fbpx

Ravioli am Duett

Ravioli am Duett

Dëse Samschde krute mir Besuch a mir hunn hinnen 2 Zorte selwergemaache Raviolien zerwéiert, eemol mat Fësch an eemol mat Fleesch. Fir déi Zorten z’ënnerscheeden, hunn mir wäissen a rouden Deeg preparéiert. Mir krute vill Luef fir eise Plat an dowéinst duecht ech, ech géing d’Rezept haut mat Iech deelen! 🙂

 

Den Dag virdrun hunn mir alles preparéiert.

Fir den Deeg

  • 400 gr Miel
  • 4 Eeër
  • 1 Prise Salz
  • 3 Iessläffel Olivenueleg
  • 1 gudden Iessläffel Rout Rommels Pudder (fir de rouden Deeg)

Fir d’Fleeschfarce

  • 500 gr Gehacktes (preparéiert)
  • Peffer
  • Majoran
  • 1 Ee
  • Panéiermiel vun alem Brout
  • Paprika
  • Knuewelek an Zwiwwel klenggeschnidden a gedënst
  • Péiterséileg

Fir d’Fëschfarce

  • 300-400 gr Saumon
  • 12-16 Scampi
  • Knuewelek kleng geschnidden
  • 1 klengt Stéck Ingwer kleng geschnidden
  • Alles ubrode mat Salz, Peffer, Fëschgewürz an Zitrounejus (vun enger hallwer Zitroun).

Rezept fir den Deeg

Alles mateneen zu engem Deeg vermëschen an esoulaang kniede bis en esou glat ass wei de „Pupes vun engem Bébé“. Duerno muss den Deeg eng gutt hallef Stonn kill leien a rouen.

Als éischt hunn mir de wäissen Deeg verschafft. Dofir hunn mir ee Stéck geholl a mat der traditioneller Deeg Maschinn Placken ausgerullt. Dëst hunn mir stufeweis gemaach: 1, 4, 7. Mir hunn den Deeg dunn ob eng Ravioliform geluecht.

Rezept vun der Fleeschfarce

D’Farce hunn mir agefëllt an duerno erëm eng Plack Deeg driwwergeluecht. Mat der Deegrull driwerrullen a Ravioli eenzel afréieren. No 10 Minutten an der Truh hunn mir se dunn zesummen an eng Gefréiertuut gemaach, Esou verhënnert een, datt se zesummepechen.

Ob déi selwecht Manéier hunn mir de rouden Deeg verschafft. Do hunn mir eng Fëschfarce gemaach.

Rezept vun der Fëschfarce

Alles e bëssen ofkille loossen a mat 3-4 Iessläffel Frëschkéis a mat 150gr Saumon fumé reng muelen. Dann d’selwecht weiderfuere wéi bei de Fleeschravioli. Elo sinn d’Preparatiounen fäerdeg.

Wann Äre Besuch do, kënnt Dir d’Waasser opsetzen. Esoubal et kacht, e bësse Salz an d’Waasser ginn an déi gefruere Ravioli bäiginn. D’Ravioli mussen esou laang kache gelooss gi bis den Deeg mell ass an och Farce waarm ass. Do muss een heiansdo en Test maachen a mol eng schmaachen. 🙂

Mir hoffen d’Rezept gefält Iech esou gutt wéi eis. Mir wënschen op alle Fall elo schonn ee gudden Appetit.

Tags:
Alex

Alex

Ech sinn den Alex genannt Lex. Ech wunnen am schéine Süden, si 47 Joer al, ee lëschtege Kärel an  all Spaass ze hunn. Ech hunn vu Kand un Sport gemaach, an dat vu Judo, iwwer Boxe bis bei Wing Tsun - eng asiatesche Kampfkonscht. Niewent dem Kampfsport sinn ech och gäre reegelméissege lafe gaangen. Säit e puer Joer elo huet mech d'Wanderféiwer gepaakt an ech huele mat vill Loscht a Spaass un diverse Marchen am In- an Ausland deel. 

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.