fbpx

Rezept: Ananas-Chilizooss

Dëst Joer hat ech, fir meng Verhältnisser, eng iwweraus gutt Recolte vu menge Chilipflanzen! Et dierfte knapps 1 Kilo Schoten zesumme komm sinn a fir dass ech och méiglechst laang Freed dorunner sollt hunn hunn ech mer eng Chilisauce dorausser gemaach. Ech deele mäin klengt Rezept hei mat Iech, eventuell hutt Dir jo Loscht Är Hierschtplaten e bësse méi spicey ze gestalten.

Wéini een seng Schote plécke sollt hänkt engersäits natierlech vun der Zort of déi een ugebaut huet, an ob der anerer Säit, ob di perséinlech Virléiften! Am beschten einfach experimentéieren. 😀 Ech hunn se usech am Léifsten, wann se schéi rout sinn, dann hunn se nämlech de fruchtegen Aroma, gréng sinn se gäre licht sauer a batter.

Wéi Dir op menge Fotoen awer gesitt, war ech dëst Joer awer e bëssen ongedëlleg, an hunn se Ufank Oktober gréng gepléckt. 1-2 Wochen hätten hinnen am Endeffekt nach gutt gedoen, mee ech hat gefaart dass et géif fréieren an dann hätt ech meng ganz Recolte riskéiert. Ech hunn se dunn an der Kichen an engem Kuerf mat Äppel wollten noräife loossen, mee bis op de Changement vun der Faarf, sinn se awer net wierklech wiedergeräift.

Wat ee brauch:

  • 500gr Chillies
  • 400gr Geschielten Tomaten / Tomatewierfel
  • 300gr Ananas aus der Béchs
  • 2 Zwiwwelen
  • 100ml Äppelesseg
  • 1 Läffel brongen Zocker (optional)
  • Salz & Peffer

 

  • Stabmixer
  • Latexhändschen si vu Virdeel beim verschaffe vun de Chillien 😉
  • Amaachglieser (net ze grouss)

An sou geet et:

Zwiwwel schielen, réng hacken a mat bëssi Ueleg glaseg ubroden.

D’Chillien kléng hacken a mat an d’Dëppe ginn (De Stengel sollt een awer wechloosse 😊)

D’Tomate mat gliddegem Waasser iwwergéissen, schielen an a Wierfel schneiden.  (Tomatewierfel aus der Béchs sinn awer och ok). D’Ananas och kleng schneiden.

D’Tomaten, d‘Ananas an den Esseg bei d’Chillies bäiginn an ongeféier 20 Minutte mat kächele loossen, bis datt engem d’Konsistenz vun der Zooss gefält.

Mat Salz, Peffer wéi och brongem Zocker kann een nach feintunen.

Amaachglieser, wéi och Deckele steriliséieren a mat der Zooss opfëllen, Deckel dorobber an op der Kopp ofkille loossen. Oppe Glieser sollen an de Frigo an ënnerhalb vu 4 Woche konsuméiert ginn.

Amplaz Ananas kann een och mat Mango schaffen, och mat den aneren Ingredient’en kann ee ganz no Loscht a Laun jongléieren. Den Esseg ass fir d’Halbarkeet geduecht soubal den Deckel opgemaach gëtt. Hei kann een och mat engem aneren Esseg schaffen oder och en Deel mat Zitrounejus austauschen.

 

Tags:
Christian C.

Christian C.

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.