fbpx

Buch Präsentatioun: Eng Hand voll Gléck

Wat ass eigentlech eng richteg Mamm?

Déi Fro stëllt d’Martine a sengem Kannerbuch “Eng Hand voll Gléck”, e Buch wat vun engem Moment schwätzt, deen d’Martine selwer erlieft huet. Et ass eng Geschicht iwwert déi onendlech Léift tëschent enger Mamm an hirem Kand.

Beim liesen ass mir d’Häerz opgaangen. Et mierkt een datt Martine, bei sengem éischte Buch, vill Zäit a Léift investéiert huet. Et ass immens schwéier iwwert dëst Buch ze schreiwen, ouni ze vill ze verroden. Dowéinst hunn ech dem Martine e puer Froen zu sengem Wierk gestallt:

Mir kennen dech als Martine mat der Leseecke, oder auch aus dem Book Corner vu Rosport Life. 🙂 Elo hues du en eegent Buch geschriwwen. Wéi koum et heizou? 

Duerch d‘Publikatioun vun den Artikelen si Lieser op mech duerkomm an hunn mech gefrot ob ech net selwer emol wéilt e Buch schreiwen. Bis dato war et effektiv keen Thema vir mech. Och well d’Schreiwe vun Artikele mir erlaabt, d’Buch an d’Saach an de Virdergrond ze stellen an mech selwer éischter am Hannergrond ze beweegen. D’Iddi huet mech dunn awer iergendwéi net méi lassgelooss. Virun allem wëll ech eng Geschicht am Kapp hat, vir déi et sech gelount huet, iwwert méi Schied ze sprangen an mech op déi aner Säit ze woen an selwer e Buch ze schreiwen. 

Kanns du eppes iwwert d’ Buch soen, awer ouni ze vill ze verroden?

Et spigelt e Moment aus dem Liewe vu mengem Jong a mir, deen ons déif gepräägt huet.

U wien riicht dëst Buch sech?

D’Buch kann ee Kanner ab 4 Joer virliesen a weisen. Deementspriechend ass souwuel de Schreifstil, wei och d’Illustratioun gehal. Ech sinn och bewosst net méi op Thematik agaange fir ebe mat wéinege Wierder dat ze erklären ëm wat et geet: Léift zu senge Kanner, egal op d’Kanner aus engem sengem Bauch kommen, adoptéiert sinn, Fleegekanner sinn oder souguer vläicht och als Kanner vun engem neie Partner, also an enger Patchworkfamill, an onsem Liewe sinn.

Ech hunn et als immens emotional empfonnt?

Dat kënnt wuel dohier well et keng fiktiv Geschicht ass …

Wéi koums du ob dëst Thema?

Wéi gesot et ass e Moment deen ech mat mengem Jong erlieft hunn. Dëse Moment ass ons effektiv esou déif gaangen, eben well méi Jong nach esou kleng war a ganz genee gesinn a gefillt huet, dat mir dobausse gekuckt gi well hien anescht ausgesäit wéi ech.

Dann ass de Lee aus dem Buch wuel…?

Mäi Jong 🙂 

Wéi laang hues du un dësem Wierk insgesamt geschafft? Also éierlech vun der éischter Iddi bis du et am Grapp has?

Geschriwwe war d‘Geschicht séier, well et war jo ee Moment dee mir erlieft hunn. Bis dat d’Buch fäerdeg war huet et awer méi wei zwee Joer gedauert. Och vläicht, well et en Häerzensprojet ass dee muss räifen, a vir deen et sech lount sech Zäit ze huelen.

D’Buch gouf vum Marie-Isabelle Callier, ganz flott, illustréiert. Wéi koum et zu dëser Zesummenaarbecht?

Ee vun de Kannerbicher wat ech emol virgestallt hunn an engem Artikel, war vun der Madamm Callier illustréiert. Dat huet mir faarflech, wéi och vum Stil hir, esou gutt gefall, datt mir hei zesummegeschafft hunn. Ech kann der Madamm Callier nëmmen e grousse Merci soen, vir déi wonnerschéin a sensibel Aart a Weis, mat där si Geschicht bildlech erzielt. En Merci gëlt och dem Bicherhaischen, datt si dat ganzt als Editeur ënnerstëtzt an erausbruecht hunn.

