fbpx

DIY: Personnaliséiert Stempel

Mir starten haut mat Moosgummi!

Eppes vun deene Saachen dat mer all kennen a woumat mer all wahrscheinlech scho gebastelt hunn. An awer kann ee vläicht nach eppes draus maachen un dat déi meescht nach net geduecht hunn: personaliséiert Stempelen.

Wéi? Et ass eng wierklech einfach a schnell Affäre. Ech weisen Iech wéi:

1. Als alleréischt skizzéiere mer eist Motive op de Moosgummi. Wann ee well, kann een sech och vir t’éischt eng Virlag op engem Stéck Pabeier maachen.

2. Wann dir mat ärem Motiv zefridde sidd, zeechent Dir dat Ganzt mat engem Bic no. Heibäi ass et wichteg d’Linnen esou fest an déif anzedrécken wéi méiglech.

3. Ech hu mat eppes Einfachem, eng klengem Haischen, ugefaangen.

4. Wa mer fäerdeg sinn, schneide mer d’Form un de baussechte Konturen eraus.

5. An dat ass et u sech och schonn. Jo, wierklech. Dir kennt elo nach eppes hannendrop pechen vir datt een e bessere Greff huet. D’Intensitéit vun der Faarf, an dowéinst natierlech och wéi gutt een all d’Linned’Linnen gesäit, hänkt ganz dervun of wéi vill Tënt ee benotzt. A mengem Haus ënne riets gesäit ee vill méi Detailer wéi an deem weider erop lenks. 

Da komme mer zum “zweeten Deel” vum Artikel. Wéi der all wësst, ass de Kleeschen geschwënn erëm ënnerwee. An obwuel mir eis Kontakter am Moment op engem Minimum halen, an esou vill wéi méiglech doheem solle bleiwen, mëscht de Kleeschen och an dësem Joer säin Tour vir all déi brav Kanner ze belounen an déi manner brav drun ze erënneren sech e bësse besser ze behuelen. 

Vir e méi “perséinlechen Touch”, sief et einfach mat engem Kaddo oder als Genre Ënnerschrëft vir e Bréif, kënne mer och heivir e selwer gemaachten Stempel bastelen. 🙂 Hei meng Uleedung: 

1. Ech hu mech entscheet heivir de K vu Kleeschen ze huelen. Vir dat Ganzt e bësse méi “authentesch” ze maachen, kritt den éischte Stréch vum Buschtaf no uewen hin eng Kréngel drun. Esou dem Kleeschen säi Staf. Dat vir t’éischt als Virlag op Pabeier.

2. Wann iech d’Grondform gefält, zeechent äre Buschtaf mat duebele Linnen méi deck no.

3. Dann alles mat engem Stëft nozéie vir datt mer d’Endresultat besser gesinn a kennen decidéieren op et dat ass wat mer wëllen.

4. Wa mer zefridde sinn, iwwerdroe mer et op de Moosgummi. Heivir kann een och Fuschpabeier huelen wann eehoergenau dat Selwecht Motiv well hu wei um Blat.

5. Wann alles ausgesäit wéi et soll, schneide mer eise Buschtaf aus.

6. Da siche mer eppes wou mer de Stempel kënnen drop pechen. An dësem Fall ass dat wierklech ze recommandéieren, vue wéi kleng a fummeleg en ass.

7. An oppechen.

8. Wéi wa dat?
“Mee, wann ech de Buschtaf liese kann…”
Jo, dat heescht datt de Stempel spigelverkéiert ofgebillt gëtt… Soe mer einfach ech hunn de Feeler gemaach vir datt et iech net geschitt. 😀😀

Voilà.

Vir de “special effect” deen ech virgesinn hunn, brauche mer esou e Stempelkëssen. Deen huet keng Tënt, mee e spezielle Pech.

10. Wéi gewinnt Stempel an de Këssen drécken, dann op d’Blat wou mer e brauchen, an dann huele mer e spezielle Gold-Pudder (Embossing Pudder) dee mer deck iwwer den Ofdrock streeën.

11. Dat wat ze vill ass, schëdde mer zréck an d’Dëppchen. Kleng Reschter déi mer net ganz esou einfach erof kréien, kann ee mat engem Pinsel ofbiischten.

12. Dann huele mer eis “heatgun” a wiermen de Pudder. Dat misst och mat engem Fön klappen. Dee just op déi wäermsten awer schwächste Stuf stellen.

Hei d’Magie a voller Aktioun.

An esou schéi blénkt et dann duerno an der Luucht…

Wéi ee gesäit, ass de Buschtaf net “makellos”. Hei an do si kleng Lächer. Menger Meenung ass et genau dat wat de Charme ausmëscht.

Ech wollt Mengen nach dem Kleeschen säi bekannten “Hutt”, eng Mitra, opsetzen, (dat mat engem Pech-Stëft, e Stëft deen esou reng schreift ewéi e Bic, dat awer mat Pech) mee dat huet am Endeffekt ausgesinn ewéi e Grafsteen…

Ween net an den extra Stempelkësse well investéieren (z.B. well een et no deem hei kaum nach eng Kéier gebrauche kann), kann och en normale Pech-Stëft huelen.

Ech hunn et getest, an den Embossing Pudder funktionéiert och hei mat tadellos. Natierlech kann een och einfach Glitzer huelen, am beschten e ganz Renkt. (Wee Mikroplastik an der Gläiche vermeide well, et gëtt och biodegradable Glitzer!) Alternativ kann een natierlech och eng faarweg Tënt, Stempelkëssen, oder souguer Saache wéi Acrylfaarf, vir e klenge Relief, benotzen.

Woufir Dir Iech och entscheet, ech hoffen Dir hutt vill Spaass beim nobastelen, an datt de Kleeschen Iech eppes Séisses (oder Salzeges, vir déi, déi dat léiwer hunn) vir déi ganz Méi laanschtbréngt. Bis am nächsten Artikel, passt op Iech op, a bléift all gesond a kreativ.🙂

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.