Bild via d’Facebook Säit vun Charly Books
Virun e puer Joer huet et mat engem Kannerbuch ugefaangen a schnell ass d’Famill vum Charly, dem klenge Fuuss mat der léiwer schwaarzer Stuppsnues, gewuess. Antëscht gëtt et net just Bicher mam Charly als Haaptpersonnage, mee och en Molbuch, passenden Accessoiren a villes, villes méi. De klenge Fuuss huet sech immens séier a mäin Häerz geschlach an esou hunn ech mir geduecht, ech géing Iech hien emol hei um Blog presentéieren an ech hunn heifir sengem kreativem Papp a Grafiker, dem Charel Peters, e puer Froe gestallt.
Charel, kënnt Dir eise Lieser erziele wéi et zum Charly komm ass?
D’Iddi vum Charly ass ursprénglech ob meng Kandheet zeréck ze feieren. Ech hunn ëmmer gäre Kannerbicher gekuckt & gelies, zemools déi, wou ee flott Saache konnt entdecken an eppes Klenges draus geléiert huet. Sou koum et, datt ech en grousse Fan vum Felix war deen ëmmer vill gereest ass, an esou ass dann och lues d’Iddi mam Charly entstanen. Engersäits fir d’Kanner mat ob eng Aventure ze huelen an de Bësch ze entdecken an awer och fir de Kanner déi Experienz an enger Aart zeréck ze gi, déi mir als Kand esou gutt gefall huet.
Foto via charlybooks.com
Wei laang huet et gebraucht bis déi Iddi an iech geräift war, an Dir de Charly a seng Frënn zum Liewe bruecht hutt?
Bis ech d’Iddi ob de Pabeier bruecht hunn an ugefaangen hunn mat molen hunn ech mir ca. 2 Joer Gedanke gemaach, wéi ech dat genaut Konzept opbaue kéint. Et ass mir net alt ze schwéier gefall d’Richtung mat der Natur, den Deieren an engem Haaptcharakter als Fuuss anzeschloen. D’Molen huet am längste geholl, vun 1-2 Woche pro Säit a ca. 1 ganz Joer fir ee Buch fäerdeg ze stellen.
Wou huelt Dir d’Iddien fir Är Bicher hir?
Ech versiche mech einfach a meng Kandheet zeréck ze setzen. Wat hat mir am meeschte Spaass gemaach a wou hunn ech meng meeschten Zäit verbruet, ganz einfach, an der Natur!
Mee et ass jo net just bei Bicher bliwwe! Ech hunn wéini zum Beispillen dierfen eng Charly Kamell schmaachen. 🙂 Wat gëtt et eigentlech alles ronderëm de Charly?
Ufanks hunn ech meng 2 éischt Bicher ob eege Fauscht, spréch nëmmen d’Buch, erausbruecht. Et si Bicher am Genre Wimmelbild fir ze kucken, ze sichen, ze entdecken an eng Klengegkeet ze léieren. Dat ass awer haut ze Daags net méi duergaange well d’Konkurrenz sech och stänneg weider entwéckelt. Ech hunn et misse méi interessant gestalten. Esou sinn d’Petzien entstanen, déi di eenzel Charakteren an den Bicher duerstellen. Verschidden Altersgruppe gi mat Spiller, wei z.b. en Puzzle, Memo oder souguer en Baakschiertech ugesprach. Esou ass et dozou komm dass een nieft de Bicher am ganzen iwwert 45 aner Charly Produkter kann entdecken. Eng kleng Klamer fir d’Elteren: Am Charly senge Bicher sinn Bakrezepter, déi een duerno mat de Kanner zesummen nobaken kann.
Foto via d’Facebook Säit vun Charly Books
Dëst Joer hunn ech dunn mäin 3. Buch lancéiert. Dës Kéier ass et ee Charly Molbuch fir Lëtzebuerg ze entdecken! Mat engem flotte Package fir dat ganzt Buch mat Bläistëftsfaarwen ze molen an enger passender Schachtel. Et gëtt et ob Lëtzebuergesch & Englesch als Niewensprooch fir en méi grousse Public ze erreechen.
Bild via charlybooks.com
Op wei eng flott Iddie mam Charly kënne mir ons vir d’Zukunft nach freeën?
Ech kann Iech just verroden, datt de Charly deemnächst ausserhalb vun Europa eng Entdeckungsrees mécht. Dozou méi Enn 2021. Bleift also gespaant an entdeckt & moolt fläisseg weider. 🙂
Mäin Respekt huet de Charel Peters op all Fall fir déi super flott Iddie ronderëm de Charly an seng Famill. D’Bicher si wonnerschéi gemaach an pedagogesch sinn si eng flott Hëllef vir de Kanner d’Déirenwelt an d’Natur op eng spilleresch Aart a Weis méi No ze bréngen. Och d’Zuelen oder eng aner Sprooch (beim Molbuch z.B. Lëtzebuergesch an Englesch) kann een hinne mat dëse Bicher bäibréngen an an engems gëtt hir Kreativitéit ugereegt.
Wann mäin Artikel Iech elo Iddi ginn huet fir dem Charly seng Aventuren ze entdecken an Dir Äre Kanner eng Freed wëllt maachen, da kuckt emol am Charel Peters sengem Webshop eran.
Als kleng Iwwerraschung zum Schluss, kënnt Dir elo a bis den 28.12 op der Facebook Säit vum Rosport Life, ee klenge Charly Package gewannen. 🎁
Ech hoffe mäin Artikel huet Iech gefall. Ech wënschen Iech all schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch an dat neit Joer.🙂
Leave a Comment