fbpx

DIY: Papier Mâché

Do it yourself: Papier Mâché

Fir t’aller éischt, gudde Moien, a mat e bësse Verspéidung : alles Guddes am néie Joer!

An obwuel mer sécher alleguer hoffen, datt et besser gëtt wei 2020, ass et wuel keng Fro, datt mer och nach dëst Joer op esou Munches wäerte verzichte mussen. Esou warscheinlech och op d’Fuesent. Dat heescht natierlech net, datt virun allem d’Kanner net awer e bësse Spaass kënnen hunn. An dowéinst maache mer haut eng DIY Mask aus Papier Mâché.

Dat flott u Papier Mâché ass, datt et alles extra stabil mëscht an een e Genre “Gerüst” drënner ka verstoppen. Dir kënnt also och aner Déiere maache wéi ech haut, wéi zum Beispill eng Kaz oder e Wollef (Zänn inclus). Fir et fir déi kleng Bastler e bësse méi einfach ze halen, maache mer haut e Villchen.

Fir t’éischt alles wat mer brauchen:

  • Teller aus Katrong
  • Scotch
  • Bläistëft
  • Pinsel
  • Schéier an/oder Skalpell
  • (Pabeier-)Pech a Waasser
  • (Acryl-)Faarf
  • Deko (ech hu geholl: Mica Pudder, Fiederen, Blatgold a Glitzer)
  • Zerwéiten, Zeitung- oder Kichepabeier (evitéiert Toilettëpabeier, dee fusemt)
  • Lack/Vernis (optional)

1. Fir t’éischt zéie mer en horizontale Stréch duerch d’Mëtt vum Teller.

 

 

 

 

 

 

2. Dann zeechne mer d’Form fir den ënneschten Deel vun der Mask op. Zwee Hiwwelen no ënnen an ee méi klengen, fir d’Nues, no uewen. Do derbäi kommen dann nach zwee Lächer vir d’An. (Just oppassen, datt se och op béiden An positionéiert sinn.) Ze gudder Läscht gesi mer dann nach fir wéi de Rand formen.

 

 

3. Da schneide mer d’Mask aus.

 

 

 

 

4. Op dem ofgeschniddenen Deel zeechne mer en Dräieck. Um Stréch an der Mëtt gëtt de Schniewel duerno gefaalt.

 

 

 

 

5. An da peche mer de Schniewel mat Scotch an d’Mëtt vun der Mask, do wou mer Plaz fir eis Nues virgesinn hunn.

 

 

 

 

 

 

6. Aus dem Bord (hei agekreest) vum dem selwechten Deel Katrong wéi mer de Schniewel ausgeschnidden hunn, schneide mer véier gläich laang Stecker.

 

 

 

 

 

7. Déi Stécker diebele mer den horizontale Wee esou, datt se liicht no uewe stinn a pechen se mat Scotch iwwer de Lächer fir d’An fest.

 

 

8. Elo komme mer endlech un de Papier Mâché. Ech hu Kichepabeier geholl well et dat eenzegt (vun den uewe genannten Optiounen) war, dat ech doheem hat. Fir d’Mask robust ze maachen an alles (Scotch etc) gutt genuch ze iwwerdecken an ze festegen, hunn ech véier Couche vir an zwou oder dräi hannendrop gepecht.

Et kann een ouni Problemer zwou Couchen an enger Kéier maachen an dann alles duerchgoend dréchene loossen. Och kann een natierlech méi douce Iwwergäng maachen. Ech wollt mengem Villchen hei awer definéiert Aperhoer ginn, fir em (nieft de Faarwen nach) eng Notioun vu Fabelwiesen ze ginn.

 

9. Wann alles dréchen ass, kënne mer eis Faarwen huelen. Ech hunn Acrylfaarf geholl, well se waasserfest ass an d’Mask och e bësse méi resistent géint Fiichtegkeet mëscht (awer grousszügeg opgedroen).

Och hei hunn ech méi Schichte gemaach (zwou pro Säit).

Da komme mer zum Schluss zur Deko. Loosst der Fantasie fräie Laf. 🙂
Meng Mask gouf nach mat e bësse Gold, Glitzer a Fiederen opgepeppt.

 

 

 

10. An domat si mer och schonn um Enn ukomm.
Elo kënt Dir nach e Lastik dru maachen (mat engem Locher sinn ech gutt derduerch komm) a scho steet dem (mikro) Fuesbal doheem näischt méi an de Féiss.

Ausser vläicht déi momentan Pandemie, falls der virgesinn hat Leit anzelueden… Mee dann hu mer jo an dëse modernen Zäiten ëmmer nach Video Konferenzen an der gläichen. Vun dohier, vill Spaass beim nobastelen a bléift all gesond a kreativ! 😀

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.