fbpx

Bekannt Plazen:  D‘Abtei & d‘Schlass vu Clierf

  • Home
  • Featured
  • Bekannt Plazen:  D‘Abtei & d‘Schlass vu Clierf

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

 

Foto via Visit Clervaux

Matzen am Éislek läit d’Stiedche Clierf. Uewen iwwer der Stad steet eng romanesch Kierch, e grousst Benediktinerklouschter an e Schlass aus dem 15. Joerhonnert.

Zu Clierf steet also déi réimesch-kathoulesch Benediktinerabtei. An der Abtei liewen haut ongeféier 30 Mënchen.

Fir d‘Besicher ass d‘Abtei – mat Ausnam vum Virhaff, der Klouschterkierch an der Krypta – net ëffentlech zougänglech. An der Krypta ass eng Ausstellung iwwer d‘Sitten an d‘Gebräich vum Klouschterliewen.

D’Kierchegebai ass 66m laang, 15m héich an 10m breet. D‘Quierschëff ass 22m breet. D’Abtei huet e Glackentuerm, dee 65m héich ass.  Am Tuerm sinn dräi Glacken. Allen dräi sinn aus dem Joer 1914.

Net wäit ewech steet d‘Schlass vu Clierf. Et gouf spéitstens am 12. Joerhonnert gebaut. De 26. September 1935 gouf d’Schlass als Nationaldenkmal ënner Denkmalschutz gestallt.

Foto via Visit Éislek

Am Schlass sinn dräi Museeën. D‘Fotoausstellung The Family of Man ass en engem vun den dräi Museeën. Si gouf vum gebiertege Lëtzebuerger Edward Steichen fir de Museum of Modern Art zu New York zesummegestallt an do 1955 gewisen. Duerno war d‘Ausstellung vun 1955 bis 1962 an 150 weidere Museeën op der ganzer Welt ze gesinn.

Theema vum zweete Musee ass d‘Ardennenoffensiv vum Zweete Weltkrich.

1970 ass och de Musée vun de Modellbauten vu Lëtzebuerger Schlässer erageplënnert.

Et ginn awer och soss nach ganz vill flott Saachen ze kucken an ze maachen zu Clierf. Et gëtt vill Natur fir spadséieren ze goen.

Um Site www.visit-clervaux.lu fannt Dir weider Informatiounen.

 

Vocabulary

matzen = in the middle of                                             

Stiedchen = kleng Stad  -> small city

romanesch Kierch = romanic church                              

Benediktinerklouschter = Benedictine monastery

Mënchen = monks                                                        

de Virhaff = forecourt

Sitten = manners, morals                                              

Gebräich = the customs

Quierschëff = the transept                                            

Glackentuerm =  bell tower

Nationaldenkmal = national monument                        

Denkmalschutz = under monumental protection

gebierteg = native                                            

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.