fbpx

Nieft dem Tennis – een Abléck a mäin privat Liewen

  • Home
  • Lifestyle
  • Nieft dem Tennis – een Abléck a mäin privat Liewen

An menger klenger Serie hei um Blog, hunn ech Iech bis elo ganz vill vu mengem Liewen als Tennisspillerin erzielt. Haut duecht ech, géing ech Iech ee klengen Abléck a mäin privat Liewe ginn. 🙂

Wéi Dir a mengen aneren Artikele liese konnt, sinn ech d’Woch iwwer natierlech immens vill mam Tennis beschäftegt fir meng Ziler ze erreechen. Ech leen awer och vill Wäert drop, nieft dem Sport, een normaalt Liewen ze feieren.

Wann Zäit an awer och d’Energie do ass, da ginn ech an der Woch heiansdo mat menge Frëndinne vu Reims eppes iessen oder drénken. Mir entscheeden eis da ganz oft an den Zentrum vu Reims ze goen, am léifsten op d’Place de Forum. Dat ass eng kleng Platz wou lauter kleng Restauranten a Bare sinn a wou ëmmer eng lass ass. (Elo aktuell leider net, mee, wéi jiddereen, hoffen ech, datt di aktuell Situatioun sech erëm geschwënn verbessert an d’Restauranten an d’Cafén erëm kënnen opmaachen.) Wann mir Mëttes keen Training hunn, profitéiere mir och heiansdo fir an den Zentrum e bëssen duerch d’Boutiquer ze goen an e bëssen anzekafen, zum Beispill op d’Place d’Erlon. 🙂

Wann ech Weekends dann op Lëtzebuerg kommen, wënschen ech mir ëmmer Sushien well dat ass mäin Liblingsiessen. Am Internat hei zu Reims stinn déi leider ni um Menu. Meng Elteren a mäin Frënd hunn dat elo och verstanen, esou datt meng Sushien schonn op mech waarde wann ech Freides heem kommen.  Zu Lëtzebuerg probéieren ech natierlech och oft meng Frëndinnen ze gesinn, da gi mir entweder einfach an den Zentrum e bësse shoppen oder setzen eis iergendwou an drénken eppes. Am Wanter ass eng vu menge Liblingsplazen d’Chocolate House beim Palais, am Summer ginn ech ganz gären an de Paname. Ganz oft treffe mer eis awer och bei engem Doheem a kachen eppes. Ech kachen a baken nämlech zimmlech gären! Meng Schwëster an ech baken zum Beispill oft  Brownien, déi dann ëmmer ganz séier fort si well  mäin Papp a mäin Brudder nämlech zimmlech schneekeg sinn. 😀

De Recht vun der Zäit ass Léieren ugesoot, dat ech, wann ech doheem sinn oft mat menger Schwëster gemeinsam maachen. Esou kënne mir eis geigensäiteg kontrolléieren a sinn e bësse méi fokusséiert.

Nach eppes wat ech ganz gäre maachen, ass an de Kino goen. Dat maachen ech an der Reegel mat mengem Frënd, well dee well ech jo och e bësse gesinn. 😉 Wann ech eleng sinn, kucken ech awer net esou gäre Filmer, do tendéieren ech éischter zu Serien. Am Moment kucken ech Blacklist. Super spannend och wann se zäitweis e bësse komplizéiert ass! Ech kann déi awer nëmme recommandéiere wann Dir op der Sich no enger neier Serie sidd.

Wéi géing ech mech selwer an e puer Wuert beschreiwen? Ech hunn dës Fro einfach emol un puer Frëndinne vu mir weiderginn. Kuckt de Video a fannt eraus wat si soe. 😀

Wéi Dir gesitt hunn si mech als éiergäizeg oder zielstrebeg beschriwwen. Do kann ech nëmmen zoustëmmen. Ech sinn eng Perfektionistin a wann ech mir eppes an de Kapp setzen, well ech dat esou gutt maache wéi et nëmme geet. Ech hunn mech och ni domat zefridde ginn nëmmen duerchschnëttlech ze sinn. Meng Entscheedung Tennis op méi héigem Niveau ze maachen an an d’Ausland ze goe gouf sécherlech och dovunner beaflosst datt ech mech net konnt domat zefridde ginn, den Tennis nëmmen hallef ze maachen. Wat Schoul ugeet, sinn ech och ni zefridden eng Genügend ze hunn mee probéieren ëmmer di héchste Punktzuel ze kréien. Natierlech ass dat net ëmmer méiglech, well et net einfach ass am Tennis an an der Schoul Vollgas ze ginn, mee ech gi mäin Bescht.

Ech hoffen et Huet iech gefall mol eng Kéier e bësse méi a mäin Privatliewen ze kucken. 🙂

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.