Mir kommen un d‘Enn vum Joer 2020. Ee ganz speziellt Joer dat mat Sécherheet fir Keen vun eis einfach war. De Covid-19 huet bei mir dofir gesuergt, datt ech weder meng Programmatioun, nach meng Ziler erreeche konnt… Wat ech réckbléckend zu 2020 soe kann a wat ech mir fir 2021 wënschen, soen ech Iech an dësem Artikel.
Mäin leschten Internationalen Tournoi war am Februar, kuerz virum éischte Lockdown. Séit deem, war et fir mech onméiglech een ITF ze spillen. D’Zil war et u sech 2020 um internationalen Niveau Vollgas ze gi fir et 2021 op di ganz grouss Junioren Tournoien ze packen. Dëst war een Zil wat erreechbar gewiescht wär, mee duerch de Virus huet sech dësen Dram leider opgeléist.
Ech misst mech also domadder zefridde ginn, just national Tournoien a Frankräich an zu Lëtzebuerg ze spillen. Dat ass eppes ganz aneres, an et kann een et guer net mat de groussen Tournoie vergläiche well et vill manner professionell ass. Ech hunn allerdéngs probéiert, dat Bescht draus ze maachen obwuel ech och op deem Niveau e bësse limitéiert war well ech de ganze Wanter domat verbruecht hunn eng Verletzung un der Schëller lass ze ginn.
Duerch dës Verletzung hunn ech och manner trainéiert wéi ech Wëlles hat. D’Annulatioun dunn vun den Equipenmätcher am Summer huet mech och staark getraff. Dat sinn nämlech ëmmer Wochen un deenen ech eng immens grouss Freed fannen. Ech kann dann zu Lëtzebuerg sinn an mat mengem Club Tennis Spora den Titel verdeedegen.
No all deene schlechten Nouvellen, a Saachen déi dëst Joren et esou geklappt hunn wéi ech mir et gewënscht hunn, halen ech elo awer op mech ze bekloen. Et ka keen eppes drun änneren an d’Joer 2020 huet mir trotz Allem och schéi Momenter bruecht…
Ech war erëm am Fed Cup Team a konnt mam Team Lëtzebuerg hei bei eis Doheem matkämpfen. Ech hunn och mat menger Equipe vum Tennis Spora, bei den Erwuessenen a bei de Junioren, den Titel vun der Coupe FLT gewonnen.
Am Summer hunn ech dann och mäin Titel am Championnat verdeedegt an am Dubbel Mixed gewonnen. Mee virun allem hunn ech duerch d’Annulatioune vun den Tournoie vill trainéiert a vill progresséiert.
Wat ech virun allem cool font hunn ass, datt mir fir eis di schwéier Zäit am Wanter e bësse méi lëschteg gestallt hunn a lauter verschidde Sportaarten ausprobéiert hunn, wéi zum Beispill Kampfsportaarten, Schwammen a Basket.
Wat d’Schoul ugeet, sinn ech immens zefridde mat menge Resultater, dat kann am neie Joer esou weider goen. 🙂
2021 probéieren ech optimistesch ze gesinn. Ech hoffen, datt ech dann ouni Verletzungen erëm voll op den Tournoie ka starten. D’Zil ass mir op internationalem Niveau bei den Erwuessenen eng Platz ze maachen a weider vill ze progresséieren – dat am physeschen, techneschen a mentale Beräich.
Ech hoffen, datt Dir alleguer d’Joer 2020 iwerstaan hutt an wënschen Iech een gudden Start an d’neit Joer.🙂
Leave a Comment