fbpx

Buchpräsentatioun: Mäin éischt Wierderbuch

Mäin éischt Wierderbuch – dräisproocheg

D’Editions Phi hunn e ganz flott Buch mam Numm ‚Mäin éischt Wierderbuch‘ fir Kanner ab 12 Méint rausginn. Am ganze sinn et 10 Beräicher déi op 14 Säiten duergestallt sinn. Ouni Iech ze vill ze verroden, wëll ech der elo e puer opziele fir Iech eng besser Iddi vum Buch ze ginn.

Déi kandgerecht Illustratiounen am Buch spigele Géigestänn aus dem Alldag wéi zum Beispill dat wat een an Haus a Gaart, wéi och an der Schoul oder um Bauerenhaff erëmfënnt. Och d’Gefierer ginn de Kanner flott erkläert souwuel wéi d’Déierewelt, déi natierlech net feelen dierf. Souguer déi méi einfach Saache wéi den Teller um Dësch, d’Kleeder am Schaaf oder d’Märechersbicher, wouraus een owes eng Geschicht erzielt kritt, gi gutt erkläert.

Wat wierklech flott ass, ass dat ënnert all Bild den Numm vum Géigestand, Déier & Co, souwuel op Lëtzebuergesch wéi och op Däitsch a Franséisch, steet. Besonnesch an eisem Land wou net nëmme Lëtzebuergesch am Alldag benotzt gëtt, ass et menger Meenung no, gutt, wann ee Kanner schonn esou fréi wéi méiglech un  d’Méisproochegkeet eruféiert. Ee Buch wéi dëst kann dobäi eng grouss Hëllef sinn. Och fir Kanner déi net fléissend Lëtzebuergesch schwätzen ass et immens flott d’Sprooch via déi Däitsch oder Franséisch Iwwersetzung ze entdecken.

Ech fannen, datt esou ee Buch grondleeënd zur Sproochentwécklung vun de Kanner bäidroe kann. Zousätzlech kann et och eng Hëllef fir Erwuessener sinn, déi d’Buch mat de Kanner kucken an déi vläicht eng vun den dräi Sproochen net schwätzen.

D’Buch ass a déckem Kartong gebonnen, sou datt et engem multipele Gebrauch vu klengen a grousse Fangere ka standhalen.
Wann Dir also op der Sich no engem Buch sidd, mat deem Dir d’Welt zesumme mat Äre Butzen entdecke kënnt, da kann ech Iech dëst Buch nëmme recommandéieren.

Als kleng Iwwerraschung zum Schluss verspillen ech d’Buch op menger Facebook Säit ! 🙂  Kuckt bis eran, beäntwert folgend Fro: Wéi vill Sprooche ginn am Buch benotzt? An mat e bësse Gléck schécken ech Iech een Exemplaire heem! D’Gewënnspill ass op bis den 1. Februar Owes um 20h.

Bis geschwënn, bleift gesond!

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.