fbpx

Chrëschtdagsstollen

Och wann d’Zäiten de Moment e bëssen anescht wéi gewinnt sënn, fannen ech, datt ee gewëssen Traditioune soll bäibehalen. (Soulang se de Mesuren entspreechen). D’Feierdeeg réckelen ëmmer méi no an domat och all déi lecker Saachen aus der sougenannter „Weihnachtsbäckerei“. Wéi wier et zum Beispill mat engem gudde Chrëschtdagsstollen? Deen kann een ouni vill Opwand selwer baken an sech an/oder och senge Léifsten eng Freed maachen.🙂 Hei mäin Rezept!

Dir braucht fir den Ufank:

  • 500g Weessmiel
  • 1 Päckche Bakpolver
  • 150g Zocker
  • 1 Päckche Vanillszocker
  • Bësse Salz
  • ½ Fläschche Mandel-Aroma
  • ½ Fläschche Rum-Aroma
  • ½ Fläschche Zitrounen-Aroma

An enger grousser Schossel, ginn dës Zutaten fir d’éischt mol gutt vermëscht.

  • 1 Päckche kandéiert Friichten (gemëscht)
  • 100g Korinten
  • 100g Hieselnëss (gehaen oder ganz)
  • 100g Mandelen (gehaen oder ganz)

All dës Saache kënnt Dir an enger klenger Schossel mëschen.

An déi grouss Schossel gëtt uschléissend eng Verdéiwung gemaach fir déi restlech Zutaten bäizeginn:

  • 150g Botter
  • 250g Stoffi (wäisse Kéis)
  • 2 ganz Eeër

A lass geet et! D’Botter, d’Eeër an de Stoffi gi lo mat der Miel-Zocker Mëschung zu engem glaten Deeg verschafft. Dat geet am Beschte mat den Hänn, knieden, knieden, knieden! D’Botter soll dofir Zëmmertemperatur hunn, also huelt et schonn puer Stonne virdrun aus dem Frigo. Iwwerhaapt ass et beim Baken ëmmer gutt, wann d’Saachen Zëmmertemperatur hunn, och d’Eeër zum Beispill.

Wann den Deeg ze vill un äre Fanger peche bléift, kënnt Dir einfach nach e bësse Miel dobäi ginn, eben sou vill, bis en glat an nemi pecheg ass.

Ganz zum Schluss kniet een dann d’Korinten-Nëss-Friichten-Mëschung ënnert den Deeg a schonn ass eise Stollen bal prett fir an den Schäffchen. Dës Quantitéit geet duer fir 2 Stollen ze formen, ech perséinlech maachen ëmmer ee Groussen an ee Klengen draus. Dir deelt den Deeg einfach an 2 Stécker a formt déi typesch Stollenform.

Déi 2 Stolle kommen op een mat Bakpabeier beluechten Blech fir 50 Minutte bei 160°C (Ober-/Unterhitze) an den Schäffchen. No deene 50 Minutten kënnt Dir d’Temperatur fir 10 Minutten op ongeféier 200°C erhéijen, fir dass d’Stollen schéi goldgiel ginn. Passt awer op, dass se nik verbrennen, d’Temperaturen hänken ëmmer e bësse vum Schäffchen of.

Wann d’Stolle bis kal sënn (am Beschten ass et, et waart een bis den nächsten Dag), da kënnt Dir just nach e bëssen Pudderzocker drop streeën a fäerdeg sënn se.

Vill Spaass beim Nobaken a loosst Eech et schmaachen! 🙂
Tags:
Laura

Laura

Laura, a twenty something girl from Luxembourg, earned her Bachelor‘s degree in Molecular Medicine and is highly interested in science, especially everything related to the human body. She also loves to work with children and attained the credentials to work within the educational system. Baking, sport and spending time with her loved ones, are her favorite things to do during her free time.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.