fbpx

Mam Robi duerch de Bësch

Ganz am Kader vu „Vakanz Doheem“, hunn ech dëse Summer dovunner profitéiert mat menger Famillchen onst kléngt Ländchen nei z’entdecken.

Eng vun de flottsten Aktivitéiten, déi mir mat de Kanner ënnerholl hate, war de Bëschparcours „Mam Robi duerch de Bësch“ zu Housen. Een Waldwichtel deen sech Robi nennt invitéiert hei Grouss a Kléng op eng abenteuerlech Wanderung vun 3 Kilometer a bréngt op spilleresch Aart a Weis der ganzer Famill d’Natur wéi och de Bësch mi no.

Et sollt een sech awer vun der Distanz net täusche loossen. Wann een de Parcours mat Kanner well ënnerhuelen, sollt ee scho genuch Zäit an e klenge Picknick aplangen. Mir waren zum Beispill mat 2 Kanner (e Klenge vun 2 Méint an e manner-Kléngt vu knapps 2 Joer) ongeféier 2 Stonnen (mat Pausen a Spiller) ënnerwee.

Iwwert 9 Statiounen a sëlleg Informatiounsschëlder suerge fir datt et och zu kengem Moment langweileg gëtt,.. weder fir di Jonk nach fir di Al. Hei kann ee kloteren, Gläichgewiicht üben a sech schlau maachen. Et kann een ënnert anerem vun engem Hochsitz aus mat engem Teleskop no Déiere sichen déi sech am Bësch verstoppt hunn a wann ee midd ass, kann een sech an der Hallschent op der Ruheinsel – sief et op enger Hängematten oder souguer engem Bett – ausrouen. Dës Paus géing ech och op alle Fall recommandéieren, well duerno geet et mat liichter Steigung erëm zeréck. Hei muss ech dobäi umierken, datt dësen Deel vum Wee bei schlechtem Wieder nëmme bedéngt mat der Poussette fuerbar ass (Bulli). Fir de Rescht ass de Wee verfestegt a fiert sech gutt mat enger Poussette, virausgesat et huet ee grouss „Offroad“ Rieder dorunner.

Den Tuer ass exzellent beschëldert an de Robi schéckt seng Visiteuren op all Kräizung an di richteg Richtung! Wien den Tracet gären op säi GPS oder Smartphone luet kann dat gären iwwert de Komoot oder de Geoportail maachen. Den ORT Éislek huet hei seng Hausaufgabe gemaach, sou dass een dem Robi säi Wee och online erëm fanne kann.

An fir all déi wou net genuch kënne kréien, déi kënnen dësen Tuer op 7km verlängeren, respektiv eng eege Variante vum Tuer zesumme stellen. De Flyer vum Naturpark Our gëtt eng gutt Iwwersiicht.

Hei nach eng praktesch Informatioun:

Parke kann ee bei der Schwämm zu Housen oder et kënnt ee ganz bequem mam Bus: Linn 560 Ettelbréck-Parc Housen. A béide Fäll ass een net wäit vum Naturpark-Haus, wou dëse flotten Tuer ufänkt. Elo am Hierscht/Wanter ass de Wee bestëmmt och immens flott! Ech géing just oppassen datt d’Wieder dréchen ass, an et och di lescht 2-3 Deeg net gereent huet. 

Vill Spaass beim Entdecken! 

Tags:
Christian C.

Christian C.

Salut, ech sinn de Christian. Eleng oder mat Frënn kuerbelen ech oft mam Mountainbike duerch d’Land. Dat hält fit, mëscht Spaass an et kann een esou och vill nei Platzen entdecken. De Rescht vu menger Fräizäit wou ech net um Suedel sëtze, verbréngen ech mat Wanderen, Photographie, Kachen, Geocaching a Reesen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.