fbpx

DIY: personaliséiert Chrëschtdekoratioune

E wonnerschéinen, wann och kalen, Dag.

Esou lues huelen d’Chrëschtdeeg Ulaf an éier se eis iwwerrennen, sollt Dir elo ronderëm Iech kucken fannen datt do iergendwéi nach e eppes feelt an der Deko, dann hunn ech hei vläicht genau dat Richtegt.

Sief et vir un de Bam (den eegenen oder dee vu Frënn oder Famill) an d’Fënster oder un d’Dier, dës kleng Bastlerei ass eppes vir déi ganz Famill. Och, oder virun allem, déi kleng Memberen.

Fänke mer un!

1. Vir t’éischt eist Material: Decken Zeechepabeier oder Kartong, e Bläistëft an eng Schéier sinn obligatoresch, Zierkel a Radéiergummi optional.

2. Dann zeechne mer d’ Form, an där mir eis Deko gär hätten. Ech hu mat enger Bull vir op de Chrëschtbeemchen an engem Boxe– oder Liefkuchmännchen ugefaangen. Heibäi beuechten, datt een eng Platz léisst wou mer duerno de Fuedem kennen derduerch zéien vir eis Deko opzehänken, esou wéi och eng ca 5×5 cm grouss Platz vir eng Foto dran ze pechen.

3. Da schneide mer eis Form aus.

4. A vir datt duerno beim pechen och alles passt, zeechne mer mat Hëllef vun der schonn erausgeschniddener Form eng zweet, identesch, Form. Falls de Pabeier op eng spezifesch Säit muss gedréit ginn an äert Motiv asymmetresch ass, denkt drun Äer original Form den ëmgedréite Wee op de Pabeier ze leeën, vir e spigelverkéiert Bild ze hunn.

5. Dann huele mer eis Foto, hei eng Opnam vun eisem Mupp, leeën eis Form drop an zeechne mat liichter Hand d’Ëmrësser no wou d’Foto soll duerchkucken.

6. Da schneide mer d’Bild eraus, ganz ronderëm e gudden hallwen Zentimeter méi grouss wéi d’Kontur déi mer opgezeechent hunn.

7. Da fierwe mer eis Form. De Grond firwat ech keng Faarwe mat am Material genannt hunn, ass datt Dir kënnt huele mat wat Dir am léifste moolt. Ech hunn Alkohol-Marker geholl.

8. Da kenn der Iech beim dekoréieren austobe bis Äert Ornament ausgesäit wéi Dir et wëllt hunn.

9. Als nächst packe mer de Pech aus vir eis Foto.

Huelt hei e Pech deen esou wéineg wéi méiglech Spueren hannerléisst an net ze fest pecht, wëll der d’Foto ënner Ëmstänn musst erëm lass maachen oder hinn an hier drécke bis se perfekt setzt.

10. D’Resultat sollt eppes an dem Style sinn:

Wann der wëllt, kenn Dir eng vun de Fotoe spigelverkéiert erausdrécken, mee dat ass eng Affaire de goût an e klengen Detail.

11. Da peche mer béid Säiten zesummen, dës Kéier mat engem Pech dee richteg gutt hält, Iech awer idealer Weis genuch Zäit gëtt alles néi ze positionéieren, falls néideg. Heivir gëtt et speziell Pecher déi vir Bastele mat Pabeier gemaach sinn. Super glue z.B. pecht zwar top, allerdéngs och extrem schnell. 

12. An da si mer u sech fäerdeg!😀

13. Ech hu meng Ornamenter mat engem extra Pech (jo, et gëtt eng Onmass verschidden Zorte Pech, an ech hunn eng (bal) onangeneem grouss Variatioun dovu bei mir an engem Tirang…) iwwerstrach, esou dat d’Faarf geschützt an déi ganz Form gestäerkt a fest ass (wéi papier maché). Dann hunn ech alles mat engem Genre Lack-/Glaséierpech mat Glitzer iwwerstrach, mee d’Foto ausgelooss. Leider gesäit een de Perlmutt vum Glitzer net gutt mat menger Kamera an/oder der Luucht. Hei am Video kritt Dir awer ee klengen Androck: 

14. Duerno hu mer och nach e Schnéimännche-Kueder an e Pinguin gemaach.

15. E klenge Putsch hei, e klenge Knapp do, eng, zwou, dräi Schnéiflacken, a voilà!✨✨

16. Vu datt mir wéinst der Katz a wëll mer (bis dëst Joer) iwwer d’Feierdeeg ëmmer bei der Famill sinn, hu mir kee Chrëschtbeemchen. Eis Ornamenter verschéineren also eis Hausdier. Op engem Beemchen ass et natierlech e bësse méi sënnvoll zwou Säiten ze hunn.

An dat war et och schonn! Dir gesitt, flott, perséinlech, an net ze komplizéiert.
Ech wënschen Iech vill Spaass beim nobastlen, schéi Feierdeeg, a bléift gesond a kreativ.✨🙂

Tags:
Stéphanie C.

Stéphanie C.

Je m’appelle Stéphanie et j’ai 38 ans. Avec mon mari, Georges, nous nous sommes découvert depuis peu une passion pour la marche à pied. Pratiquer la marche nous permet de rester en forme tout en réalisant une activité physique, en plein air. Elle nous permet également de décompresser, de relâcher les tensions ou de nous vider la tête tout simplement.     Par ailleurs, comme nous sommes de grands gourmands, marcher nous permet d’éliminer les nombreuses calories ingérées. Mais cette activité nous permet surtout de sortir des sentiers battus et de découvrir de magnifiques endroits qui ne sont pas toujours accessibles en voiture. C’est afin de partager notre passion et nos découvertes que nous avons créé le blog www.onmarcheetvous.eu ainsi que notre page Facebook. Qui sait peut-être que nos récits vous inspireront et que vous aussi vous vous mettrez « en marche » … ?!?

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.