fbpx

Spueresich: Natur- & Geopark Mëllerdall

Nodeems ech jo virun e puer Méint ee ganz interessant Gespréich mam Max Weber, dem Direkter vu Sources Rosport hat, an deem ech immens vill iwwer hier Waasserproduktioun gewuer gouf, hunn ech mech weider mam Thema beschäftegt a mech e bëssen iwwer d’Regioun informéiert an där d’Waasser aus dem Buedem geholl gëtt: dem Natur- & Geopark Mëllerdall.

Et war esou interessant fir mech iwwer eng Regioun bäizeléieren iwwer déi ech scho vill héieren hunn, mee mat där ech mech awer weider nach net ausernee gesat hunn, esou datt ech duecht, ech deelen och e puer vun den Informatioune mat Iech! 🙂

D’ Regioun Mëllerdall ass eng Géigend am Oste vu Lëtzebuerg, déi een och oft als Kleng Lëtzebuerger Schwäiz bezeechent. Si besteet aus immens vill wonnerschéiner Natur an enger eenzegaarteger Geologie. Et dominéiert hei de Lëtzebuerger Sandsteen, duerch deen sech an de Joerdausende Baachen hire Wee gegruewen hunn. Genau duerch d’Waasser krut och d’Géigend ursprénglech hiren Numm: do wou vill Waasser ass, konnt ee vill Millen opriichten an deene Mëller geschafft hunn.

Foto via den Naturpark Mëllerdall

Den Natur- & Geopark Mëllerdall deen eréischt 2016 gegrënnt ginn ass, besteet aus 11 Gemengen an ass dee jéngsten Naturpark zu Lëtzebuerg. Am Géigesaz zu deenen anere lëtzebuergeschen Naturparken (Ronn 1/3 vun der Landesfläch vu Lëtzebuerg läit an engem Naturpark), ass den Natur- & Geopark Mëllerdall, wéi den Numm et scho seet, net just een Natur- mee och ee Geopark!

 

Natur & Geopark & d’Thema Waasser

Als Natur & Geopark bezeechent een eng Géigend, déi besonnesch duerch hier Geologie erausstécht an an där een enger nohalteger Entwécklung vun der Regioun Prioritéit gëtt. Dat heescht, datt gesellschaftlech, ökologesch an och wirtschaftlech Theme gläichermoosse berécksiichtegt ginn an d’Mënschen am Mëttelpunkt vun der Natur & Geoparkiddi stinn. Unhand vun der Geologie weist ee wéi d’Landschaften entstane sinn, wéi eng Gestengs a Rohstoffer am Ënnergrond virkommen a wéi d’Geologie d’Landnotzung beaflosst.

Mee wat mëscht déi ganz Géigend an hier Geologie sou eenzegaarteg?

Iwwer Joerdausenden huet sech hei duerch de Sandsteen an dat villt Waasser eng eenzegaarteg Landschaft mat déiwen Däller a grousse Plateaue geformt, déi muncheree vun eis ganz gären op diverse Spadséiergäng entdeckt.

De Sandsteen huet also vill mat dëser Eenzegaartegkeet ze dinn. Hien ass de Grond fir dat villt proppert Waasser a fir d’Ausgesi vum ganze Mëllerdall. D’Waasser huet sech seng Weeër iwwer d’Joren an de Stee gegruewen. De Lëtzebuerger giele Sandsteen, deen een am meeschten am Mëllerdall begéint, huet besonnesch gutt Filterwierkungen an anengems kann hien d’Waasser och gutt späicheren.

Foto via den Naturpark Mëllerdall

Kommt mir kucken elo emol wéi dëse Wee vum Waasser weidergeet – et ass den Ufank vum Rosporter Waasser! 😀

Wann d’Waasser elo dann ob eng onduerchlässeg Schicht trëfft (wéi zum Beispill dem Mergel, engem tounartege  Sedimentgesteng), sammelt et sech a plazeweis entsti Quellen. Déi Quellen entstinn ëmmer da wann dës onduerchlässeg Schicht ob d’Uewerfläch kënnt. Dat kann zum Beispill duerch d’Aschneide vum Waasser virkommen. Natierlech dauert dëse Prozess; jee no Gestengsschichte schwätzt een hei vu Joerzéngten. Nëmmen opgrond vun der Geologie sinn d’Gemengen am Natur- & Geopark Mëllerdall drénkwaasserautark. Eng ronn 60 Quellen a Buerungen notzen si fir d’Drénkwaasserversuergung vun hire Bierger.

