fbpx

Rezept: Gëlle Brout

Gëlle Brout

D’lescht Joer hunn ech Iech op dëser Plaz dat ‘perfekt Brout’ virgestallt a mäi Rezept huet vill Succès kannt.

Haut wëll ech Iech een anert Brout virstellen, ee wat méi séier geet an och ganz aneschters schmaacht. Fir dëst Rezept brauch ee vill méi Hief an et muss ee méi knieden. Ech fannen et immens gutt, mee d’Goûte gi jo bekanntlech auserneen, dofir sinn ech gespaant wéi Dir et fannt. Loosse mer ufänken:

Wat brauche mir fir 2 grouss Leiwer Brout?
  • 1 kg Miel
  • 600 ml Mëllech
  • 80 gr Botter
  • 2 Iessläffelen Hunneg
  • 20 gr Salz
  • 20 gr Hief
  • (een Eegiel)
Wéi geet et elo weider?

Et ass net ganz komplizéiert!

1. Wiermt den Uewen op 250°C.

2. Déi 600 ml Mëllech wierme mir e bësschen. Se soll awer net kachen, just liicht wotlech soll se sinn. An der Mëllech schmëlze mir de Botter (e soll op mannst gutt mëll sinn, e muss net ganz geschmolt sinn).

3. D’Miel, d’Mëllech, de Botter, den Hunneg, d’Salz an d’Hief kommen zesummen an eng Schossel. Een Eegiel kann och mat dran, muss awer net.

4. Elo wou alles an der Schossel ass muss et gutt gekniet ginn. Ech knieden alles a menger Maschinn fir ob mannst 10 Minutten. (Fäert net, Dir kënnt et och 15 Minutten an der Maschinn loossen. )

Elo kënnt den Deel wou Gedold gefrot ass, well den Deeg muss elo 1 Stonn rouen.

5. No der Stonn ass den Deeg gutt opgaangen. Mir huelen den Deeg aus der Schossel an deelen en a 4 gläichgrouss Stécker.

6. Elo gëtt all Stéck gefält. Dat heescht mir zéien un enger Säit a lees se uewen drop, ouni datt den Deeg futti fiert. Dat maache mir op all Säit a mir formen esou eng kleng Bull aus all Stéck. Elo hunn mir 4 Stécker Deeg a enger Form wéi eng Bull (Sou ongeféier).

7. Da kommen all Kéiers 2 Bullen an eng rechteckeg Bakform. Ech huele meng schwéier gosse Kuchebakformen. Ech benotzen déi, wëll et mat deenen, menger Meenung no, déi beschte Resultater ginn. Ech maachen den Deckel drop, alternativ kann een och eng “normal” Form mat engem Stéck Sëlwerpabeier zoudecken.

An dann heescht et nees waarden, well elo muss den Deeg nach eemol 40-45 Minutten opgoen.

No enger gudder ¾ Stonn, geet dann alles an den Uewen dee mir jo op 250°C virgewiermt haten. Elo ass et awer wichteg, datt mir Temperatur direkt op 210°C erofdréinen, soss riskéiert d’Brout eis ze verbrennen.

Lo baakt eist Brout eng Stonn!

Duerno eraushuelen an ofkille loossen.

An… gudden Appetit!

Ech toasten dëst Brout immens gären, an doduerch hunn ech och den Titel vun dësem Artikel gewielt, well, beim toaste kritt d’Brout eng immens schéi gëlle Faarf. Ech mengen dat ass duerch den Hunneg.

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.