
„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
Endlech hu mer och emol erëm richteg Schnéi am Ländchen! Fuert erop bis an d’Éislek a loosst Iech iwwerraschen.
De Schoul- a Sportzentrum zu Wäiswampech mécht, wa Schnéi läit, um 10 Auer op. Hei kënnt Dir alles léinen, wat Dir braucht. Si hunn alles: Schi, Schischong a –bengele fir Kanner ewéi och fir Erwuessener.
Wann Dir prett sidd, gëtt et eng flott Laanglaf-Streck ronderëm de Séi vu Wäiswampech. Si ass fënnef bis sechs Kilometer laang.
Am Schoul- a Sportzentrum kann een awer och Schlitte léinen. Also kommt och mat Äre Kanner oder Enkelkanner erop en Tour mam Schlitt fueren.
Et ginn och nach aner Laanglafpisten. D’Piste vun der Schi-Statioun zu Wäiswampech hunn eng Längt vun am Ganze 14,5 Kilometer. Dat ass dee gréisste Schi-Zenter a Lëtzebuerg!
Och zu Housen kann ee Laanglaf maachen. Och do kritt ee vu moies 10 Auer un am „Camping des Ardennes“ säi Material ze léinen, wann ee keent huet. An da kann ee sech op enger vun den zwou Loipen op de Wee maachen. Awer domat net genuch! Och zu Wolz si fënnef Kilometer laang Schilaanglafpisten am Bësch.
De Schilaanglaf huet esou vill Virdeeler fir d’Gesondheet. Et ass gutt fir den Häerz-Kreeslafsystem a gutt géint héije Bluttdrock, Infarkter an Diabetes. Ufänger verletze sech net dacks duerch déi geréng Belaaschtung vun de Gelenker. Dofir ass de Sport och gutt fir Leit mat Knéie-, Réck– an Hëfteprobleemer.
Et ass also gutt fir d’Gesondheet an och en Naturerliefnes, dat een un d’frësch Loft bréngt an den Alldagsstressvergiesse léisst. Probéiert et! 😊
Vocabulary
de Schnéi = the snow
iwwerraschen = to surprise, to astonish
léinen = to borrow, to lend
Schi = ski
Schischong = ski boots
Schibengelen = ski sticks
Erwuessener = adults
Laanglaf-Streck = cross-country skiing slope
de Séi = the lake
de Schlitt = the sleigh
eng Laanglafpist = a cross-country skiing slope
Housen => Hosingen: small town in the North of Luxembourg
Loipen = cross-country ski runs
Häerz-Kreeslaf-System = cardiovascular system
géint = against
héije Bluttdrock = high blood pressure
en Infarkt = an infarct
sech verletzen = to injure yourself
geréng = low
Belaaschtung = stress, load
Gelenker = joints
Knéi = knee
Réck = back
Hëft = hip
Gesondheet = health
Naturerliefnes = a special event in a natural setting
frësch Loft = fresh air
Alldagsstress = everyday stress
vergiessen = to forget
Probéiert et! = Try it out!
Leave a Comment