Een Deel vum Waasser fléisst a méi déif Äerdschichten a wat d’Waasser méi déif andréngt, wat et iergendwann bei ee roude Sandstee gelaangt. Duerch déi geologesch Unuerdnung vun de Gestengsschichten am Ënnergrond läit de roude Sandsteen op enger anerer Plaz un der Iwwerfläch, wou d’Waasser och versickert a gutt gefiltert gëtt. Mee firwat ass deen op eemol rout? Aus dem selwechte Grond, wéi deem wisou eise Minett rout ass: duerch d’Eisen. Dëse Sandsteen ass immens eisenhalteg.

Et ass hei wou et, opmanst wat d’Rosporter Waasser ugeet, immens spannend gëtt, well et ass genee aus dëser Schicht wou d’Quelle vun de Sources Rosporter kommen. Wou kommen dann d’Spruddelen hier, déi mir vum Rosporter Waasser kennen? Dëser Fro sinn ech och op de Grond gaangen. Se kommen aus dem ofkillenden Magma aus der Vulkaneifel, wou bis virun 11000 Joer Vulkaner aktiv waren. Wann et méi kal gëtt kann et manner Kuelen-Dioxid bannen a gëtt deen un d’ Waasser, dat laanscht fléisst of. Iergendwou sammelt dat sech an eng grousser ënnerierdescher Kummer. Wann dës dann ugezaapt gëtt, kréie mir eist Rosporter Waasser.

Et ass scho ganz interessant, datt d’Waasser an enger éischter Phase esou op ganz natierlech Manéier gefiltert gëtt, a Spruddelwaasser entsteet. Awer nach méi seelen ass eng Quell bei Buer; eng Salzwaasserquell fir méi präzis ze sinn. Fréier gouf hei esouguer d’Salz gewonnen. An engem opwännege Verfaren hunn d’Leit esou dat Salz aus dem Waasser geholl. Dat Salz kënnt aus Millioune Joer alen Oflagerunge vum Salz aus den Urmierer, déi dës Géigend bedeckt hunn. Eng Hickecht Zoufäll hunn dann nach zesumme gespillt fir datt genee do eng Salzwaasserquell erfierspréngt.

Vum 16. bis an 18. Joerhonnert huet een hei mat Hëllef vun enger “Gradieranlage” d’Salz gewonnen. Hei op der Internetsäit [Klick] vum Naturpark fënnt een eng ganz genee Beschreiwung wéi dat ofgelaf ass.

Am Natur & Geopark Mëllerdall gëtt wéi schonn ernimmt, eng nohalteg Entwécklung an alle Beräicher ugestrieft. Dëst ass méiglech an deem all d’Acteuren zesumme schaffen.  Hei e puer Beispiller déi dëst a verschiddene Beräicher ënnersträichen:

Tourismus

Natierlech ass déi ganz Regioun houfreg ob hier schéin Natur. De regionalen Touristenverband an déi verschidde regional Touristebüro’en schaffe ganz aktiv zesumme fir de Léit vun no a wäit hier Regioun méi no ze bréngen.

Foto via den Naturpark Mëllerdall

Sou gëtt et zënter e puer Joer an Zesummenaarbecht mam Natur- & Geopark d’Initiative Discover. Hei ginn ausgebilte Guide mat den Touriste geziilt Plaze kucken. Eng vun de Plaze, wou d’Dier sou ëmmer opsteet, ass de Site vun de Sources Rosport. Héi kréien d’Leit an enger ausféierlecher Tour alles ronderëm dat spruddelegt Waasser erkläert. (Fir een Rendezvous, kontaktéiert Sources Rosport)

Ökonomie

Natierlech ass d’Wirtschaft niewen der Ekologie och een immens wichtegen Domän an der Géigend. Aus dësem Grond investéiert den Natur-& Geopark Mëllerdall hei och ganz vill Zäit an Energie.

An enger Réi ënnerschiddlecher Domainë stinn si privat Persounen,  klengen oder mëttel grousse Betriber, mat oppenem Ouer zur Säit wann et zum Beispill em Energieeffizienz oder Offall geet, a sichen zesumme mat hinnen no adequate Léisungen an Hëllefen.

