Et gëtt ëmmer e gudde Grond fir Kichelcher ze baken, grad bei den naassen oder kalen Deeg bitt sech hei eng flott Aktivitéit fir dobannen, wou di ganz Famill mat maachen kann an wou d’Grousselteren an de Besuch och eppes dovunner hunn.
Wärend d’Mamm Rezept virléisst, weit d’Meedchen op de Gramm den Zocker of, de Bouf rullt den Deeg aus, de Papp mëscht Fotoen, am Hannergrond lafen Chreschtlidder… neen, sorry, ganz sou einfach leeft dat net (ëmmer) of. Just dass een virgewarnt ass, et wäerten di eng oder aner Saachen schif goen, dofir ass et gutt wann een mental schonn dorobber präparéiert ass. 😀
Natierlech hänkt vill vum Alter vum Kand/Kanner an hiren motoreschen Fäegkeeten of. Hei puer Tipps déi bei ons (meeschtens) gutt funktionéieren kann an déi ech gären mat Iech deelen:
- Plang genuch Zäit an
- Ëmmer eng viischt Lomp prett halen
- Méiglechst all Zutaten, wéi och Utensilien schonn zesumme gesammelt hunn iert een ufänkt, sou verléiert een kéng Zäit mat sichen herno
- D’Kand muss gutt an sécher kënnen un der Aarbechtsplack kënnen schaffen. Mir hunn ons e.a. dofir e Learning-Tower gebaut
- Ausstiechformen benotzen déi d’Kand uspriechen, do kritt een wierklech ganz ausgefalen Saachen (Dino, Auto, Trakter,… )
- ËMMER an eng separat Schossel d’Miel / Zocker etc… ofweien loossen (dann kann een wat ze vill ass ouni Probleemer rëm zeréck schëdden)
- D’Kanner heiansdo mol gewäerden loossen an nëmmen dann hëllefen wann et néideg ass
- Net ze vill an d’Längt zéien, mir deelen oft d’Aktivitéit iwwert den Dag, z.b. Moies den Deeg maachen an Mëttes Kichelcher ausstiechen.
- Natierlech dem Kand Feedback ginn, wéi gutt et dat gemaach huet an wéi gutt seng Kichelcher sinn
- Net vergiessen, Kichelcher sinn just e flotten Nieweprodukt, wat zielt ass di flott Zäit mam Kand
Elo zu mengem Rezept:
Wat Dir fir den Kichelchersdeeg braucht:
-
- 500 g Miel
- 250 g Zocker
- 250 g Botter
- 2 Ëer
- 1/2 Päckelchen Bakpolver
- 1 Päckelchen Vanillszocker


Wéi et geet:
-
- Zocker, Vanillszocker an d’Botter cremeg verréieren
- D’Ëer bäiginn an réieren
- Miel an Bakpolver bäiginn an zu engem Deeg knieden
- Deeg an Zellophan ëmwéckelen (optional) an am Frigo fir 15-30 Minutten rouen loossen (Dann léisst en sech besser verschaffen herno)
- Ausrullen an mat Formen ausstiechen
- Op e Blech mat Bakpabeier verdeelen
- Bei 160°C Ëmloft baken fir +/- 20 Minutten (gutt am Aen behalen).
Zum Schluss di grouss Fro, ab wéini kann ee mat senge Kanner zesummen baken?
Hei gëtt et keng spezifesch Zuel, dat ass bei all Kand anescht, mir hunn mat onsem Meedchen schonn mat 17 Méint Kichelcher gebak. Wichteg ass just dass en ni vergësst, datt et net wierklech ëm d’Kichelcher mee em d’Aktivitéit geet, ganz getrei nom Motto „ Der Weg ist das Ziel“.
D’Kichelcher schmaachen sou oder sou gutt, well se sinn mat Léift gebak,.. AN et géif och souwisou keen sech trauen de Contraire ze behaapten. 😉😉
Leave a Comment