Mir ass opgefall dat d’ Buch Klima neutral gedréckt gouf. Wat ech immens fannen. War dir dat wichteg? 

Dat ass éischter dem Editeur dem Bicherhaischen ze verdanken. 🙂 Natierlech kann een dat als Auteur nëmmen ënnerstëtzen.

Dir fannt dëst Buch an alle gutt sortéierte Librairien, am Bicherhaischen oder Dir kënnt et och per Message um Martine senger Facebook Säit bestellen.

🎁 D’Iwwerraschung kënnt zum Schluss! Mat e bësse Chance, kënnt Dir Äert Exemplar vun Eng Hand voll Gléck elo hei gewannen! 🙂 Sot eis an de Kommentaren hei ënnert dem Artikel um Blog wat fir Iech d’Léift vun enger Mamm ausmëscht. 

D’Gewënnspill ass op bis de 6.12.2020 Owes um 20h. De Gewënner gëtt gezunn an per Mail kontaktéiert. D’Buch kënnt mat der Post. 🎁

Eng Hand voll Gléck
Vum Martine Horsmans
Mat Biller vum Marie-Isabelle Callier
Editioun Bicherhaischen
Verkafspräis: 20€
ISBN: 978-99959-999-5-7
Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Blog Comments
Avatar

D’Léift vun enger Mamm ass onendlech a bedingungslos! ❤

Avatar

Leiwt vun enger Mamm as vir mech wann een emmer hannert sengem Kand steet vertraut, em no lauschtert onendlech vill Leiwt an Vertrauen schenkt an liewensläglich vir sei Kand do as!!!
😍😍😍😍

Avatar

Leift zu sengem Kand , as onendlech , et geif een als Mamm sein Liewen gin fir deen klengen Mensch deen een bei der Hand helt an em den Wee an Zukunft helleft ze beweltegen 🥰
Eng Leift ouni Ufang an ouni Enn 😍
Egal wéi aal se sin

Avatar

D’Léift vun enger Mamm as wann een emer fier séin Kand do as, sein Kand tréicht wann et emol net gudd geet an et bei all Situatioun ennerstetzt an Mutt zouschwetzt. D’Léiwt vun enger Mamm as wann een onendlech léiwt fier sou en klengen Mensch verspiert,den mol nach net op der Welt as,wat zum greissten Deel all Fra betrefft dei Mamm gett an dat bis zu Liewzéiten ❤

Avatar

Als (Adoptiv)mamm wees ech datt d’Léiwt vun enger Mamm net un Genen gebonnen ass. Se ass daat stäerksten Band

Avatar

Léift zu engem Kand ass onbeschreifleg.
Soubaal een se am Arm haalen kann, ass däin Kand den scheinsten. Aus erfahrung kann ech soen, och wann mein Kand aneschteres ausgesäit. Heen ass vir eis Elteren deen schéinsten an et well een nemmen dat Bescht vir Kand.

Mir wieren frou dat Buch ze gewannen, dassen ma eisem Jong dat Buch virliesen kennen, an him weisen kennen dass heen net alleng ass.

Corinne🥰

Avatar

Leift vun enger Mamm ass eppes Onendleches an ouni Konditiounen.
Se ass emmer present op moies, mettes, owes oder an der deiwer Nuecht. Fir mech daat scheinstent Gefill waat een als Fra kann erliewen.

Avatar

Eng Mamm ass emmer fir hier Kanner do ♥️

Avatar

Fir mech ass d‘Leift vun enger Mamm datt se probeiert hirt Kand ze verstoen a sech an et eran ze versetzen. Datt si hirt Kand eescht hellt, grad sou wei seng Ängscht a Suergen. Dei probeiert hirem Kand Wuerzelen ze ginn, ouni seng Flilecken ze briechen…

Avatar
Reply

Da Silva Carvalho Jennifer

Eng onendlech Leift dei net an wierder auszedrecken ass ❤️ eng Leift dei een reicht versteet wann een selwer Mamm ass ❤️ Eng Leift dei dem Liewen op eemol een neien Senn gett ❤️

Avatar

Keng Leift ass mei staark wei dei vun Mamm an Kand ❤️ Meng Kanner sin fir mech alles an stin op 1 Plaatz a mengen Liewen!!