Eng vun den Aktiounen déi si ënnerhuele gëllt de regionale Produite. Et ass am Gedanke vun der Nohaltegkeet immens wichteg, ob déi lokal Schätz ze setzen. An engem lokal opgebauten Netzwierk tauschen sech hei Produzenten a Konsumente ganz reegelméisseg aus. Elo am Oktober louch de Fokus zum Beispill besonnesch um Uebst a Steenuebst. Si hunn eng ganz Rei vun Aktivitéite ronderëm dëst Thema organiséiert a probéieren esou d’Leit an och déi lokal Gastronomie ze sensibiliséieren.

Ekologie

Och am Beräich Naturschutz schaffen si un alle Fronte mat allen Acteuren zesummen. Eng esou schéi Géigend wéi de Mëllerdall, lieft ganz vill vu senger Natur. Hei schafen si un enger Hellewull u Projeten. Ee grousse Projet, op deen ech kuerz wëll agoen, ass dee vun den Dréchemaueren. Fréier war et eng Konscht déi vu Generatioun zu Generatioun weider gi gouf. Sou huet de Bauer seng Weeër gebaut oder de Wënzer seng Maueren. Déi wou Technik besonnesch gutt beherrscht hu konnte richteg Bauwierker a Brécken opriichten. Sou huet een zum Beispill och bei Rousport en Gebai an de Wéngerte fonnt, dat esou gebaut gouf. Esou eng Dréchemauer ass awer och en immens wichteg Biotop fir Planzen an Déieren.

Dréchemauere gehéieren zënter 2018 zum “Patrimoine immateriell” vun der UNESCO. Ob der ganzer Welt gouf esou mat Steng gebaut. Eben och bei eis. Et ginn eng gutt Handvoll Reegelen un déi ee sech hale muss. Dann nach dat néidegt Geschéck a scho kann et lass goen an et baut een seng eegen Dréchemaueren. An engem interregionale Projet hunn se am Mëllerdall no dem ale Wësse gesicht. Si hunn nach Zäitzeie fonnt, déi als Kand nach gewise krute wéi déi Mauere gefléckt ginn. Duerch dës an e puer weideren Iwwerliwwerunge konnt den Natur-& Geopark Mëllerdall dat Wëssen nees opbauen.

A gutt besichte Workshops vermëttelen si dat aalt Wëssen éier zesumme geüübt gëtt. Schonn no e puer Deeg kann een dann déi sëlleche Steng openee stellen a seng eege Bauwierker kreéieren. Wien drun interesséiert ass, kann ab dem nächste Joer nees un Workshops deel huelen.

An de Wiichtel Wumm ass bei dësem Thema och mat vun der Partie! Hien erkläert deene jéngsten, wat eng Dréchemauer ass a wien alles doranner wunnt. “De Wiichtel Wumm, E Mëllerdaller Dréchemauerbauer” ass e Buch fir Kanner, mat flotten Illustratiounen, wou de Wumm alles ronderëm déi Maueren erkläert.

Wat mir opgefall ass, war datt d’Mataarbechter vum Natur- & Geopark Mëllerdall immens begeeschtert hirer Aarbecht no ginn. Ech hunn esouvill Energie an de Gespréicher mat all den Acteure gespuert. Dat war phenomenal. Ee grousse Merci un déi ganz Equipe vum Natur- & Geopark Mëllerdall fir all d’Informatiounen – ouni Iech all hätt ech dësen Artikel ni esou op Pabeier kënne bréngen!🙂 All zesumme schaffen si Hand an Hand fir an de verschiddene Beräicher ee grousst Zil ze erreechen: Hir wonnerschéi Géigend ze valoriséieren an en bemierkenswäert Netzwierk opzebauen. Mat esou enger Equipe geet et an den nächste Jore schnell virun a mir wäerten nach méi oft eppes vum Mëllerdall héieren.

 

PS : Dëst Joer, 2020, wäert den Natur- & Geopark Mëllerdall seng Kandidatur stelle, fir  op déi exklusiv Lëscht vun den UNESCO Global Geopark opgeholl ze ginn. Weltwäit ginn et där aktuell just 161, déi iwwer 44 Länner verdeelt sinn. Natierlech kann e sech virstellen, datt dat net esou einfach ass. Si stellen elo hier Kandidatur an da gëtt gepréift ob si all Ufuerderungen erfëllen. An 2 Joer dierfen se sech, wann alles gutt geet, UNESCO Global Geopark nennen. Ech drécken d’Daumen!🙂

An dësen 2 Video’en fannt Dir weider interessant Informatiounen zum Thema vun dësem Artikel:

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.