„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
Foto via Musée National des Mines de Fer à Rumelange
Ënnerwee ewéi e Biergaarbechter! An der Grouf fueren d‘Besicher ongeféier 20 Minutte laang mat der Grouwebunn. Da geet et zu Fouss weider. E Muséesguide erkläert ënnerwee alles ronderëm d‘Aarbecht vun de Männer, déi de ganzen Dag an de Galerien ënnerwee waren. De gréissten Deel vun der Sammlung ass an de Minne selwer ausgestallt. D‘Visitten daueren ongeféier annerhallef Stonn.
Den Nationale Biergbaumusée zu Rëmeleng gouf am Joer 1973 gegrënnt. Et gi véier Grouwen. D‘Grouf Walert gouf 1898 gegrënnt a schonn 1963 zougemaach. An der Grouf Kirchberg ass vun 1880 bis 1930 geschafft ginn. D’Grouf Langengrund huet virun allem d’Schmelz zu Défferdeng beliwwert. Si war vun 1900 bis an d‘1970er Joeren op. Ausserdeem gehéiert den Ofbau Rembour – Vor Hasselt, dee vun 1870 bis 1950 a Betrib war, zum Biergbaumusée.
Foto via Musée National des Mines de Fer à Rumelange
De Lokschapp vun der Grouf Walert gouf am Joer 1900 gebaut. Hei ass d’Receptioun vum Musée mat enger Dauerausstellung an engem Muséesshop. De Biergbaumusée informéiert iwwer déi schwéier Aarbecht vun de Mineuren an den Äerzbiergbau am Süde vu Lëtzebuerg vun 1850 bis an d‘1970er Joer.
D‘Temperatur an der Grouf läit duerchschnëttlech bei 10°C a bleift dat ganzt Joer konstant. Huelt also waarmt Gezei mat. An de Stolle kann ee sech ouni Gefor beweegen. Et soll een awer platt Schong undoen.
Wärend dem Besuch ass en Helm och obligatoresch.
Foto vum Robert Glod via Musée National des Mines de Fer à Rumelange
Vocabulary
ënnerwee = en route
en/de Biergaarbechter = a minor
eng/d’Grouf = a mine
eng/d’Grouwebunn = a mine railway
d’Minnen = the mines
de Biergbaumusée = mining museum
gegrënnt = founded
eng/d’Schmelz = the ironworks
en/den Ofbau = the mining
en/de Lokschapp = locomotive shelter
eng/d‘Dauerausstellung = permanent exhibition
en/de Mineur = a minor
den Äerzbiergbau = ore mining
läit (Verb = leien) = to lie
duerchschnëttlech = in average
en/de Stollen = gallery
en/den Helm = a helmet
Leave a Comment