Avatar

❤️D‘Léift ❤️ vun enger Mamm ❤️ass onendlech. Si géif alles fir hiert ❤️Kand ( Kanner ) ❤️maachen .

Avatar

Ech hätt dëst Buch gär fir meng 7 Joer al Prinzessin Mariana, hatt léiert liesen

Avatar

D’Leift vun enger Mamm ass einfach bedingungslos. 😉 an onendlech !

Avatar

D’Leift vun enger Mamm zu hire Kanner an d’Leift vun de Kanner zu hirer Mamm ass dat scheinst Gefill dat et gett. Kee Moment ass mei speziell wei deen wou eng Mamm vu senge Kanner heiert : Du bass di bescht Mamm op der ganzer Welt!

Avatar

D’Léift zu sengem Kand ass onbeschreiflech. Soubaal een säin Kand am Arm haalen kann, ass alles perfekt. Aus egener Erfahrung, gesäit mäin Kand och aneschters aus wei mir. Mais vir eis ass heen deen schéinsten!

Mir wieren frou dat Buch ze gewannen vir eisem Butz déi geschicht kennen ze zielen, an weisen dass heen net alleng ass.

Corinne:)

Avatar

Bedingungslos Léift mecht d‘Léift vun enger Mamm aus ❤️

Avatar

D’Leift vun enger Mamm zu hierem Kand ass bedingungslos an onendlech ❤️ A wei soen ech emmer zu mengem Jong, dén elo schon 23 Joer aal as a selwer Papp vun engem Butz vun 6 Meint: Du bass main Kado vum Liewen

Avatar

Eng Léift déi scho präsent ass ier d’Kand am Bauch ass/sech op d’Rees bei seng Mamm/Eltere mécht 💞
Eng Léift déi vun Dag zu Dag wiisst. 💗
Dat kann ee sech net virstelle bis et esou wäit ass 🥰

Avatar

Villmols merci fir daat flott gewënspill Buch. Esch léiere elo Letzebuergech an esch liese gär Bicher mat mengem Maadche(Hatt schwätzt Letzebuergesch an hëlleft mir). (Désolée pour les fautes).

Avatar

Léift vun enger Mamm ass bedingungslos, onbegrenzt, ech geiff mein Liewen direkt ginm fir main Meedchen

Avatar

D‘Léift vun enger Mamm ass onendlech ❤️ Sie giff alles machen fir datt et hierem Kand gudd geet ❤️

Avatar
Reply

Isabelle Langehegermann

💜Et ass eng Geschicht iwwert déi onendlech Léift tëschent enger Mamm an hirem Kand 🥰💜

Avatar
Reply

Nathalie Ries-Groos

Eng Mam ass frou matt hiren Kanner egal wei dez Relation Mam/ Kand zurstannen komm ass och wann ze vun weit hirkommen an eis net glaichen❤. Esou wei Kand um Bild sein Fuuss emarmt.Eng Léift ouni Konditionen.

Avatar

Déi Léift ass bedéngungslos. An se kënnt mat wéineg Schlof aus. 😅

Avatar

Moien merci fir daat flott gewënnspill buch geet em eng mam an hirt kand onendlech leift teschent der mam an hirem kand🥰❤️

Avatar

Leift vun enger Mamm ass et sein Kand esou gaeren zehun wei et ass an emmer do zesin wann et se brauch

Avatar

D’Leiwt van der Mamm an hirem Kand, wor bei mir direkt entstannen, beim eichten Ableck van enger Foto van eisem Jong deen 1000 van Kilometer van eis fort wor an op eis must warden bis mir heen endlich an eisen Arm konnten hualen, an him dei neidig Leiwt konnten perseinlich konnten gien❤❤❣

Avatar

egal waat geschitt, fir säi kand do sinn❤️

Avatar

Eng Mamm seng Leift fir Kand ass onersetzbar! Leift vun der Tatta awa genauso🥰

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.