stampfen.
Zum Schluss kënnt nach ee gudde Schnatt Botter, déi kleng Taass Mëllech, en Ee an eng Prise Muskat dobäi an et gëtt alles zu engem glate Gromperepüree verréiert.
Äppelkompott
D’Äppel schielen, a kleng Cube schneiden an se mat e bëssche Waasser an Zocker an enger Kasserolle kachen, bis se mëll sinn. Dann just nach déi mëll Äppelstécker mat enger Forschette zerdrécken.
Profitipp:
Des Variant ass e bëssche méi komplizéiert, wéi déi éischt Method an de Kompott schmaacht anescht. Dofir den Zocker am Ufank eleng an d’Kasserolle maachen an dee karamelliséieren. Soubal en ufänkt brong ze ginn, d’Äppelstécker dobäi ginn a gutt réieren. No dëser Etapp geet et d’selwecht virun, wei bei der Éischter, kachen, waarden an zerdrätschen
Parmentier
D’Träipen aus der Haut huelen, an der Pan zerdrätschen an da gutt ubroden. Voilà, wann dat geschitt ass, hu mir alles virbereet a kënnen eis feierfest Schossel fëllen.
Eng feierfest Schossel mat héijem Rand gutt botteren. Ënnen an d’Schossel d’Farse vun den gebrodene Träipe leeën an e bësschen undrécken. Dorop dann e puer Läffele Kompott verdeelen an als lescht Schicht kënnt de Püree zum Asaz. Ech perséinlech, schmieren de Püree uewen nach eemol mat e bësschen Äppelkompott an. Da geet dat Ganzt fir 25-30 Minutte bei 160°C an de Bakuewen.

Tipp: Et kann een dat Ganzt och a grousse Muffin-Forme maachen, da kritt ee lauter kleng Parmentier-Kuchen.
Leave a Comment